My Beauty Spa

An dëser schwéirer Zäit ass Selfcare immens wichteg. Mat eisen Tipps kanns Du dir ganz einfach doheem ee professionelle Soin de Visage maachen…

D’Schéinheet vun eiser Haut fänkt ëmmer domat un, wéi se gefleegt gëtt. Dat richtegt Proppermaachen ass dat Allerwichtegst. Ech weess ech weess, Du hues keng Zäit fir 100 Produkter unzewenden a Stonnelaang virum Spigel ze stoen. Dofir huet NuSkin extra zwee Beauty Geräter op de Marché bruecht, déi einfach unzewende sinn, nik vill Zäit brauchen an ewer effektiv sinn. Den ageLoc LumiSpa an de ageLoc Galvanic Spa. Mat dëse Wonnergeräter gëtt et keng Excuse méi fir seng Haut nik richteg ze fleegen a virun allem fir nach Falen a Pickel ze hunn. Beid Beautymachine si vum Euromonitor zur weltwäiter Nr. 1 am Beräich “Beauty-Geräte-Systeme zur Heimanwendung 2017 und 2018” gekréint ginn a ginn och a Fraemagasinner wéi der “Elle” oder “Cosmopolitan” an den Himmel gelueft.

cialis online mifarmacia24, kamagra 100mg this site

De waasserdichte LumiSpa benotzt ee moies an owes jeeweils zwou Minutte laang fir d’Haut propper ze maache mat engem Activating Cleanser Produit, deen d’Wierkung vum Gerät nach eng Kéier zousätzlech ënnerstëtzt. Den Obsatz aus Silicon kann ee ganz einfach erof huele fir propper ze maachen. Hei bleift och kee Knascht dran hänke wéi bei verschiddene Biischten. Et kritt een och zousätzlech nach en anere speziellen Opsaz den Accent fir eng extra Aaenfleeg mat speziellem Produit. Durch d’Behandlung mam Accent ginn d’Aereefer, Falen an Tréinesäck zréck. Den Bléck gëtt méi oppen.

A wat bewierkt elo d’Benotze vum LumiSpa am grousse Ganzen?

An nëmmen zwou Minutte profitéiert deng Haut vu 7 Beneficer:

Se gëtt grëndlech gerengegt, d’Poren gi verfeinert, d’Haut gëtt méi geschmeideg, se gesäit méi zaart aus, straalt méi, den Hauttoun gëtt méi kloer a gläichméisseg an den Teint gëtt méi frësch.

Wien lo gezielt seng Fale behandelen wëll, dee kann de LumiSpa wonnerbar mam ageLoc Galvanic Spa kombinéieren. De Galvanic Spa verwennt galvanesche Stroum, deen ee meeschtens just a professionelle Beauty Salonen fënnt. Dëst Gerät kënnt mat en puer Opsätz, ee fir d’Gesiicht, ee fir de Kierper a souguer ee fir d’Hoer an d’Kapphaut. De Galvanic Spa strafft d’Gesiicht an de Kierper an d’Hoer kréie méi Volummen an se brieche manner. Och dësen Alleskönner kann ee mat méi Produite benotzen a sou gezielt dat behandele wat ee wëll an dat puermol an der Woch.

Du gesäis, et ass guer nik schlëmm, dass Du nik an däi Beautysalon kanns goen, well Du kanns och doheem no dir kucke well dës Produkter kanns Du ganz einfach um Mimi senger Säit bestellen, hei clicken, kriss als MADI Member souguer nach 20 Prozent an dono alles heem geliwwert. Besser geet et dach nik oder?

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply