Neien Challenge

Déi meescht Leit verbannen den Terme Network Marketing mat Schnéiballsystemer an dubiéise Geschäfter, bei deenen ee sech gär d’Fangere verbrennt. Trotzdem boomt de Marché vun dësen Entreprisen an et bidden sech eng ganz Rei nei Méiglechkeeten, sech all Mound eppes dobäi ze verdéngen. Wéi stinn d’Insider dozou? Mir vu MADI hu mam Pascale Meier geschwat an en Abléck an dës kontrovers Branche kritt.

 

D’Pascale ass Vertriederin vun der Mark Juchheim, déi Beautyproduiten hierstellt. A sengem fréieren Job hat hatt duerch Schichten net wierklech vill Zäit iwwreg fir mat senger Famill ze verbréngen a war dofir un enger Alternativ interesséiert. Lues a lues huet hatt ugefaangen, sech niewebäi duerch d’Juchheim-Produiten en Nieweverdéngscht opzebauen deen em haut erlaabt, eegestänneg a vun doheem aus ze schaffen. Dëst erméiglecht och dat, wat him virdru gefeelt huet – méi e groussen Deel am Liewe vu senge Kanner ze sinn.

 

Nieft dem Virdeel, dass ee seng Zäit selwer andeelen a vun iwwerall aus schaffe kann, hu sech och aner Saachen am Pascale sengem Liewe verännert. D’eegestänneg Kontaktopnam mat Clienten, awer och déi reegelméisseg Live-Videoen bei deenen hatt seng Produiten demonstréiert sinn Elementer, déi hatt sech ni virstelle konnt selwer ze maachen an déi hatt am Ufank vill Iwwerwannung kascht hunn. Mëttlerweil ass hatt awer ganz frou iwwert déi nei Oppenheet déi him dës Iwwerwannung bruecht huet. Wichteg ass awer ze soen, dass een net sollt einfach seng sécher Aarbecht opginn fir bei null mat Juchheim Produiten unzefänken. Besser ass et, sech lues a lues en Zweetverdéngscht opzebaue bis een erkennt, dass de Schrëtt an d’komplett Selbststännegkeet Zukunft huet.

D’Pascale ass sech och der Kontrovers em seng Aarbecht bewosst. Hatt erkläert, dass et effektiv vill schwaarz Schof an der Branche gëtt an dass dëst natierlech seng Konsequenzen op déi Betriber huet, déi sérieux schaffen. Fir hatt ass et wichteg, dass ee säi Produit kenneléiert an och dovun iwwerzeegt ass befir ee sech an d’Selbststännegkeet lancéiert. Aus dësem Grond huet hatt d’Skeptiker am léifsten: si bidden him d’Chance ze weise wat säi Produit kann an net duerch vill Wierder, mee duerch Resultater ze iwwerzeegen. Och den typesche Schnéiball-Finanzsystem gëtt et, esou d’Pascale, bei Juchheim net. Als Beroder muss ee sech net op eege Käschten e Stock uleeën fir dësen da méi deier weiderzeverkafen. D’Produite ginn direkt bei Juchheim zu München bestallt an de Beroder kritt automatesch all Mount seng Kommissioun iwwerwisen. Den eenzegen Investissement ass de “Starter Kit” deen eng Rei Produiten esou wéi e komplette Marketingpackage inklusiv eegener Websäit mat Shop enthält.

Wat de Verdéngscht ugeet hänkt d’Resultat och ganz staark domat zesummen, wéi vill Zäit a Méi een a seng Aarbecht stécht. Aus dësem Grond gesäit d’Pascale keng spezifesch Zilgrupp fir dësen Job. Egal ob een sech doheem em d’Famill këmmert an eng Niewebeschäftegung sicht oder ob een domat well säi Bürosjob ersetzen, et gëtt keng Konditioune ronderëm d’Leeschtung déi ee bréngt. Et kann ee souwuel just eng Stonn den Dag schaffen ewéi och aacht, dat ass ganz engem selwer an den erhofften Zieler iwwerlooss.

 

Trotz der Kontrovers em d’Branche vum Network Marketing schéngt et also Leit ze ginn, déi hir Erfëllung doranner fannen. D’Pascale geet senger Aarbecht mat voller Iwwerzeegung no a fäert keng Kritik. “Alles kann, näischt muss” ass seng Devise, an se schéngt ze klappen. Fir hatt perséinlech huet de Changement vun der Carrière op alle Fall och en immens positive Changement a punkto Liewensqualitéit bruecht.

Wien elo virwëtzeg ginn ass a méi Detailer zum Pascale an zu senger Aarbecht wëll, dee kann op seng Websäit www.inshape.lu luusse goen a vun do aus Kontakt mat him ophuelen.

 

Text a Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply