Paradäisinsel

U paradisu – dat trëfft et zimmlech op de Punkt, wann ee vu Korsika schwätzt. D’Insel am Mëttelmier gehéiert zwar offiziell zu Frankräich, ma wien seng Zéiwe schonn eng Kéier an de Sand vun der Ile de la Beauté gestreckt huet, dee weess, dass d’Plagen hei och grad esou gutt kéinten an der Karibik leien. Verstoppte wäiss Stränn, turquoiset Waasser a Sonnenënnergäng wéi aus dem Film, alles dat fënnt een no nëmme knapp zwou Stonne Vol. Ma Korsika huet awer vill méi ze bidden, wéi just Plaze fir schéi brong ze ginn. Bekannt fir säi ganz spezielle Maquis, deen sech iwwer d’ganz Insel erstreckt an der korsescher Flora de gewëssenen Touch gëtt, ass d’Mëttelmierinsel wuertwiertlech e klengt Paradäis. D’faarweg Hafestied am Norde sinn typesch Zeie vu mediterraner Architektur, d’gekréngelt Stroosse laanscht d’Westküst erënneren un en Drive duerch de kalifornesche Big Sur an déi verwuchert Bëschlandschaften am Zentrum vun der Insel kéinten ee glat menge loossen, et wier een iergendwou am Dschungel. Wéi gesot – e klengt Paradäis eben.

Wien Korsika entdecke wëll, deen dierf net knéckeg sinn, well Insel bedeit och ëmmer gehuewe Präisser. Ma all Cent ass et awer wäert, well nieft dem ganz speziellen Nationalstolz vun de Korsen ass och d’Natur op der Insel eppes, wat ee soss éischter seele gesäit. Zwou Wochen – esou vill Zäit sollt een aplangen, wann een déi vill Facette vu Korsika och wierklech all kenneléiere wëllt. Dobäi steet d’Haaptstad Ajaccio bei dësem Trip net um Programm; déi richteg Must-see-places fënnt een nämlech do, wou keng 50 Croisièresschëffer den Dag hiren Anker werfen. Start vun der Rees ass zu Bastia, wou ee vun de véier Flughäfe läit, déi vun internationalen Airlines ugeflu ginn. Fir d’Hafestad mam italieneschen Touch ze erkunden, geet een Dag duer, dono ass ee genuch akklimatiséiert, fir den Trip am Mëttelmier kënnen unzegoen.

Italienesch ass hei e gutt Stéchwuert, well wien den eenheemesche Korsen nolauschtert, dee mierkt schnell: hei gëtt kee richtegt Franséisch geschwat. „Bonghjornu!“, „Va Bè?“ a „Grazie“ sinn nëmmen e puer vun den Expressiounen, déi een an der Sprooch vun der Insel ze héiere kritt (an déi drop hindeiten, wou de Korsen hir Sympathië leien).

Mee zréck zum Vakanzeplang.

Den zweete „Stopp“ am Programm ass de faméise Cap Corse, also déi nërdlechst Spëtzt vun der Insel. Hei kann ee ganz easy mam Auto vun Duerf zu Duerf fueren, virun allem Centuri mat senge pastellfaarwegen Haiser, Macinaggio mat senger wonnerschéiner Plage Tamarone a Sisco (onbedéngt am Restaurant A Casaiola e Maufel huelen!) sinn derwäert ze gesinn. Schlofe kann een heifir eng bis zwou Nueten zu Erbalunga, wou een owes d’Zéiwen (bal) an d’Salzwaasser ënnert dem Dësch vum Restaurant Le Pirate strécke kann. Vun hei aus geet et weider a Richtung Westen op Saint-Florent. Och hei sollt een zwou Nuete mat aplangen, well d’Stad un der Küst ass net just den direkte Startpunkt fir op déi schéinste Plage vu ganz Korsika (kee Witz) ze kommen, mee och de Must fir all passionéierten Hiker. Op der Plage virum Hotel La Roya geet nämlech en Deel vum sougenannte Sentier des Douaniers oder du Littoral lass, dee sech quasi laanscht déi ganz Küst vun der Insel zitt. Den Trëppelwee féiert esouwuel duerch den Désert des Agriates, wéi och laanscht déi uewegenannte Plage: Saleccia. Ma keng Angscht: och Wandermuffel mussen net op déi wansinneg schéi Vue vun dësem Bijou verzichten a kënnen sech ganz einfach mam Boot op der Plage ofsetze loossen. Nom Dag an der Sonn feelt da just nach eppes, fir den Owend auskléngen ze loossen: eng gutt Portioun Moulen am Stadkär. Heifir léisst sech virun allem de Restaurant Le Petit Caporal oder La Gaffe recommandéieren, wien et awer gär méi cosy an ofgeleeën hätt, dee ka säi Gléck versichen an am Hannerhaff vum Restaurant L’Arrière Cour en Dësch ergatteren.

No zwou Nuete geet et da weider op L’Île-Rousse. Och hei waarde schéi Plagen op d’Touristen, eise perséinleche Favorit ass Lozari, wou een am Café Vava’U Chez Taté déi eng oder aner korsesch Spezialitéit ze schmaache kritt. Dat nächst Highlight waart awer an de Calanches de Piana. Wien en route nach ë bëssen Action brauch, dee kann um Wee fir dohin zu Calvi e klengen Tëschestopp aleeën a bis bei d’Kapell Notre-Dame-de-la-Serra hiken – d’Vue vum Hiwwel iwwer d’Stad aus ass fantastesch! Ma och wien einfach just gemittlech mam Auto bis op Piana fiert, kënnt op säi Goût. Well wien schonn ëmmer eng Kéier den Highway 101 erop duerch Kalifornien cruise wollt mee leider nach keng Zäit (oder Suen) fir den Trip iwwer den Ozean hat, dee gëtt zu Korsika fündeg: déi rout Fielswänn a Kéiere laanscht d’Küst kënnen sech locker mam Big Sur moossen an si besonnesch an der Golden Hour e Must-see. Zu Piana selwer empfeele mir och erëm zwou Nueten. Vun hei aus kann een nämlech eng ganz Rëtsch un Aktivitéite maachen: Bootstrip op d’Hallefinsel La Scandola, déi zum UNESCO-Weltierwe gehéiert, Dagestrip op Cargèse, Plagendag zu Ficaghjola, an an an. Eng Plaz déi een op kee Fall mëssen dierf ass de Café de la Plage op der Plage d’Arone. Heifir muss een zwar eng relativ laang Autosfaart am Däischteren iwwert sech ergoe loossen, mee d’Iessen an d’Atmosphär owes am Restaurant direkt um Mir sinn einfach onbezuelbar.

Klengen Tipp: Méckespray net vergiessen, well nuets beim Waasser naschelen déi lästeg Moustiquen extra gär.

De nächste Stopp vum Trip ass Porto. Och hei ass eng Bootstour en absolutte Must fir d’Grotte vum Capo Rosso ze bestaunen a virun allem Schwammen an der Fielsbucht mam (net iwwerdriwwene) Numm Porte du Paradäis op der To-do-Lëscht ofzehaken. Dat wat awer elo kënnt ass definitiv och eng Erfarung, déi ee warscheinlech net esou séier nees wäert maachen. An de Gorges de Spelunca – déi selwer schonn den absolutte Wow-Effekt ausléisen – leien, an elo kënnt et: hallefwëll Schwäin, direkt op der Strooss. Egal op Vëlosfuerer, Bouf vu fënnef Joer oder Hardcore Biker – hei bleift jidderee stoe fir dem Charme vun de Passante mam Kréngelschwanz ze verfalen. Selfie inclus! Ma och e Stéck weider an der Forêt d’Aïtone gëtt et esou Munches ze knipsen. Hei am beschten zu Evisa parken an de Schëlder nogoe bis bei d’Waasserfäll an natierlech Swimming Pools vun der Ëmgéigend.

Fir de nächsten Deel vun der Streck geet et weider an d’Land eran, a Richtung Corte. Matzen an de Gorges de la Restonica läit dëst aalt Stiedche mat senger Zitadell uewen um Hiwwel, déi scho vu Wäitem no Ropwandere rifft. No enger Nuet hei féiert de Wee dann d’Ostküst erof. Porto Vecchio ass – wéi de Numm et scho verréit – eng al Hafestad déi aner Säit vu Korsika, déi och eng Hellewull u schéine Plazen ze bidden huet. Virun allem d’Plagë Palombaggia a Cala Rossa lueden op eng Ronn Sonnen an, am Restaurant Costa Marina ë bëssen ausserhalb vum Stadzentrum dierf een sech da virum Schlofegoen nach eng gutt Pizza schmaache loossen. Vun hei aus lount et sech, en Dagestrip op San-Gavino-di-Carbini ze maachen, wou ee bei d’Cascade vu Piscia di Ghjaddu wandere kann.

Duerno komme mir un de leschten Deel vun eisem Koriska-Tripp. Hei ass den éischte Stopp déi bekannte Südspëtzt vun der Insel: Bonifacio. D’Stiedche verdeelt sech op verschidden Niveauen an huet méi wéi eng schéi Vue op Lager. Mam Boot kënnt een e gutt Stéck laanscht déi héisch Fielsmauere vu Bonifacio, an déi déi berüümt 187 Träppleker vun der Escalier du Roi d’Aragon geschloe sinn. Des kann een natierlech och selwer zu Fouss erofgoen, but beware – bei vill Wand ass d’Trap nawell glëtscheg an de Wee no ënnen och net grad ohne. Mam Waassertaxi kënnt een donieft awer och bei d’Îles Lavezzi, eng Inselgrupp vu ronn 100 klengen Inselen, déi zum Naturschutzgebitt vun de Bouches de Bonifacio gehéieren. Betrieden dierf een hei allerdéngs just d’Insele Lavezzi, Cavallo a Piana, mee och vum Mir aus sinn déi fielseg Landstécker en Ubléck wäert.

Leschte Stopp vum Trip ass Propriano, erëm e Stéck erop un der Westküst. Ier een sech awer dem Schluss vun der Vakanz bewosst gëtt, dierf een nach eng Kéier den typesche Geroch vum korsesche Marquis genéissen, wärend een duerch d’Sartène fiert. En Insider-Tipp virun allem fir jonk (oder eeler) Verléifter ass de Restaurant vun der Auberge U Sirenu. Hei kritt een net nëmmen hausgemaache Likeuren ze schmaachen an eng Kotlett déi engem d’Waasser am Mond zesummelafe léisst, ma d’Atmosphär ënnert dem verwucherten Daach vum Gaart ass einfach fir ze schmëlze – Romantik puer!

Zu Propriano ukomm kann een seng läscht Deeg op der Plage genéissen, ier een nach séier e puer Souvenire fir d’Famill an enger vun de ville léiwe Boutique raussicht an de Wee Richtung Flughafen untrëtt. Besonnesch schéin a roueg läit een ë bëssen ausserhalb vum Hafen op der Plage du Baracci Olmeto. An der klenger Bucht ass d’Welt definitiv nach an der Rei an et kann een sech gemittlech am Pneu vun de Wellen hin an hir schaukele loossen. De finale gudde Maufel vum Korsika-Trip fënnt een op der Promenade an der klenger Epicerie Tempi Fà.

A spéitstens wann ee mat engem vun de frëndleche Garçons hei schwätzt (Frëndlechkeet gëtt bei de Korse leider net iwwerall grouss geschriwwen, mee wat soll et!), gëtt engem kloer: Korsika ass ewéi keng aner Plaz a Frankräich a wien bis eng Kéier seng Féiss op de Buedem vun der “schéiner Insel” gesat huet, dee kënnt och garantéiert nach eng Kéier zréck.

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply