Pimp me up

Fettofsaugung, Nuesekorrektur, Gesiichtsrekonstruktioun, Asetze vun Implantater, Lifting –  et gi vill Beräicher, an deene plastesch Chirurgie zum Asaz kënnt. An och d‘Grënn fir en Agrëff beim Schéinheetsdokter sinn esou ënnerschiddlech, wéi d’Leit déi dohi ginn. Souguer jonk Fraen a Meedercher, decidéieren sech, hiert Gléck an d’Hänn vum Dr. Beauty ze leeën.

De Klassiker ass wuel d’Broschtvergréisserung. Wien kennt et net? Wann an der Pubertéit d’Broscht ufänkt mat wuessen an ee fir d’éischte Kéier an den Ënnerwäsch-Rayon vun H&M dierf, dann ass d’Freed meeschtens risegrouss. Bleift de Wuesstem vun der Uewerweit awer aus oder stagnéiert no kuerzer Zäit, kann dat fir vill jonk Meedercher eng Belaaschtung ginn. Zum „small tits club“ gehéiert och d’Carole. Oder besser gesot: huet hatt gehéiert. Scho fréi fänkt hatt un, ënner senger klenger Kierfchegréisst ze leiden. Remarke vum Brudder a Matschüler maachen d’Saach net besser. D’Carole weess: hatt wëll méi! Ma well déi jonk Fra awer e Kannerwonsch huet an eng eng Broscht wärend der Schwangerschaft immens leide kann, léisst hatt sech Zäit mam Gang bei den Dokter. Am Februar decidéiert hatt sech, no der Gebuert vu sengen zwee Klenge mat 34 endlech eppes ze ënnerhuelen.

 „Ech hu gefillt dräi Éiwegkeete geniert a meng Broscht war duerno staark deforméiert“, esou déi jonk Mamm.

D’Virfreed op den Agrëff ass bal net auszehalen, scho säi ganzt Liewe waart d’Carole op dëse Moment. No annerhallwer Stonn ass d’Wierk vollbruecht: op deenen zwou Säiten huet dat 34-Järegt elo 365 Gramm méi. Aus engem klenge B gëtt e gudden C. “Ech krut d’Implantater virun de Muskel gesat. De Virdeel dobäi ass, dass et net wierklech wéi deet.” Dräi Woche laang bleift d’Resultat zougepecht an d’Carole muss seng nei Brëscht mat engem Gurt ee Mount laang an déi richteg Positioun drécken. Duerno ass näischt méi wéi virdrun. Dat éischt wat d’Carole mécht, ass e Shopping am Wäert vun 200 Euro an engem speziellen Dessous-Geschäft.

“Ech kann elo endlech déi Soutiene kafen, déi mir gefalen a fille mech einfach vill méi weiblech a schéin.“

Et gëtt awer och dat anert Extrem. „Boah, wat huet hatt Klätz“ – dee Saz huet d’Maïté wuel méi wéi genuch a sengem Liewen héieren. Als Never-Ending-Story bezeechent hatt dat, wat am 5. Schouljoer lassgaangen an hatt vill Jore schwéier belaascht huet. Wuertwiertlech. Schonn als ganz jonken Teenager fänkt d’Maïté un, lues awer sécher eng Broscht ze kréien. Ma leider net op normal Aart a Weis. Als „explodéiert“ bezeechent d’Maïté seng Uewerweit, déi schonn no Kuerzem un d’Kierfchegréisst H grenzt. „Ech ka mech eigentlech u keng Zäit erënneren, wou ech manner wéi en C-Körbchen hat“, esou dat 23-Järegt. Ënnerwäsch kafen ass fir hatt a seng Mamm e Kampf, bal an all Buttek setzt d’Maïté iergendwann an der Kabinn ze kräischen.

„Ech misst ëmmer an d’Bomenabteilung goen. Op all BH war e Sticker mat ‚für extra große Größen‘ a bei Sport-Soutienen ass guer näischt gaangen.“

Och Bikinie fënnt d’Maïté quasi ni – virun allem, well Mix&Match deen Ament nach kee Begrëff zu Lëtzebuerg ass. Am onangenehmsten si fir hatt awer d’Blécker a Remarke vun aneren. Ma des si mol net ëmmer just negativ, vill Meedercher beneiden d’Maïté em säin Decolleté, mee hatt selwer kann dat ni esou gesinn. „Ech war ëmmer immens kleng an zierlech, mee déi riise Broscht huet mech total disproportionéiert wierke gelooss.“

Op d’Iddi fir eng Operatioun kennt fir d’éischt dem Maïté seng Mamm, mee eréischt wou och de Gyneko eng Broschtverklengerung proposéiert, fänkt d’Schülerin un e klenge Liichtbléck ze gesinn. „Ech hunn ëmmer déi Meedercher mat klenge Brëscht bewonnert, dat hätt bei mir alles vill méi einfach gemaach.“ Mee eng Schéinheets-OP mat 16, geet dat iwwerhaapt? Jo, wann se aus gesondheetleche Grënn gemaach gëtt. An dëst ass beim Maïté och ganz kloer de Fall, well seng Uewerweit net nëmmen optesch einfach too much ass, mee och säi Réck d’Gewiicht vum H-Kierfchen net packt.

No enger éischter gescheiterter Ufro bei der Krankekeess gëtt seng Operatioun schlussendlech accordéiert an de 14. August 2013 ass et esou wäit. „Ech wollt et an der Summervakanz maachen, virun 3ème. Da géif meng nei Klass d’Verännerung vläicht net direkt bemierken.“ No knapp dräi an eng hallef Stonn huet dem Maïté seng Broscht just nach d’Gréisst vun engem gudden C. Ma seng Freed kritt awer direkt emol e klengen Dämpfer: „No der OP ass d’Infirmière komm fir mir an der Buedzëmmer beim Wäschen ze hëllefen. Si huet mir zwar alles erkläert, dass dat elo nach vill geschwolle wier an d’Wonn net esou schéin, mee wou ech mech bis am Spigel gesinn hunn, war dat fir mech deen allerschlëmmste Moment.“ Ma de Schock ass awer just vu kuerzer Dauer an haut weess d’Maïté, dass hatt mat 16 einfach nach net räif genuch war, fir dee ganze Prozess vun der Verklengerung wierklech ze verstoen.

Bereie mécht hatt seng Decisioun awer op kee Fall, au contraire: „Ech krut insgesamt em 800 Gramm ewechgeholl. Dat war schonn net grad näischt. Virun allem beim Sport hunn ech e riisen Ënnerscheed gemierkt. No der OP hunn ech Ballet am Conservatoire ugefaangen, dat hätt ech mech virdrun ni getraut.” Natierlech war an ass d’Maïté sech de Risike vun esou engem Agrëff bewosst, mee fir hatt waren se derwäert a Kaf ze huelen:

„Meng Broscht war mat 16 nach net komplett ausgewuess, et hätt also kënnen erëmkommen. Mee ni méi esou schlëmm wéi fréier. Wat ech awer wichteg fannen ze soen, ass dass et no esou enger Operatioun just eng kleng Chance gëtt, duerno nach nieren ze kënnen. Dat war scho krass, esou jonk dee Choix mussen ze treffen. Dat anert ass, dass ech kee Gefill méi an der Regioun vum Nippel hunn. Deen huet och missen nei platzéiert ginn an ass elo wéi ageschlof. Dat war mir awer zu dem Zäitpunkt egal, ech hat souwisou kee Kolleg an alles anescht war mir einfach méi wichteg.“

Ze gesinn ass haut nach eng minimal Narb an T-Form, ma dem Maïté säi Liewen huet sech em 180 Grad verännert. „Et ass kee Geheimnis, dass ech eng kromm Nues hunn, mee dat huet mech ni gestéiert. Mee fréier hunn ech mech ee vun 100 Deeg gutt fonnt, elo fillen ech mech 99 Prozent vun der Zäit wuel a mengem Kierper an déi ee Prozent fannen ech meng Broscht nach ëmmer ze deck. Mee dat ass am Beräich vum Normalen, dat war virdrun net de Fall.” Gewuess ass seng Broscht nom Agrëff erëm e bëssen, mee mam C/D deen dat 23-Järegt haut huet, kann hatt awer gutt liewen. Ni méi d’Broscht op d‘Pult leeën, well se beim Prüfunge schreiwen net virun den Dësch passt. Ni méi zwee Soutienen iwwerteneen undoen, fir beim Sport iwwerhaapt kënnen ouni Péng matzemaachen. Ni méi dat Gefill vun do ass eppes net wéi et soll sinn. Wann dat kee Grond ass fir „happy, happy“ ze sinn, da weess d’Maïté et och net: “Ech sinn elo am rénge mat mir an dat ass fir mech dat Allerwichtegst.“

 

Richteg frou mat sengem Ausgesinn ass och d’Betty elo. Virun annerhallwem Joer huet d’Studentin ugefaangen, sech Botox an d’Stir an Hyaluron an d’Lëpse sprëtzen ze loossen. Eppes, wat een an esou engem jonken Alter hei am Land éischter seelen héiert. Ma de Wonsch no enger méi glater Stir hat dat 23-Järegt schonn am Lycée: „Dat huet bei mir super fréi ugefaangen, mat 14 oder 15 wou ech déi éischt Kéier Pudder a Foundation benotzt hunn. Ech hat schonn ëmmer extrem staark Mimiksfalen op der Stir an d’Schmink ass da wärend dem Dag dodra gelaf.“ Wat fir anerer wahrscheinlech wéi eng Lappalie klengt, stéiert d’Betty extrem. De Choix ass also schnell getraff: als Erwuessene wëll hatt do eppes ännere loossen.

De richtegen Déclic kënnt awer eréischt wärend sengem Studium, wéi d’Betty verréit: „Meng Stir wollt ech definitiv schonn ëmmer maache loossen, bei de Lëpse muss ech soen, dass dat effektiv och e bësse mat der Moud zesummenhänkt.“ Moud, Fashion, Design – dat ass dee Milieu an deem d’Betty sech zu Münche beweegt. „Wann een dat weess plus de Fakt kuckt, a wéi enger Stad ech studéieren an dann nach d’Tatsaach, dass et eng Privatuni ass, da kann een sech schnell ausmole wéi déi Meedercher ausgesinn, déi do studéieren.“

Vill Suen, vill Wäert op Ästhetik a virun allem: vill plastesch Chirurgie. Tëscht all de jonke Fraen, déi schonn eppes un hirem Gesiicht oder Kierper maache gelooss hunn, huet d’Betty d’Gefill opzefalen: „Dann ass een d’Ausnam an der Klass an et entsteet schonn iergendwou e gewëssenen Drock.“

Ma trotzdeem kënnt de Wonsch no Verännerung awer vun him: „Ech hu wierklech laang mam Gedanke gespillt, ier ech mech definitiv decidéiert hunn. Am Ufank hunn ech meng Lëpsen ëmmer mam Lëppestëft iwwermoolt, fir se méi déck ausgesinn ze loossen. Mee dat war op laang Weil awer net dat Richtegt.“

Informéiert huet d’Betty sech doropshi fir d’éischt bei engem Schéinheetschirurg zu Lëtzebuerg, duerno zu München. Hei léisst hatt dunn och den éischten Agrëff maachen a seng Lëpse mat Hyaluron opfëllen. Beim zweete Rendezvous kënnt d’Stir an d’Zornisfal dobäi, des gestrafft duerch Botox. Vun elo un muss d‘Betty all sechs Méint zréck bei den Dokter, fir den Effekt erneieren ze loossen. „Dat hänkt natierlech dovun of, wéi gutt een sech drëms këmmert. De Virdeel bei Hyaluron ass, dass et sech mat Waasser bënnt, dat heescht wat ee méi drénkt, wat d’Lëpse méi laang voll bleiwen”, erkläert d’Studentin. Un de Botox muss sech d’Gesiicht fir d’éischt gewinnen, well dëse gëtt am Ufank als Friemkierper ofgestouss. „Béides gëtt ambulant gemaach. Fir d’Lëpse kann een sech e Déidungsmëttel froen, mee se dinn awer relativ vill wéi. D’Haut gëtt immens gespaant, an d’Lëpse sinn net dru gewinnt, esou duerch en agesprëtzte Produit opgeplustert ze ginn. Och dono dierf een dräi Deeg laang kee Fleegeproduit benotzen, dat ass da bal wéi am Wanter wann d’Lëpsen immens dréche sinn an opbaschten, mee een se wéinst den Astéchwonnen net crèmen dierf. Et muss een se nom Agrëff och eng Woch laang fest masséieren, fir dass de Produit sech verdeelt a keng Knuppe billt. Dat deet wierklech net gutt.“

D’Asprëtze vum Botox beschreift hatt als „bal ze einfach“: an de Cabinet eran, zwou Minutte gepickt ginn, an erëm eraus. Et c’est tout. D’Resultat gesäit ee bei béidem eréischt no enger Woch, ma dann ass den Effekt fir hatt awer markant:

„Mäi Selbstwäertgefill ass doduerch geskyrocketed. Duerch de Botox fillen ech mech net méi esou onsécher, mee och owes um sechs nach wuel a menger Haut. D’Lëpsen hu mir nach en zousätzleche Selbstbewosstsinnsschub ginn. Virdru waren se schmuel, mee ech hat awer eigentlech ni e konkrete Problem domat. Duerch d’Vergréisserung fannen ech mech awer elo nach méi flott a wann ech an de Spigel kucken, denken ech, dass ech wierklech e schéint Meedche sinn. Dat war virdrun ni de Fall.“

E wierkleche Risiko gëtt et bei den Agrëffer ausser Schwellungen oder blo Plazen net, ma et kéint awer mol sinn, dass ee besonnesch als jonkt Meedche süchteg no Botox a Co. gëtt. „Et ass bal ze einfach. Wann ee wëll schlank sinn, da muss ee Sport maan an op seng Ernierung oppassen. An och bei anere Saache muss ee Sacrificer maachen, dat ass heibäi net de Fall.“ Dat eenzegt, wat ee fir déi „perfekt“ Gesiichtsforme brauch, si Suen. Dem Betty ass dëst Suchtpotenzial bewosst, dofir réit hatt aneren, sech esou Agrëffer gutt ze iwwerleeën: „Et soll een sech net direkt beim éischte Flipp Nolen an d’Gesiit sprëtze loossen, mee fir d’éischt emol een zwee Joer laang aner Methode probéieren. Wann een sech dann awer nach ëmmer sécher ass, da soll een e gescheiten Dokter sichen a léiwer e bësse méi ausginn, fir dass et och anstänneg gemaach gëtt.“

Selwer bereit d’Betty seng Decisioun kee Meter, och wann se hei zu Lëtzebuerg vläicht skurril wierke kéint: „Um Enn vum Dag kascht dat Ganzt zwar vill Geld, mee dat ass just Pabeier. A wann een sech mat e puer Schäiner esou vill méi Selbstwäertgefill kafe kann, firwat net. More power to you, go for it. Well besonnesch als jonkt Meedche schued et dach eigentlech net, e bësse Selbstbewosstsinn ze hunn.“

 

Laura Tomassini

 

NB: Mir vu MADI fannen, dass een sech sou soll akzeptéieren an een sech sou soll gär hunn wéi een ass. Meeschtens wann een nämlech frou mat sech ass, brauch een dono keng OP méi. Mee mir verstinn ewer och wann een sech aus gesondheetleche Grënn muss operéiere loossen oder een eppes maache léist, wann een sech wéinst eppes wierklech guer nik wuelfillt. Schlussendlech muss jiddereen do fir sech selwer decidéieren.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply