Power Girls

Kennst du dat Gefill wann s de owes nom Restaurant oder Disco eleng bei den Auto gees an du dech nik gutt fills, nik sécher? Genau dat Gefill kennen ech och gutt. Et ass ellen! Et héiert een ëmmer méi dacks vun Iwwerfäll an als Fra fäert een zousätzlech och nach vergewaltegt ze ginn…

Mee wat kann ee géint dat Gefill maachen? Nik méi ënnert Leit goen ass keng Optioun. Wéi kann een sech da soss méi sécher spieren? Ech wëll mech méi selbstbewosst fillen a mech am Noutfall och verdeedege kënnen. Ech recherchéieren am Internet a fannen de Krav Maga Center zu Bäreldeng. Si bidde Selfdefense Couren un a souguer en Workshop extra just fir Fraen. Dat kléngt genau no dem wat ech fir mech gesicht hunn. Ech melle mech do un.

Et ass Sonndegmoien an de Krav Maga Center ass voller Frae wéi ech ukommen. Frae vun all Alter, grouss, kleng, déck an dënn. Ëm déi 50 Fraen hunn sech fir dëse Workshop ugemellt, wat jo kloer weist, dass der vill sech genau esou fille wéi ech mech.

D’Jenny Carat wat déi schwaarz Ceinture am Krav Maga besëtzt, leet de Workshop. Hatt huet zesumme mat sengem Partner dem Marc Stoltz de Krav Maga Center zu Bäreldeng opgebaut. Mee wat ass Krav Maga iwwerhaapt? Et handelt sech em eng Selbstverteidegungstechnik déi aus Israel kënnt a vu verschiddene Policeunitéiten op der ganzer Welt ugewannt gëtt.

De Cours start mat Opwiermübungen. Dono sicht jiddereen sech en Partner a mir fänke mat einfache „Moves“ un, wéi zum Beispill probéiere mir eise Partner op der Schëller oder um Knéi unzepaken, d’Partner ginn ëmmer erëm gewiesselt. No an no huet ee manner Hemmungen déi aner Persounen unzepaken an et mëscht Spaass.

Dono erkläert d’Jenny all Übung genau déi mir mat engem Partner dann nomaachen an üben, üben üben. D’Jenny a seng Equipe kommen dotëscht kucken ob mir déi verschidden Übunge richteg maachen a weisen déi verschidden Techniken nach eng Kéier wann een sech nik sécher ass.

Meng Nopesch an ech hunn eis virdrun nik kann, ma no kuerzer Zäit versti mir eis blendend. Mir pushen eis géigesäiteg an erklären eis déi verschidde Beweegungen.

No an no ginn ech a mengem Handele méi sécher. Ech muss nik méi dauernd nodenke wat ech mat de Been a wat ech mat den Hänn soll maachen. Et geet bemol automatesch.

Zum Schluss gi mir all nach Kéier alles…ganz nom Motto, dass een nimools opgëtt a mir béissen op d’Zänn. Jidderee mëscht a sengem Tempo, ma de Cours ass ustrengend, et beweegt een sech vill. En gudden Training also nieft dem Effekt, dass een sech selwer verdeedege léiert.

Zum Schluss huet d’Jenny nach eng Iwwerraschung fir eis. Säin Team inzenéiert Situatiounen an där mir eis wéi an der Realitéit verteidege mussen. Hei hunn mir elo keng Zäit méi nozedenken a mir handelen intuitiv. Mir si virun allem geléiert ginn, sech ze verteidege wann een ugegraff gëtt an da fortzelafen an dat klappt souguer ganz gutt.

Déi Grëffer a „Moves“ déi mir geléiert goufe sinn hänke bliwwen, nik sou perfekt wéi am Training mee mir kréien eis all verdeedegt.

De Cours huet mir gehollef mech selwer besser kennenzeléieren, ech hunn vill méi Kraft wéi ech gemengt hat. Ech sinn och méi selbstbewosst gi well ech elo weess, wat a mir stécht. Mat deem wat ech geléiert hunn, kann ech mech verdeedegen, ech spiere mech zanter hier méi sécher. An ech hunn nieft engem Muskelkater och nach puer nei Bekanntschaften am Gepäck mat Heem geholl.

Fir déi verschidden Techniken ze verdéiwe bitt de Krav Maga Center nach eng Erweiderung zu dem Workshop un, verschidde Krav Maga Coure just fir Fraen. Ech ka jidderengem deen sech owes nik sécher fillt sou en Cours nëmme wärmstens recommandéieren. Dir spiert iech besser dono. Versprach!

 

Mady Lutgen

Fotoen: Floriano Cardosi, Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply