Raus aus der Comfort Zone

Déi meescht kleng Meedercher wëlle Prinzessin ginn, dat war fir d’Jenny Carat ewer ni eng Optioun. Fir hatt stoung ëmmer fest, Polizistin ze ginn. Haut leed hatt mat sengem Partner Marc Stoltz de Krav Maga Center zu Bäreldeng. Eng Successstory vun enger Fra, déi hiren Dram lieft.

No der 11ième huet de Härebierg d’Jenny geruff an hat ass dem Ruff gefollegt fir sengem Ziel, Polizistin ze ginn, méi no ze kommen. „Um Bierg sinn ech geléiert ginn, meng Comfort Zone ze verloossen“, erkläert déi 36 Joer al Fra. Eng Léier déi him bei villen Etappe vu sengem Liewe scho gehollef huet.

Ma dës Zäit huet d’Jennifer bis haut gepräägt:

„Et war eng haart Zäit, déi ech awer op kee Fall wéilt mëssen. Mir hunn missen un eis Grenze goen. Mir kruten Teamgeescht an Zesummenhalt bäibruecht. Mir goufen ofgehäert a sinn un eis Grenze gaangen“.

En einfache Wee ze goen, koum fir d’Jenny ni a Fro. Déi onangeneem Zäiten hunn hatt nämlech zu där selbstbewosster a staarker Fra gemaach, déi hatt haut ass.

No dem Bierg ass d’Jenny an d’Police gaangen, wou hatt och säin aktuelle Liewens- a Businesspartner Marc Stoltz kennegeléiert huet, deen hatt mat sengem Faibel fir Kampfsportaarten ugestach huet. An och wärend dëser Zäit huet hatt missen u seng Grenze goen:

„Wärend där Zäit als Polizistin hunn ech meng éischt Läich gesinn. Ech hunn och mol misse meng Waff eraushuelen a prekäre Situatiounen“.

Ma säi Liewensmotto „ni opzeginn“ huet et och duerch dës schwiereg Phase bruecht, déi hatt nëmmen nach méi staark gemaach hunn an et geléiert huet, sech duerchzesetzen.

Duerch säi Partner Marc ass d’Jenny op de Goût vum Kampfsport komm, wat fir eng Fra zimmlech aussergewéinlech ass. D’Jenny huet sech souguer zur Trainerin ausbilde gelooss. De Krav Maga Center huet seng Dieren am Dezember 2012 opgemaach. Fir d’éischt huet d’Jenny en Congé Sans Solde geholl fir dem Marc mam Center ënner d’Ärem ze gräifen, bis et schlussendlech haut mat him zesummen de Business an en ganzt Team leed. De Krav Maga Center ass wéi eng grouss Famill, et fillt een sech direkt wuel wann een erakënnt an dat mécht wuel hire grousse Succès aus.

D’Jenny bereit kee vu senge Schrëtt:

„Heiansdo vermëssen ech den Adrenalinkick, deen ech als Polizistin heiansdo gespiert hunn. Mee ech géing alles genau sou nach eng Kéier maachen“.

Soubal een de Krav Maga Center betrëtt an een d’Jenny gesäit, weess een direkt, dass hatt säin Dram lieft a richteg frou ass mat dem wat hatt mécht, och wann et mol Hürde ginn:

„Am Ufank hunn verschidde Clients mech als Trainerin net fir voll geholl well een am Kampfsport wuel méi op Männer als Trainer trëfft. Ech hunn mäi Könne méi misse beweisen. Mëttlerweil ass dat awer keen Thema méi“.

De Marc an d’Jenny, ergänzen sech als Cheffe perfekt. De Marc ass méi Léisungsorientéiert woubäi d’Jenny méi de sozialen Aspekt verfollegt a virun allem dann agräift wann et mol Problemer am Team gëtt.

Gutt dass d’Jenny keng Prinzessin wollt ginn an haut fir vill Fraen en Virbild ass an deems et aus schwéiren Phasen geléiert huet, méi staark ginn ass an dodurch elo säin Dram liewen kann. Ma seng Geschicht ass nach nik färdeg. D’Koppel huet an Zukunft nach vill aner Iddien a Pläng op déi mir eis kënne freeën.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply