Sex ABC

Sex, Léift, Gender, Sozial Medien – alles Themen, déi am Alldag ëmmer erëm optauchen, virun allem an der Pubertéit awer oft fir Kappzerbrieches suergen. Well wou gees de hin, wann deng bescht Frëndin mol eng Kéier kee clevere Rot weess an de berüümten Doktor Sommer aus der Bravo iergendwéi säit den 2000er net méi ëmmer déi zouverlässegste Quell ass? Säit Kuerzem gëtt et genau heifir eng nei Ulafstell am Land, an zwar den Insta-Account vum Planning Familial 

Wien am Lycée war, dee kennt deen een Dag iergendwann op 6ième, wann et heescht: haut gëtt iwwer Sex geschwat! Mat vill Geschmunzels, deem engen oder anere raue Sproch, mee virun allem mat vill Interessi a Virwëtz gëtt d’ESA-Ekipp („éducation sexuelle et affective“) an der Schoul empfaangen a mat Froe bombardéiert, déi een sech als Teenager vläicht soss net getraut hätt ze stellen. „Mir maachen Opklärungsaarbecht an de Klassen, wou déi Jugendlech alles dat dierfen uschwätzen, wat si beschäftegt, ouni Presenz vum Enseignant an ouni jugéiert ze ginn an sech dofir mussen ze schummen“, erkläert d’Sandra Michely.

Zesumme mam Sandy Lorente, dem Miguel Dias an dem Joyce Ittenbach gehéiert d’Sandra zu den ESA-Chargéë këmmert sech ëm de Berodungsservice am Educatiounsberäich. D’Themefelder, déi mat de Schüler ugeschwat an ausgeschafft ginn, si breet gefächert, well an der Pubertéit huet ee Froen en masse, an dat net nëmmen zu Sexualitéit. „Mir diskutéieren iwwer d’Changementer vum Kierper an deem Alter, sexuell Orientéierung, Libeskommer, Verhütung an an an. Mir kucke mat deene Jonken, wat si interesséiert a versichen si op hirem perséinlechen Niveau opzefänken“, esou d’Sandy Lorente. Ma wärend dem Corona-Lockdown war déi normal Aarbecht sur place awer net méiglech, dofir huet sech d’Ekipp eng Alternativ afale gelooss. „Mir wollte weiderhin un déi Jonk kommen an haten dunn d’Idee fir eng Affiche, iwwer déi si eis kontaktéiere kënnen.“ Via Mail op esa@pfl.lu kann een sech säit dem Confinement beim ESA-Team mellen, fir iwwer Telefon, Message oder Videocall eng Äntwert op seng Froen ze kréien.

Ma de Projet stoung awer scho méi laang an de Startlächer a soll och no Corona weidergefouert ginn, wéi d’Sandy verréit: „Deemnächst soll et d’Polaroids vun der Affiche och als Flyer ginn a mir wëlle Kondomkëschten am selwechte Stil erausbréngen, fir dem Ganzen eng gewësse Kontinuitéit ze ginn.“ Op de Service zeréckgräife kënnen dann och net nëmmen Teenager, mee jiddereen deen eng Fro huet – och Elteren, Enseignanten oder Educateuren.

“Eis Aarbecht am Alldag ass zwar op d’6ème limitéiert, mee dat ass gréisstendeels well mir net genuch Personal hunn, fir an all Schoul a Klass hei am Land ze goen. Dat wier awer eigentlech néideg, well an all Alter spillt Sexualitéit eng Roll an et kommen ëmmer erëm nei Froen op“, seet d’Sandra. Wärend d’Hemmschwell op Social Media fir vill Jugendlecher méi kleng ass wéi per Telefon oder an der Klass, steet d’Aarbecht face-à-face awer fir d’Ekipp vun ESA weiderhin am Virdergrond.

Ma och online stinn d’Sandy, d’Sandra, de Miguel an d’Joyce perséinlech hannert hirer Offer –  e Plus, seet d’Sandy: “Et ass eppes anescht wéi seng Froen einfach ze googlen, well si en anere Rapport zu eis hunn. Um Internet liesen si oft Saachen, mee wëssen dann net wat se sech dovu solle rauspicken. Eis Plus-value ass, dass mir present sinn a virun allem reell. Bei verschiddene Jonke bestätege mir vläicht eppes, wat si schonn iergendwou héieren oder gelies hunn, bei anere gëtt duerch eis Infos eppes getriggered, wat si dann dono selwer nach kënne weidersichen.“ En aktive Lien also, bei deem een op alles direkt eng Äntwert kritt, an dat an engem geschlossene Kader – genau esou ass d’Devise vum ESA-Team. Am Gank vum Planning Familial hänken dann och direkt Pinnwänn voll mat Froen, zwar aus den anonymme Boxen an de Primärschoulen, den Inhalt ass awer gréisstendeels dee selwechten wéi am Lycée. Ma nieft den traditionellen Theme wéi Verhütung an Antibabypëll sinn et awer och méi spezifesch Froen, déi déi Jonk beschäftegen.

„Oft komme Froen zum eegene Kierper, ass dat an dat normal? Eng grouss Fro ass awer och déi éischte Kéier, wéini de richtege Moment ass, op et wéi deet an op een dobäi blutt. Mir schwätzen an dem Kontext dann och un, ab wéini eppes als Sex gëllt, dass dat net onbedéngt e Penis an enger Vulva bedeit, mee et scho beim upaken ufänkt. Et muss schliisslech net ëmmer direkt Penetratioun an Ejakulatioun sinn“, esou d’Sandy.

Ma och d’Ausgesi vu verschiddene Kierperdeeler steet bei de Gespréicher oft am Fokus, wéi de Miguel verréit: „D’Jonge stellen sech oft Froe wéinst der Gréisst a Form vun hirem Penis, bei de Meedercher sinn et d’Klitoris oder d’Lëpsen. Déi Ängschten déi si hunn, schwätzen si zwar net forcement selwer un, ma wa mir hinnen dann dovun zielen, da lauschteren se awer ganz interesséiert no.“

E groussen Afloss op d’Usiichte vun hirem Vis-à-vis bemierkt d’ESA-Ekipp bei der Pornoindustrie. Virun allem wärend dem Lockdown ass de Konsum vun de Speckfilmer weltwäit enorm an d’Luucht gaangen, an och bei der Lëtzebuerger Jugend dréint sech villes em d’Videoen um Bildschierm. Wichteg ass et hei, fir Kloerheet ze suergen, esou d’Sandy:

„Et muss eng gewësse Preventiounsaarbecht gemaach gi fir deene Jonken ze vermëttelen, dass dat wat si an Pornoen gesinn net d’Realitéit ass.“

Fir Erwuessener wier et trotz Cyber-Security a Kontroll oft nëmme schwéier ze iwwerwaachen, wat hir Kanner alles um Internet gesinn a villen Eltere wier och guer net bewosst, wéi accessibel déi Biller eigentlech sinn. „Enger Schwäizer Emfro no soll deen éischten gewollten oder ongewollte Kontakt mat Porno am Duerchschnëtt bei ëm déi néng Joer leien“, seet d’Sandy. Dëst verännert net nëmmen d’Bild vu Sex, ma och dovu wéi ee selwer dobäi auszegesinn huet an dat kann e falsche Message senden, well „Normalitéit ass Diversitéit, an net de Porno“, esou d’Sandra.

Gekoppelt heirun ass och d’Verschécke vu Fotoen, wou d’Teenager selwer plakeg drop ze gesi sinn an hirt Optrieden op Apps wéi TikTok, virun allem beim weibleche Public, esou de Miguel:

„Si schwätze selwer scho vu ‚nudes‘ an et huet och bal jiddereen d’Serie Sex Education op Netflix gesinn, esou dass si Begrëffer wéi Chlamydien scho vu sech aus kennen. Et gëtt eng immens grouss Iwwersexualiséierung an virun allem d’Meedercher spille gäre mat hire Reizen, twerken a maachen Dänz no, ouni se a Fro ze stellen.“

Och d’Sandra ass sech de Gefore vun de ganze Medie fir déi jonk Generatioun bewosst: „Mir sinn och emol bauchfräi dorëmmer gelaf an hate low-waist Jeans un, mee mir hunn eis domat vill manner exposéiert wéi dat haut online de Fall ass.“ D’Teenager vun haut wieren a ville Situatioune méi à risque a géifen oft Saache gesinn, ouni dat néidegt Backgroundwëssen dozou ze hunn.

Ma et ginn awer och positiv Säiten u Social Media, notamment de Fait dass ee Begrëff do mëttlerweil vill optaucht: Konsens. „Mir schwätzen ëmmer immens vill iwwer Gefiller an de Klassen an obwuel d’Wuert Konsens schonn ëmmer Deel dovu war, ass et säit een, zwee Joer nach méi aktuell a gëtt vill méi benotzt. Virdrun ass et ëmmer em jo oder nee soe gaangen, mee mëttlerweil hunn déi Jonk e vill bessert Verständnis dofir, wat Konsens wierklech bedeit.“ Generell kéint ee soen, dass d’Schüler e gudde Strapp méi oppen an tolerant gi sinn, wéi dat nach an de Generatioune virdrun de Fall war. „D’Thema gender ass och esou e Beispill. Soss war meeschtens nëmmen Homosexualitéit e Begrëff, mee haut sinn si vill méi informéiert an interesséieren sech och fir aner sexuell Orientéierungen oder Identitéiten, wéi zum Beispill Pansexualitéit oder Bi-sinn“, esou d’Sandy.

A genau heifir ass d’Ekipp vun ESA och do, well et soll eng Vertrauensrelatioun entstoen, mat gesondem Echange an der Vermëttlung vum néidegen Know-How fir och déi Sozial Medie clever kënnen ze notzen.

„Mir äntweren op all Froen, egal vu wiem se kommen an ëm wat se ginn“, betount de Miguel.

Sief et aus engem Gefill vun Drock eraus, wann een an engem gewëssenen Alter „nach“ Jongfra ass, oder awer well ee veronséchert gëtt a sengem Glawen, mat der éischte Kéier bis no der Hochzäit ze waarden – am Planning Familial gëtt kee jugéiert, well hei ass eppes ganz kloer, esou d’Sandy:

„Et gëtt oft vergiess, dass mir all sexuell Wiese sinn an dass een an all Stadium vum Liewe ka Froen hunn, a fir déi ze beäntweren, si mir do.“

 

Laura Tomassini

 

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply