Spannend Kugelen

Hues du schonn eng Kéier eppes vu Yoni Eggs héieren? “Yoni wat?”, denks Du vläicht grad? Dat hunn mir eis och geduecht a sinn dësen Eeër mol op de Grond gangen…

D’Wuert Yoni kënnt un sech aus dem Sanskrit a bedeit “Ursprong & hellege Raum” an am tantresche Beräich ass et en Synonym fir d’weiblecht Geschlecht, d’Vulva. Des Eeër hunn eng laang Traditioun déi ganzer 2000 Joren zeréck geet! Deemools waren se oft aus gréngem Jade an nëmme ganz wéineg Frae vun aflossräiche Männer haten Zougang zu hinnen.

Mee wat huet et elo op sech mat de Yoni Eggs a wat kann een sech konkret dorënner virstellen? “Yoni Eggs si Steng déi a Form vun Eeër geschlaff sin vu verschidde Gréissten: 4, 3 an 2 Zentimeter. Prinzipiell sinn se gemaach fir de Beckenboden ze trainéieren. Dofir ginn se an de Vagin agefouert, wou se d’Muskele schaffen doen”, erkläert d’Carine vum Lapidibus Shop.

Interessant ass awer och, dass et schonn eng ähnlech Approche an de 40-50er Jore gouf. Deemools huet den Dokter Kegel dofir en Training erfonnt mat enger Zorten “Kugelen” déi d’Fra sech eraféiere konnt. Déi waren awer aus Plastik oder Metall, an do konnt een no an no méi Gewiicht dra maachen. An genau aus deem Zäitraum stamen och déi éischt Studien zu de Wierkunge vun de Yoni Eggs, déi beweisen, dass den Training vum Beckenbode positiv Auswierkungen huet fir Fraen, notamment fir spéider wann se a Menopause kommen oder och no enger Gebuert, awer och fir d’Organabsenkung, d’Inkontinenz oder och nach fir d’Drechenheet virzebeugen. Doduerch dass d’Beckenbodenmuskelen trainéiert ginn, gëtt och den Orgasmus verstäerkt, der Fra hir Loscht ugekuerbelt an deene Frae gehollef déi schwéier zum Orgasmus kommen.

Mir kennen also festhalen, dass et positiv Effekter gëtt, wann der Fra hire Beckenboden trainéiert ass! “Als kleng Erënnerung, de Beckenboden dat si Muskele wei eng Hängematt geformt, déi fänken den Daarm op an d’Harnröhre lafen do doduerch an eben de Vagin gëtt doduerch gefestegt oder ass ebe labber”, stellt d’Carine fest.

Allerdéngs kenne mer frou sinn dass déi initial Methode vum Dokter Kegel evoluéiert huet:

„Bei de Yoni Eggs ass et nämlech esou, dass si duerch hiert Eegengewiicht méi effektiv d’Muskelen trainéieren, also ëmgedréint wei dem Doktor Kegel seng Methoden. Et fänkt ee mam schwéierste Yoni Egg un. Esou ginn d’Muskelen am Vagin besser a méi schnell trainéiert. Wat de Vagin besser trainéiert ass, wat en och méi enk ass an natierlech da vill méi Sensatiounen huet, eben och beim Sex well d’Muskele méi staark a méi stramm sinn an alles besser duerchblutt ass”

Leider ass et hautdesdaags och net rare, dass mir als Fra ënnert PMS leiden, also Péng virun oder wärend eiser Menstruatioun hunn. Ma och hei, kennen des kleng Wonnerboulen eng interessant Hëllef duerstellen, well d’Krämp doduerch manner optrieden.
„Ausserdeem kann d’Benotzung vun de Yoni Eggs bei enger Gebuert vu Virdeel si well de Beckenbode méi trainéiert dann ass“, erzielt d’Carine weider.

Deen wuel spannendsten Effekt bleift fir mech awer dee méi „spirituellen“ Volet: „All Steen huet säi ganz perséinlechen Effekt. De Rosenquarz ass ideal fir Frae wou scho mat sech am Renge sinn, mee awer wëllen d’Eegeléift weider steigen, well et ass de Stee vun der Léift, der Frëndschaft, Weiblechkeet an der Romantik. Den Obsidian ass éischter fir Fraen déi en traumatescht Erliefnis haten (eventuell traumatesch Gebuert, Vergewaltegung…) An d’Jade balancéiert aus a regeneréiert, dat ass en Steen deen Harmonie ervir rifft“.

Du frees dech bestëmmt wei et mat der Hygiène ausgesäit wann s Du esou Yoni Egg notze wëlls? Och hei huet d’Carine eis e puer wäertvoll Tipps mat op de Wee ginn:
„Virun all Benotze soll een se mat enger doucer Seef oder Intimlotion areiwen (Fir se anzeféiere kann ee Gleitgel benotzen, muss een awer net, dat ass fir all Fra anescht), dann ofwäschen an dat och no all Notzung. All 2-3 Woche kann een se a kachend Waasser leen an dann 10 Minutten ofkache loosse fir se ze desinfizéieren. Allerdéngs muss Du oppassen an se duerno net direkt ënnert kaalt Waasser leen, well se soss zersprange kinnten!“

Vläicht hues Du elo Loscht dech op des Methoden anzeloossen, se ze entdecken an awer wënschs Du dir e gudden Ufängertipp?
“An all Set ass eng Kordel dobäi déi een un d’Yoni Egg maache kann. Ech roden des vläicht ufanks drunzemaache fir d’Yoni Egg erauszehuelen. Eng Ufängerin kinnt sech pro Dag 10 Minutten huelen, am beschte wann se a Beweegung ass (spadséieren, botzen). Ech roden al-lerdéngs am Ufank des Dauer net ze iwwerschreiden, well wéi bei all Sport kann ee Muskelkater kréien. Mat der Zäit an e wéineg Übung kann een se awer iwwert en ganzen Dag oder Nuecht draloossen. Gäre kann een och Übunge maachen, Yoga ass zum Beispill ideal. Gutt ass et och d‘Muskele bewosst unzespanen”.

Spannend Kugelen also, déi een op alle Fall mol teste sollt…

 

Vanessa Sanchez-Willems


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (6)

  1. N’Owend 🙂
    Et wär interessant ze wëssen, wou een dann hei zu Lëtzebuerg en Yoni Egg kann kaafen? Am bëschten mat Beroodung 🙂

  2. Cela veut dire que c’ Juste pour les jeunes femmes et qu’a la ménopause c’est trop tard?

  3. Bonjour Christine. Pas du tout! Ça peut aussi aider pendant la ménopause et peut donner plus de sensations avec n‘importe quel âge.

  4. Gudden Metten, hunn 2 kleng Froen bezüglech dem Yoni Egg.
    ginn et do keng Gefohren bezüglech dass en beemol geing enker festhenken bleiwen.

    Em weiee Preis leien des Yoni Eggs?

Leave a Reply