Sparkling Secret

D’Liiblingsgedrénks vun eis Fraen ass dach ganz kloer Cremant oder? A wien kennt et net, ob am Summer oder am Wanter, bei Fester, Apero’en oder “einfach esou”, d’Kippchen däerf bei eis net feelen. Déi eng hunn se léiwer demi-sec, déi aner brut, mee gutt kal muss se sinn.

Ma wësst dir dann iwwerhaapt wat sou alles hannert engem Gliesche stécht? Wéi laang et dauert vum Plécke vun de Drauwe bis dass de Cremant an ärem Glas lant? Mir ware lescht Woch beim bekanntste Cremant Producteur vu Lëtzebuerg, Bernard-Massard, een Daach op Besuch.

D’Hierscht Saison ass Wuel déi schéinste Saison op der Musel. Bei sonnegem Wieder duerch d’Wéngerte schlenderen an déi schéi Vue op d’Musel genéissen. Ma esou erhuelsam dat och klengt, mir ware fir ze schaffen do. Eng Schéier an der Hand, e Kuerf ënnert dem Aarm, esou krute mir erkläert, dass d’Drauwe plécken zum wichtegsten Deel vun der Cremant Produktioun gehéiert. Ma net alles soll an de Kuerf, nëmmen déi gesond Drauwe ginn dono an d’Press.

Wat een sech als einfacht Geschnipps virstellt, ass a Wierklechkeet Präzisiounsaarbecht. D’Aarbechter vu Bernard-Massard, dorënner och e puer Fraen, maachen dëst mat engem Tempo, do kënne mir net mathalen.

No de Wéngerten, geet et direkt an de Betrib wou eis gepléckten Drauwen zu Jus gepresst ginn. D’Drauwe gi vir d’éischt vun der Rief getrennt, vir dat battert vun der séisser Fruucht ze trennen an da geet et a verschidde Behälter aus Holz, Stol oder Beton vir d’Fermentatioun erkläert eis den Antoine Clasen, General Direkter bei Bernard-Massard.

Haut produzéiert de Familljebetrib Bernard-Massard de Cremant no aler Traditioun a loossen de gréissten Deel vun hire Fläsche bis zu zwee Joer fermentéieren.

An de killen an naasse Kellere vu Bernard-Massard sti verschidde Maschinnen : déi eng soen den Zockergehalt an den Drauwen un, déi aner dréinen d’Fläschen all sechs Stonnen, mee keng Maschinn ka soen ob de Goût vum Cremant gelongen ass. Dëst ass eng Tâche déi nach ëmmer dem Mënsch iwwerlooss ass. Anescht ewéi beim Wäin, soll no all Recolte de Cremant natierlech esou schmaachen ewéi mir e kennen.

Verschidde Joren si méi dreschen, an anere gouf et méi Reen. Ma dëst si Faktoren déi zwar d’Drauf beaflossen, awer net d’Endresultat. Al Joers gëtt also e neie Mix vu verschiddene Wäinzorte geholl a mat anere Jore vermëscht, vir genau de richtege Goût ze treffen.

Den Antoine Clasen erkläert eis dass Haut, vum Moment un wou een d’Drauwe pléckt bis de Moment wou d’Fläsch de Betrib verléisst dräi Joer verginn, e Prozess dee sech déi mannste vun eis esou laang virstellen. An effektiv, wann een esou duerch déi verschidde Gäng am Keller geet fält engem op, dass immens vill Fläsche bis un de Plafong stockéiert sinn, all gefëllt mat Cremant. “Mir produzéieren ongeféier 3 Millioune Fläschen d’Joer” fiert eise Guide weider “a mir sinn déi eenzeg zu Lëtzebuerg déi an 20 Länner exportéieren”. Houfreg, zielt den Antoine Clasen eis op, dass Bernard-Massard an der Belscht, Finnland a souguer Kanada gedronk gëtt.

De Familljebetrib feiert deemnächst 100 Joer a kann sech mëttlerweil ouni Problem als “gréisste vun de klengsten” bezeechnen. Dëst hat den deemolege Grënner, Jean Bernard sech wuel net erwaart wou hien 1921 “Les caves Jean Bernard” gegrënnt huet. A wéi koum et dann zum Numm Bernard-Massard frot dir iech vläicht? Ma ganz einfach, de Jean Bernard war deemools mat enger gewësser Madamm Massard bestuet an den Numm gouf nom Doud vum Jean Bernard iwwerholl. Wousste mir et dach, et ass iergendwéi ëmmer eng Fra am Spill. Dorop drénke mir nawell gären eng Kippchen.

Prost!

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply