Sprëtzegen Allrounder

Bass Du op der Sich no engem Alleskönner? En Auto deen einfach alles kann? Deen gutt ausgesäit, dee vill Platz huet, deen nik d’Welt kascht, wou d’Kanner an den Hond ra passen an deen och nach Spaass mécht ze fueren? Dat kléngt wéi en Dramauto, ma de neie Skoda Octavia Combi soll genee dat alles sinn.

Eis Lieser Christian Wolfers an d’Kathrin Hutschenreuter hunn fir MADI ee Weekend laang dëse roude Kappverdréier getest. De Christian schafft fir déi däitsch Télé a kritt well en vill duerch seng Aarbecht reese muss, dacks Autoe geléint. Hien ass op der Sich no engem neie privaten Auto. En huet ebe scho vill Autoen duerch säi Job getest a gesäit am neie Skoda Octavia Combi Potential fir säin neien Auto ze ginn. Seng Frëndin Kathrin schafft op der Bank an hat bis elo nach ëmmer méi grouss Autoen, well et him wichteg ass vill Platz ze hunn. Allen zwee sinn se sportlech a fuere gär mol Weekends en Tour mam Vëlo. Si leeën och vill Wäert op Design a ginn sech nëmme mam Beschten zefridden. D’Koppel huet also héich Uspréch un de Skoda Octavia Combi.

De Christian test den Auto direkt scho mol op der Autobunn nodeems en den Auto op Bäreldeng an d’Garage Losch siche war. Owes geet hien an d’Kathrin iessen an huelen och nach eng Frëndin mat. D’Kathrin fiirt de Skoda Octavia Combi fir an de Restaurant. Sonndes fiert d’Koppel en Tour mam Auto an d’Éislek. De Skoda Octavia Combi gëtt also op Häerz an Niere gepréift.

“Mir gefält de sportlechen Aspekt vum Mëttelklass Auto, en fiert sech gutt, en ass séier op Touren a jee no Fuerstil verzeit en vill zemools an de Kéieren. Mäin Handy gëtt ganz schnell opgelueden andeems ech en einfach nieft d’Steierrad op en speziellen Ënnergrond leeën. Mir ass och nach den ökologeschen Aspekt wichteg, den neie Skoda Octavia Combi verbraucht iwwerraschend wéineg”, sou dem Christian säi Fazit. “Dat eenzegt wat ech net sou gutt fonnt hunn, war den Touchscreen am Fuercockpit. Ech hunn dauernd drun gefummelt, en ass net einfach ze bedéngen. Ma et mierkt een awer dass et sech em qualitativ héichwäerteg Material handelt, well de Knäppche fir erof an erop ze scrollen ass aus Metall an net wéi meeschtens aus Plastik”

D’Kathrin weist sech och begeeschtert vum roude Flitzer.

“Mir gefält, dass en souvill Platz huet, en parkt sech einfach mat de Kameraen. En verspreet eng gewësse Sprëtzegkeet, déi mech faszinéiert. Mir kruten de Vëlo problemlos an d’Mall. A meng Frëndin hat hannendra masseg Plaz. Ech hunn just missen de Sëtz eroppompele well ech zimmlech kleng sinn, soss géing ech net gutt gesinn, dat ass dat eenzegt wat mech en wéineg gestéiert huet. An mir géing en am schwaarze besser gefalen, en géif a mengen Aen da méi classy wierken.”

Iwwregens iwwerrascht de Skoda Octavia Combi eis och nach mat senger Mall wou ee wierklech alles dra krit, se ass ausgestallt mat Andeelfächer, wou een alles gutt verstaut kritt, souguer Ski. Och mat de Kreepercher fir d’Räck oder d’Kostümer opzehänken oder fir d’Akafstuten ze befestegen. An der Frontscheif huet den Auto souguer eng Parkticket-Halterung. Hannert de Sëtzer fënnt een Tablet a Smartphone Poschen. Am Tankdeckel ass iwwerdeems en Äiskraatzer integréiert. 1,5 Liter Fläsche kritt een an de viischten Diere ganz einfach verstaut. De Combi iwwerrascht eis ëmmer erëm. An der Autosdier vum Fuerer oder Bäifuerer ass en Prabbeli verstoppt fir all Noutfall falls ee säi vergiess huet. An der Mall ass och eng Decken. Wien kennt de Fall nik, dass een alles dobäi huet just keng Decke wann een eng brauch. Ma elo huet een ëmmer eng dobäi. Am Auto ass och den Isofix fir de Kannersëtz schonn integréiert.

Du gesäis, de Skoda Octavia Combi ass eppes wéi en beschte Frënd, deen alles parat hues, wats Du brauchs.

De Skoda Octavia Combi ass nik nëmmen de perfekten Auto fir eng Koppel, en Sportfreak oder eng kleng Famill. En huet och nach vill Platz fir d’Muppen. Wat wëll ee méi?

Eist Häerz huet en op alle Fall erobert. Falls Du elo virwëtzeg gi bass, dann test de Skoda Octavia Combi dach mol. D’Garage Losch zu Bäreldeng erwaart dech schonn. Den Alleskönner ass ab 25.510 Euro ze kréien.

Text: Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply