Stay positive

All Dag kréie mir an den Noriichten ëmmer just matgedeelt, wéi vill Leit vum Corona infizéiert sinn, wéi vill Leit gestuerwe sinn a wat een alles nik méi dierf maachen. Caféen, Restauranten, Hoteller, Geschäfter, Entreprisen an Independante sinn an der Merde. Mir hunn keng Kontroll méi iwwert d’Situatioun an dat mécht eis Angscht. Mee am Moment an eng Angschtspiral ze fale mécht d’Situatioun just nach méi schlëmm. Also gëllt et positiv ze bleiwen, mee wéi?

Fir d’Alleréischt keng Panikgedanken oder Angscht zouloossen. Dofir ass et wichteg, seng Gedanken ze steieren. Stress an Angscht schwächen duerch d’Hormon Cortisol den Immunsystem an dat kënne mir elo absolut nik gebrauchen. Mir wëssen all nik wat op eis zoukënnt an dat eenzegt wat mir am Moment hunn ass de Moment. Also musse mir léieren am Moment ze liewen och wann dat eis schwéier fällt.

Wann d’Angscht trotzdeem opkënnt. Gidd eraus an d’ frësch Loft, sangt äert Liblingslidd, beschäftegt iech mat raumen oder soss eppes wat muss gemaach ginn.

Wann dir an enger Panikattack sidd da fokusséiert iech op 5 Saachen déi dir grad gesitt, zielt déi Saachen haart noeneen op, da 4 Saachen, dann 3 Saachen, dann 2 Saachen an da just nach 1. Ëmmer haart opzielen. Wann d’Angscht nach ëmmer do ass, da maacht déi Übung nach eng Kéier vu vir.

Fir iech am Allgemenge besser ze fille kënnt dir iech an ärer Imaginatioun eng schéi Plaz ausdenken. Är real Liblingsplaz oder eng erfonnten. Setz iech op dës Plaz an äre Gedanken a fokusséiert iech op de Geroch an op d’Geräischer vun dëser Plaz. Soubal dir iech wierklech op dëser Plaz spiert, bleift 5 Minutten op dëser schéiner Plaz. An ëmmer wann et iech nik gutt geet, gitt a Gedanken erëm op dës Plaz.

Dir kënnt är Laun séier booste mat gudder Musek, mat engem gudde Buch oder guddem Iessen. Dir huet elo endlech déi Zäit déi dir soss ni hat. Gidd an d’Bidden leien oder bastelt, moolt, probéiert eppes aus wat dir nach ni gemaach huet, vläicht entdeckt dir en neit Talent un iech oder kënnt elo endlech un ärem Businessplang schaffen oder un neien Iddien.

Allgemeng Tipps fir gutt drop ze sinn: Vill schlofen, vill drénken a gesond iessen, beweegt iech, huelt iech Zäit fir iech. An laacht souvill wéi et nëmme geet. Fokusséiert iech op dat Positiivt nik op dat Negatiivt.
Fir déi positiv Gedanken unzereegen hunn mir op Facebook eng Grupp gegrënnt mat nëmme positivem Input fir dass mir zesummen dës Zäit sou gutt et geet duerchstinn.

Hei nach en Anti-Stress Drink vum Primal Health Coach Nathalie Meier:
2 TK Kakaopulver, 200ml Mandelmëllech (ouni Zocker!) 1 EL Läin- oder Nossueleg. Fest mixen, esou dass de “Schocki” schäimt an da genéissen.

Passt op iech op, bleift gesond a virun allem positiv!

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply