Stay strong

Geet et dir gutt? Du sees mir lo “jo” mee vläicht geet et dir nik gutt an du méchs just wéi wann alles ok wier, du traus dech nik ze soen wéi et dir wierklech geet…

Ech hunn laang iwwerluecht ob ech dësen Artikel soll schreiwen oder nik. Mee well MADI authentesch ass, wëll ech dëst och mat dir deelen. Mir geet et am Moment zum Beispill nik gutt. Du bass iwwerrascht well et jo heescht “be happy, be madi”. Mee nëmmen deen, deen och duerch ellen Phasen geet, kann iwwerhaapt frou sinn, oder weess dono wat et heescht frou ze sinn.

No flowers without rain… heescht et jo. Just dass mir dat ganz dacks vergiessen an mengen d’Liewen misst ëmmer wéi en Disneyfilm sinn. Ech och an dofir schreiwen ech lo mol eng Kéier en Artikel doriwwer, wéi et ass wann et engem schlecht geet…

Een Joer hunn ech geschafft ouni Paus, ouni mir Zäit ze huelen fir en Hobby, ouni Weekend oder fir iergendeppes aneres wéi MADI. An sou soll dat jo och sinn, well MADI ass mäin Baby an et gëtt näischt méi Schéines wéi mäin Dram ze liewen. Ma ech priedegen ëmmer vu Selfcare an hunn et bei mir selwer komplett vergiess.

Wat sinn bei dir d’Unzeechen, dass eppes nik an dengem Liewen klappt? Hues du keen Honger, bass du dauernd erkaalt oder lenks du dech mat allméiglechem of? Bei mir sinn et Schlofproblemer. Ech war/sinn souwisou kee gudde Schléifer, mee wann et mir nik gutt geet dann kann ech einfach quasi guer nik méi schlofen…An dann fillen ech mech nach méi Schäiss. An der Nuecht wann ech waakreg sinn, kommen natierlech virun allem vill negativ Gedanken op an en Däiwelskrees entsteet.

Sech selbstänneg ze maachen ass nik einfach. Bemol kommen Ängschte op, vun deenen ech nik wousst, dass se iwwerhaapt existéieren. Ech hunn mech op déi falsch Leit agelooss, sinn veraarscht a vu Leit ausgenotzt ginn. Vu falsche Frënn verletzt ginn. Jee dat kennt dir bestëmmt och.  An wann een selbstänneg ass, dann sëtzt een mat allem eleng do. Existenzängscht kommen héich an mat hinnen och Trigger vu verschiddenen Traumaen.

An dann wann ech nik schlofen kann, gesinn ech villes schwaarz. An daten dann och nach heinsdo d’Midlifecrisis: Mat 38 Single, keen Haus, keen Kand, keen Hond…an dat Gefill ganz eleng op der ganzer Welt domat ze sinn. Voilà du gesäis, och engem happy Mady kann et mol schlecht goen.

An et ass ok fir nik ok ze sinn. An et kann een och traureg sinn an Ängschte hunn. Alles dat gehéiert zum Liewen dozou an och dës Emotiounen muss een zouloossen. D’Fro ass lo wéi ginn ech domat ëm?

Virun allem halen ech lo mol direkt op mat jéimeren well MADI leeft immens gutt an et mécht mech super frou an houfreg.

MEE och ech muss mir Hëllef sichen wann et mir nik gutt geet. Ech schwätzen mat mengen Frënn an ech sichen mir professionell Ënnerstëtzung fir mäin Kierper an meng Séil. Ech kucken no mir a verspriechen mir selwer an Zukunft besser op mech opzepassen. Et ass keng Schwächt, mee et ass staark zou ze ginn wann et engem nik gutt geet an no Hëllef ze froen. A wanns du och grad an enger schwiereger Phase bass, du bass nik alleng. An wanns du nächste Kéier een frees wéi et engem geet dann lauschter och wierklech no. An wanns du gefrot gëss wéi et dir geet, sief éierlech.

Dat Bescht u sou Phasen ass jo, dass se een staark maachen, dass een nëmmen duerch Péng léiert an dass een nëmme sou am Liewen weiderkënnt. Keep on fighting!!!

Passend zum Thema Selfcare an Bodypositivity organiséiert d’MADI den 25. Januar en Event. Save the date, Detailer kommen geschwënn.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply