Stral erëm

Schonn als Kand gi mir ëmmer nëmmen op dat higewise wat mir nik gutt maachen, op eis Feeler an eis Makel. Mir fänken un eisen eegene Wäert ofhängeg ze maache vun eiser Leeschtung, vun eiser Perfektioun oder vun dem Gefill gebraucht ze ginn. Eist Selbstwäertgefill klëmmt an de Keller a domat och eis Selbstbewosstsinn. Wou ass dat stralend Kand hin? Dat wat einfach nëmme frou mat sech an der Welt war?

Wann een sech nik gutt fillt, probéiert een dat gär mol ze kompenséieren, mat ze vill botzen, ze vill shoppen, ze vill iessen, ze vill Sport, ze vill rausgoen, ze mann iessen an sou weider. Jee, wann een engem Extremen nogeet, verléiert een seng Balance…

Bodypositivity a Selflove sinn Themen déi ëmmer méi opkommen, well eng grouss Demande do ass. Well mir mierken, dass Schéinheetsoperatiounen, Shoppingwahn, Fitnesswahn etc eis nik besser fille loossen, vläicht fir eng kleng Zäit, mee dat Lach bannen, dat bleift. Et gëtt also Zäit sech deem Lach ze stellen.

Mir hunn dowéinst leschte Samschden en Workshop am Hotel Dahm organiséiert, wou genau dës Themen am Mëttelpunkt stoungen. Op Besuch war d’Sandra Wurster, wat an Däitschland als Coach bei der Sendung “No Body is perfect” op Sat.1 ze gesinn ass. Hei dréint sech alles dorëm säi Kierper ze akzeptéieren. An der Sendung sinn d’Coaches plakeg a just mat Bodypaintings bemoolt an d’Kandidate léiere soumat och ëmmer méi Haut ze weisen, wat zu engem bessere Kierpergefill soll verhëllefen. Mee keng Angscht en Samschden huet keen sech missen ausdoen.

Fir d’éischt hunn mir eis all bei engem Brunch kennegeléiert. Dono huet d’Sandra erkläert, firwat mir iwwerhaapt souvill Problemer mat eisem Kierper hunn. An dass gesond sinn näischt mat eisem Gewiicht ze dinn huet, ausser et geet an d’extreemt wou een sech nik méi beweege kann. Och ass et drop ze schwätze komm, dass déi Bezeechnung “déck sinn” ëmmer negativ ass an “dënn sinn” positiv bewäert gëtt. Am Bësch ginn et och déck an dënn Beem, grousser a klenger mee, do bewäert keen se positiv oder negativ. Dass mir nik zefridde mat eisem Kierper sinn, kënnt just vun de Medien, déi eis ee Bild uginn, wéi mir mussen ausgesinn a mir gi ganz vill Suen aus fir genau sou auszegesinn. Just wäert dat ni klappen a souguer Fraen déi sou ausgesi wéi op de Fotoe vu Magaziner sinn nik zefridde mat sech, well d’Streben no der Perfektioun ni ophéiert a souguer d’Fotoe vu Modele beaarbecht sinn.

En Heidi Klum huet fir sou auszegesinn ee Fitnesscoach, en Ernierungsberoder, en Kach, en Stylistenteam a gëtt virun all Shooting zwou Stonne geschminkt. An hat soll en Virbild fir eis sinn? 95 Prozent vun de Frae gesinn nik sou aus wéi Modelen. Heescht dat lo, dass déi nik schéi sinn oder nik wäertvoll? NEE!!

En Samschden hunn mir eis alleguerten op gemaach an iwwert eis Problemer mat eis selwer geschwat. Et gouf gekrasch a gelaacht an et ass en immenst Zesummegehéiregkeetsgefill entstanen.

Mee wéi kann een sech selwer rëm gär hunn? Virun allem ass et wichteg, dass ee léif mat sech selwer schwätzt, wéi mat senger beschter Frëndin. Nik ze streng mat sech ass an och sech verzeit wann een eppes nik sou hikritt huet. Feeler sinn nämlech ni schlecht, well et léiert een draus.

Dann ass et wichteg, sech all Dag Saachen u sech opzezielen déi ee gutt fënnt, doru muss een sech ewer konsequent halen, well den Erfolleg kënnt réischt wann een et och wierklech all Dag mécht.

All dës Tipps huet d’Sandra eis mat op de Wee ginn. Fir sech einfach besser a sengem Kierper ze fillen, ass danze ganz wichteg an och Meditatioun.

Ofgeschloss gouf de Workshop mat enger Coupe Crémant, enger Massage vu MUOZA, mat Make up Tipps vum Lara. Jidderee konnt sech d’Stänn ukucke vun der Maison de beauté, Na la, Nuskin, Juchheim,Yolande Coop a B Immobilier.  Dekoratioun war vun der Coutryboutique. Et gouf geshoppt a geschnësst.

An dat positiivt Gefill konnt ee mat heem huelen an hoffentlech nach ganz laang dovu profitéieren.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply