Stylesch Leeder

Dir frot iech wei dir eng eidel Mauer an ärer Schlofkummer am beschte kënnt fëllen ouni iwwerall Lächer dran ze bueren? Oder är Bicher op eng méi kreativ Aart a Weis an der Stuff kënnt raumen ? D’Äntwert heirop ass: eng stylesch Leeder vir äert Doheem. Domat gitt dir och nach dem neisten Trend no.

Dir hutt se bestëmmt och scho gesinn, ob an engem Kleederbuttek, engem Café oder engem Dekogeschäft : d’Leeder ass den Trend-Accessoire schlechthin. Se hëlt net vill Platz an, optesch gëtt d’Mauer an de Raum gefëllt an se ass och nach ganz praktesch. Egal ob dir eng kreativ Méiglechkeet sicht verschidden Objet’en en Valeur ze setzen oder méi Stauraum ze schafen, dës Variant erméiglecht iech dëst ganz ouni bueren a vill Aarbecht.

Mir hunn vir iech e puer Iddien zesumme gesicht :

Wann dir eng schmuel, awer héich, fräi Platz an ärer Stuff hutt, kënnt dir dës notze vir zum Beispill är Decken uerdentlech driwwer ze leen, oder am Buedzëmmer Dicher. Sou sinn se ëmmer gefaalt a mussen net aus engem verstëbsten Eck erausgezu gi wann een se bis brauch.

Dir kënnt déi ganz Leeder mat Decke bekleeden oder an engem méi minimalistesche Style mat de Faarwe spillen.

Déi di dëst awer ze einfach fannen, kënnen och aner Deko-Elementer bäifügen : op kleng Blummendëppen déi dir mat engem Stéck Seel drunhänkt, är Liiblingsbicher déi dir drop leet oder eng Liichterketten drunhänkt vir eng méi douce Ambiance an d’Stuff ze bréngen. Et ass iech fräi iwwerlooss d’Leeder esou ze dekoréieren ewéi dir et am léifsten hutt, vir dass et zu ärem perséinleche Style passt.

D’Schlofkummer huet, wat d’Leederdekoratioun ugeet, och e ganz grousst Potential. Hei kennt dir fräi entscheede vir wéi eng Benotzung d’Leeder am beschte gëeegent wier. Dir kennt se als Kleederstänner notzen, wou dir är Hiemer a Schaler kënnt ophänken, awer och äre Rimm, äre Sonnebrëll, ären Hutt, asw. Dir kënnt är Kleeder och op e Bigel, oder op e Krop hänke vir dass et e bëssi méi organiséiert ausgesäit an net alles op der selwechter Héicht hänkt.

Eng aner Méiglechkeet wier d’Leeder als Porte-Accessoire ze benotzen, wou dir är Ketten, Bracelet’en oder Posche kënnt drunhänken. Dir behaalt ëmmer den Iwwerbléck wou wat ass, är Bijoue verfänken sech net an dir verléiert keng Zäit domat Moies virun der Aarbecht är Liiblingskette vun aner Saachen ze léisen. Dobäi gesäit et och nach ganz flott aus.

Vir e bëssi aus dem Moud- an Accessoireberäich erauszekommen, kennt dir d’Leeder och als Bibliothéik notzen an är Liiblingsbicher oder aktuell Lecture dekorativ presentéieren.

Aner Deko-Iddie wiere kleng Planzen déi dir un e Krop kënnt hänken, oder och e Seel un dat dir Biller a Fotoe kënnt befestegen. En anere Beräich wou dëse styleschen Deko-Trend sech als ganz praktesch erweist ass d’Buedzëmmer. Bei ville Leit fällt dëst schmuel a laang aus an adaptéiert Buedzëmmermiwwele si schwéier ze fannen.

D’Leeder erweist sech als ganz flott Alternativen zum traditionellen Dicherstänner op deen dir zousätzlech, mat engem Krop befestegt Behälter, kënnt är Soin’en raumen.  Ween dann awer méi Platz sollt hunn, kann hei déi adaptéiert Versioun vun enger „Leeder Etagère“ huelen, wou ee méi Platz vir Dëppecher, Crèmen, Dicher, Planzen, asw huet.

D’Leedere fannt dir aktuell a verschiddenen Dekobutteker am Land ewéi zum Beispill Maison du Monde op der Gare, am Casa, am Kichechef, Abitare oder och nach am Ikea an d’Präisser si ganz ënnerschiddlech a fänke bei 39.99€ un.

Vir déi ënnert iech déi léiwer selwer schaffen an handwierklech e bëssi begaabt sinn, kënnt dir dësen Trend och ganz einfach selwer nomaache mat Holzlaten oder de Grousselteren hier Leeder oppeppen an där eent zweet Liewe ginn. Tutorials heivir fannt dir där vill am Netz.

Mir wënsche vill Spaass beim Rondremexperimentéieren.

 

 

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply