Stylesch wunnen

D’Chrëschtbeem gi lues ewer secher liquidéiert. Dachs ass dat een Zäitpunkt wou een sech freet, ob eist Doheem nik kinnt en neien Touch gebrauchen. Mir hunn mat der Miwweldesignerin Vanessa Berghman geschwat, wat eis verréit op wat ee beim Kaf vun neie Miwwel muss oppassen.

D’Vanessa wousst nach ëmmer, dass hat am Design wéilt schaffen, et wousst just nik direkt a wat fir engem Beräich. No senge Grafikdesignstudien um „Arts et Métiers“ huet et säi Studium zu Montpellier fortgesaat. Hat huet gemierkt, dass et méi dräidimensional schaffe wëll. Seng Leidenschaft fir d’Ariichten huet sech ganz schnell entwéckelt.

„Ech rode kengem un mat engem Trend ze goen. De richtege Mix mëscht et“, erkläert déi 30 Joer al Fra. Wann een sech nämlech mat den Trends vun haut ariicht, sinn déi muer schonn erëm eriwwer. An trotzdeem huet d’Vanessa en puer Tipps fir eis. D’Miwwel an den Naturfaarwe wielen, a mat faarwegen Accessoiren Akzenter setzen. Dekoratiounsobjete kënnen sou ëmmer erëm ausgetosch ginn an et gëtt engem sou manner séier langweileg. Deier Miwwele mat bëllege mixen, dat ass a sengen Aen déi ideal Kombinatioun. Qualitéit muss nämlech nik ëmmer deier sinn.

 

Beim Buedem huet d’Vanessa eng Preferenz fir Parquet, well deen eng gewësse Wiermt austrahlt. „Ech sinn och kee Fan vun Tapéiten, da léiwer eng benotzen déi een erëm erofzéien an nei oppeche kann. Ze vill Faarf kann engem iwwregens och no enger Zäit op d’Nerve goen“, erkläert hat weider. Beim Kaf vun de Miwwel sollt een sech op kee Fall stresse loossen. Miwwel hale Joren, do ass et wichteg, dass een sech gutt domat fillt. „Kaaft eent nom aneren a loosst dat mol op iech awierken. Dir gitt mat ärem Interieur eng Botschaft un iech selwer an un är Gäscht, bewosst oder onbewosst“, réit d’Vanessa eis. Ze vill Miwwel an engem Raum huelen engem Platz fir ze ootmen an ze liewen. Manner ass heiansdo wierklech méi. Do kritt een dach direkt Loscht säin Doheem en bëssen nei opzepeppen an et deet manner wéih d’Chrëschtdekoratioun bis nächst Joer wegzeleen…

Miwwel 5
Miwwel 6
Miwwel 7

„Kaaft eent nom aneren a loosst dat mol op iech awierken. Dir gitt mat ärem Interieur eng Botschaft un iech selwer an un är Gäscht, bewosst oder onbewosst“

Vanessa Berghman, Miwweldesignerin

 

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply