Stylësche City-Flitzer

Säit 1974 fiert de VW Golf duerch eis schéi Welt an et gëtt wuel kaum een, deen nach net vun dësem bal kulteschen Auto héieren huet. Och den neie Golf versprécht wéi gewinnt zouverlässeg ze sinn. D’MADI Lieserin Mimi huet e fir eis wärend engem Weekend getest.

D’Mimi ass als Mamm vill ënnerwee a krut vum Garage Losch Bereldange den eTSI-Modell ausgeléint fir en op Häerz an Nieren ze préiwen. eTSI heescht, dass et ë Bensinner ass, deen elektresch ënnerstëtzt gëtt. Dëst ass fir d’Mimi en absolutte Bonus, genau ewéi de Fait dass d’Batterie diskret ënnert dem Bäifuerersëtz verstoppt ass an och net muss un enger Borne opgeluede ginn. Duerch d’elektresch Ënnerstëtzung beim Ufueren a beim Beschleunege kann de Golf definitiv mat engem spuersame Verbrauch punkten, deen en Duerchschnëttswäert vun ongeféier 4,6 l huet. Och den CO2 Wäert läit bei nëmmen 106 Gramm. Duerch seng kompakt (an dach geraimeg) Gréisst an den eTSI Motor ass den neie Golf wéi gemaach fir an der Staat ze fueren.

Wie vill Wäert op Design leet ka sech freeë, well och hei huet de Golf esou Munches ze bidden: vu baussen ass en elegant an dynamesch, a vu banne bitt en eng einfach a komfortabel Notzung vun alle Funktiounen. De Golf erkennt säi Fuerer a passt Astellungen ewéi Sëtzhéicht oder Beliichtung dem jeeweilege Profil un. Immens sympathesch fënnt d’Mimi och, dass ee scho beim Eraklamme léif vum Auto begréisst gëtt. Den Handy kann ee ganz einfach an der Mëttelkonsol ofleeën fir en opzelueden an och am Noutfall ëmmer erreechbar ze bleiwen, an et kann een alles iwwer ‘voice control’ steieren fir de Bléck ëmmer op der Strooss ze halen.

Ganz nei ass och, dass dem Golf säin Numm elo grouss op der Mall ze gesinn ass. Eng staark Ausso vum beléifte VW. Fir extra Sécherheet suergen d’IQ Luuchten, déi eng besser Siicht am däischtere garantéieren an domat och d’Mimi ganz kloer iwwerzeegen.

Dem Mimi säi Fazit ass, dass den neie Golf perfekt fir Singlen oder Koppelen ouni Kanner ass. En ass grouss genuch dass alles seng Platz huet, awer gläichzäiteg kleng genuch fir och an der Staat seng Platz ze fannen. Den zäitlos elegante Flitzer reagéiert schnell a léisst keng Zäit sech ze langweilen, an ass dobäi och nach spuersam. Wat wëll een also méi?

Fir all déi, déi op der Sich no engem zouverlässege Gefiert si mat deem een net just stylesch, mee och sécher a spuersam ënnerwee ass, ass den neie Golf genau dat richtegt.

Sidd Dir elo virwëtzeg a wëllt méi wëssen? Beim Garage Losch vu Bereldange kritt Dir all wichteg Informatiounen a kënnt Iech mat enger Testfahrt iwwerzeegen. Den Auto aus eisem Test ass ab 24.130 Euro ze kréien.

 

Fotoen an Text: Leslie Schmit

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply