Styleschen Schutz

Et ass en Trend, deen zwar keen esou wierklech gewollt hätt, ma deen awer wuel méi laang wäert unhale wéi de neiste Flipp aus der Moudenindustrie. Maske gesäit een net just den Ament iwwerall – och an Zukunft wäert de Stoff iwwert der Nues en Deel vun eisem Alldag bleiwen. Fir vill Leit e Grond, kreativ ze ginn an dat Bescht aus der Situatioun ze maachen. Mir verroden iech  wou dir déi flottste Maske kënnt bestellen.

By Siebenaler

Eigentlech ass Owesbekleedung a Brautmoud d’Spezialitéit vum klengen Atelier zu Bäerdref, ma a Krisenzäite mussen och Designer no Alternative sichen. Fir d’éischt kritesch vis-à-vis vum selwergebitzte Mondschutz, entdeckt d’Nathalie Siebenaler iergendwann en Artikel vun der Stad Essen a post dësen op Facebook, mat der Fro, op hatt och Maske fabrizéiere soll. D’Äntwert ass däitlech: eng éischt Commande vun enger Apdikt, d’Ufro vun engem Altersheem an Tonne Message vu Privatpersounen, déi all no engem Mondschutz sichen. „Ech bréngen normalerweis zweemol d’Joer eng nei Schalkollektioun eraus an d’Fréijoersmodeller ware just prett fir an d’Geschäfter, wou d’Quarantän ugefaangen huet. Och wéi gewinnt Kleeder op Mooss maache geet den Ament net, dofir sinn ech frou dass d’Masken elo e bëssen dat opfänken, wat ech anerwäerts duerch d’Mesuren elo net verkaf kréien“, esou d’Nathalie.

Fir 20 Euro kritt een eng Mask aus Bio-Kotteng a Fleece, déi duerch hir Form angeneem ze droen ass, och wann d’Bild bis ewell en ongewinnt bleift. „Wann een akafe geet laacht een de Leit normalerweis, lo schwätzt ee just nach mat den Aen”, seet dat 34-Järegt. Momentan bitzt d’Creatrice mat Meeschterbréif als Couturière seng Masken aus Stëfter, déi hatt fäerdeg bestellt, ma nieft Mustere mat Villercher, Muschelen a Co. iwwerleet d’Nathalie awer och, seng eegen Designs op de Mondschutz drécken ze loossen: „Ech fäerten, dass deen Trend nach wäert unhalen, dofir wier et flott eppes selwer ze entwerfen.“ 400 Masken huet d’Nathalie scho verkaf, pro Mask brauch hatt ongeféier 15 Minutten. Wien selwer och e Schutz an der Standardgréisst fir Männer a Fraen, oder eng speziell kleng Variant fir Kanner bestelle wëll, dee kann dat ganz einfach via Messenger, Instagram oder Mail maachen. A sengem Onlineshop sinn d’Masken nach net gelant – dofir hat d’Nathalie beim ville Bitzen einfach nach keng Zäit.

Sophi(e)stication

1.200 – dat ass d’Unzuel u Masken, déi d’Sophie Dewalque bis elo gebitzt huet. Eigentlech war d’Iddi vun der Stylistin, sech bei govjobs.lu unzemellen a via d’Scouten seng Maske verdeelen ze loossen. Ma de System vu #BitzDoheem war awer net dat, wat d’Grënnerin vu Sophi(e)stication gesicht huet: “D’Maske sinn op Stock gehale ginn, obwuel vill Leit dës dringend gebraucht hätten, virun allem déi déi als Educateur mat Handicapéierte schaffen oder Leit an Altersheemer.“ Well d’Sophie awer kee Business aus senge Maske maache wollt, huet hatt sech missen eppes afale loosse fir de Mondschutz weider ze bitzen, d’Käschte vu Stoff, Lastik a Co. awer kënnen zum Deel ze decken. Den Opruff zum Don war d’Léisung – egal op Suen oder awer Material. Aus e puer Maske sinn der schnell 30 bis 80 den Dag, esou dass dat 36-Järegt vun Télétravail mam Accord vu sengem Direkter zum Vollzäit-Bitze geswitched ass. „Ech schaffen Hallefzäit als Selbststännegt, kréien awer wieder meng Paie, wat bei ville Createuren net de Fall ass. Dat hei ass mäi klenge Bäitrag fir all deenen ze hëllefen, déi et den Ament méi schwéier hunn wéi ech“, esou d’Sophie.

Fir dëst och kënnen esou effikass wéi méiglech ëmzesetzen, verzicht d’Stylistin op Smalltalk mat de Clienten oder eng geziilten Auswiel vu Stoffer. Gebitzt gëtt, wat doheem nach vun ale Kollektioune recht ass oder wat d’Leit him schenken, esou ënner anerem och Bettgedécks, wat d’Sophie einfach gefierft huet. „Ech hu missen e bëssen erfinderesch ginn, vu dass Saache wéi Lastiker mëttlerweil iwwerall en rupture de stock sinn, dofir hunn ech ugefaangen, T-shirten ze zerschneiden oder d’Bännercher aus Collanten ze maachen, dat ass fir mech bis elo de beschte System“, verréit hatt. Säi Modell ass dobäi ëmmer dee selwechten: eng Mask mat véier Säiten, zwou bannen an zwou baussen, plus enger Ëffnung, wou ee selwer nach e Nuesschnappech oder Filter kann draleeën. Bestelle geet och beim Sophie einfach via Message an och wann hatt net vill Zäit huet fir Kosettercher ze halen, ass seng Aarbecht dach eng wäertvoll, esou d’Sophie: „Wa mir iergendwann rëm all kënnen normal erausgoe well mir Masken hu fir unzedoen, da bitzen ech wieder, well dovun hu mir all eppes.“

Anne-Marie Herckes

Wéi eent vun hiren handgemaachen Accessoirë sinn och d’Maske vun der Moudendesignerin Anne-Marie Herckes e richtege klengen Hingucker. Méi klassesch oder als Set a Kombi mat engem summerlechen Dräiecksschal an enger Pärelskette stiechen dem Anne-Marie seng Maske virun allem duerch déi vill geblimmelt Musteren eraus, déi direkt als Stoffimport vu Liberty London kommen. Ugangs huet d’Designerin op d’Demande vun hire Clients reagéiert a Masken am Tosch géint Naturalien verdeelt, mëttlerweil gehéiert d’Bitze vu Mondschutzen zum festen Alldag vum Anne-Marie: „Ech sinn aktuell drun e Modell ze entwéckelen, deen ech herno a meng Accessoirekollektioun ka mat ophuelen an iwwerleeën och vläicht Maske mat engem Nueseband ze maachen.“

Wien bei Herckes bestellt, muss den Ament awer e bësse Gedold matbréngen, well opgrond vun ze ville Commanden dauert d’Liwwerung vun de Maske bis zu enger Woch. Ma d’Waarde lount sech awer, well wien e Bléck an dem Anne-Marie säin Insta-Account werft, dee gesäit schnell, dass dëse Mondschutz net just gutt fir de Schutz vu sech a senge Matmënschen ass, mee och a Krisenzäiten dem Outfit e klengen Touch Summerfeeling ka verpassen.

Vol(t)age

Eng ganz speziell Mask huet de Createursduo vun der Lëtzebuerger Mark vol(t)age kreéiert. „V-masks“, also en moudeschen Dräiecksschal kombinéiert mat enger eropzéihbarer Mask, nennt sech de Mondschutz, dee net nëmme virun der Ustiechungsgefor schützt, ma och no Corona nach ka gedroe ginn, ouni optesch un Krisenzäiten ze erënneren. Eng klassesch Mask fir hannert den Oueren zouzestrécke war dem Claudie a Stéphanie Grisius net vol(t)age genuch – et huet e méi freshe Modell missen hir. „Mir hunn aus eisem bekannten T-shirt-Stoff e Maskeschal designt, deen ee liicht un- an ausdoe kann a wou sech d’Maskestéck erastülpe léisst, esou dass et kaschéiert ass. Ech muss soen dass dat scho relativ clever iwwerluet ass”, erkläert d’Claudie mat engem Laachen.

Den éischte Prototyp aus Kotteng gouf an der Fabrick a Portugal produzéiert an ass den 1. Abrëll an de Verkaf gaangen. „b(e)at the virus” – e Numm, deen e kloert Statement setzt an déi méi casual Versioun am Stil vun den typesche vol(t)age „smart-shirts“ beschreift. Fir 80 Euro kann een des Mask am Onlineshop vun de Geschwëster Grisius bestellen, wien awer eppes méi Schickes sicht, dee gëtt hei och fündeg. „delux(e) silk v-mask“ nennt sech dee Modell, deen mat engem Präis vun 220 Euro zwar definitiv net geschenkt ass, ma fir Fashionistaen awer déi perfekt Optioun, fir och an Zukunft geschützt reesen an akafen ze kënnen. „D’Seidemask kann een och op 60 Grad wäschen, mee mir roden de Leit un se dertëschent ëmmer mol rëm ze steamen, dat ass méi effikass”, esou d’Claudie. An all de Maske vu vol(t)age ass Vlieseline an de Monddeel mat agebitzt fir der Matière méi Stand ze ginn an se nach méi sécher ze maachen. D’Motiver sinn heibäi déi typesch vun der Mark, bei de Faarwe wäert de Stock an Zukunft awer nach erweidert ginn, fir dass och jiddereen dat passend fir sech fënnt.

Et gëtt also kee Grond méi fir d’Haus net stylesch ze verloossen an dat och a Coronazäiten.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply