Summer Dreem

Endlech sinn se do: déi schéi laang Summer Deeg. An wann ee vu Summer a guddem Wierder schwätzt denken déi meescht och un Grill, Gaart oder Terrasse. Sidd dir da scho prett vir d’Gaardesaison 2019? Wësst dir wat dëse Summer Trend ass fir dass äre Gaart oder är Terrasse zu ärer Liiblingsplaz Doheem gëtt? Wann net, dann hu mir hei genau déi richteg Tipps vir iech fir déi laang Summernuechten sou richteg schéin a gemittlech ze gestalten.

 

Boho Oase

Dësen Trend huet an der leschter Zäit vill Léit iwwerzeegt an elo kënnt en och an äere Gaart: de Bohême Style. Hei gëtt oft op douce Holztéin an natierlech Matièren zeréckgegraff. Egal ob dir éischter e verdreemte Wäisstoun léiwer hutt, oder mat Faarwen a Mustere spillt, d’Oase an ärem Gaart oder op ärem Balcon wäert sécher en Highlight fir iech an är Invitéë sinn. Dir frot iech elo wéi dir de Boho Style doheem kënnt ëmsetzen?

Hei eis Iddien: Miwwelen a Canapén aus Bambus sinn hei genau dat richtegt. Fir déi, di gäre selwer créeieren oder net vill Platz um Balcon hunn, ass e Sëtzeck aus Holzpaletten ideal. Vir der Deko de richtege Bohème Look ze ginn, kënnt dir gäre mat de Këssen iwwerdreiwen: verschidde Formen a Faarwen, mat Fransen, Verzierungen a Stickereien. Aner Elementer déi dëse Look vervollstännege si Liichterketten, Lampion’en an natierlech en Teppech deen d’Kréinung vun ärem private Paradäis ass.

Higher and Higher

En aneren Trend dëst Joer ass: Planzen. Planzen am Gaart, ganz originell wäert dir elo soen? Ma dës sollen net ewéi gewinnt um Buedem stoen oder einfach un d’Gelänner gehaange ginn, nee, et geet richteg an d’Luucht. Alles wat net um Buedem ass, ass gutt. Ob opgehaangen, op verschidden Héichte mat Stänneren a Bänken opgestallt oder d’Mauer eropgewuess, all d’Héichten si welcome. Kuckt wat an ären Espace am beschte erapasst, spillt mat de verschiddene Méiglechkeeten a kombinéiert se, da léit dir voll am Summertrend 2019.

Greenery

Och hei ass en Trend vu bannen no baussen iwergang: d’Usammlung vu Planzen a Potager’en. Dir braucht net en immens grousse Gaart ze hunn vir dëst ëmzesetzen, dir braucht u sech guer kee Gaart heivir. Vu dass ëmmer méi Léit sech vir en vegetareschen an vegane Liewensstil entscheeden, ginn ëmmer méi Alternativen zum Ubau vu Geméis a Kraider fonnt. Dir kënnt iech also e Potager uleeë vir verschidde Geméis- a Kréiderzorte selwer op méi klengem Espace unzebauen.

5th room

D’Tendenz an de leschte Jore war et den Extérieur méi an d’Wunnraim ze intégréieren: d’Stuff, d’Kummer, ma souguer d’Buedzëmmer ass ëmmer méi mat Planzen an Holzmiwwel gefëllt gi vir en méi naturbewosst Ëmfeld ze schafen. 2019 gëtt dës Tendenz ëmgedréint an d’Terrasse oder de Gaart sinn als Verlängerung vum Interieur ugesinn. D’Deko bannen a Bausse gëtt vermëscht an d’Terrasse gëtt als 5. Zëmmer bezeechent. De Wunnraum gëtt esou amenagéiert dass een zum Beispill aus dem Iesszëmmer direkt eraus ka goe vir vun enger gemittlecher Ambiance ze profitéieren. Ganz beléift sin hei Dekoelementer déi dir Bannen genau sou ewéi Dobaussen kënnt opstellen. 

 

Color mix

Déi di Faarwe gären hunn, kommen dëst Joer och op hir Käschten. Genau esou ewéi am Moude Beräich, sinn dës Saison an der Gardendeko Faarwen ugesot ! Ob dir elo bei de Klassiker gréng, blo oder rout bléift, méi peppeg mat Corail orange oder Terracotta waarmen Nuance spillt ass iech ganz iwwerlooss. Ideal zu dësem Trend si faarweg Still, ewéi zum Beispill déi ganz berühmten Acapulco Fauteuile déi et natierlech an alle méigleche Faarwen gëtt.

Mat dësen Tipps sidd och dir elo prett vir de Summer a kënnt a Rou déi waarm a laang Deeg an ärem Doheem genéissen. D’Terrassemiwwel vun de Fotoen fannt dir iwwrigens bal all bei Boconcept.

 

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply