Super Seef

Seef war nach ni esou am Trend wéi am Moment. Nach ni hunn mir eis Hänn esou oft gewäsch…Mir hunn eis op d’Sich no der beschte Seef vu Lëtzebuerg gemaach.

D’Seefe vun der Cooperative „Yolande Coop“ kréinen mir zu eiser Super Seef. Firwat? Ma si gi genausten op d’Ufuerderunge vun hire Clienten an, well dës hunn sech iwwert déi lescht d’Jore staark geännert. D’Leit froen ëmmer méi no den Zutaten, wou se hierkommen, ob d‘Produite vegan sinn oder aus wat d‘Verpackung besteet. Nohaltegkeet ass der „Yolande Coop“ ganz wichteg a si setzen alles a Beweegung fir hir Produiten och op dës Schinn ze bréngen.

Enn 2019 hunn si der Kultseef en neie Styling verpasst. En neien Design gouf ausgeschafft. Y’s Soap ass si gedeeft ginn, Y fir „Yolande Coop“. A well si sou houfreg doriwwer sinn, datt et si scho säit 2007 gëtt, steet och de „since 2007“ op all hire Seefen.

Bei de Stécker Seef, kommen si zousätzlech lues a lues vu Parfum a Faarf fort. Dës ginn ersat duerch ätheresch Ueleger an/oder Bléie vu Blummen a Kraider. Niert dem agreabelen Doft, hunn dës Zutaten och nach fleegend Eegenschaften. Mat dëser Seef huet dir also keng Hänn méi wéi nom ville wäschen.

Ma d’“Yolande Coop“ kuckt nik nëmmen op d’Fleeg, och d’Ëmwelt ass hinne wichteg, dofir sinn d’Seefen elo just nach mat engem dënne Pabeierbändche verpak, also nik méi mat Plastik a vill Kartong.

 

Wéi eng natierlech Seefe bidden si un?

Natural Nr 1 – Aloe Vera

Natural Nr 2 – Bio Jojoba Ueleg

Natural Nr 3 – Bio Mandel Ueleg

Natural Nr 4 – Bio Sheabotter

Natural Nr 5 – Lavendel

Natural Nr 6 – Zitrus und Rous

Natural Nr 7 – Bergamotte und Ingwer

Kicheseef – Kaffi

Natural – Oliveseef

 

A ganz nei am Sortiment hunn si Ufank 2020 och Hand- a Kierperseef an der flësseger Variant. Dës Gamme besteet aus 6 Dëft jeeweils am 250ml an am 500ml Format. Och hei ersetzen héichwäerteg Ueleger Parfum a Faarf an de Behälter ass aus recycléiertem Plastik.

cialis 5mg visit, levitra rezeptfrei Euro2000

 

Wéi eng Variante ginn et hei?

Thymian & Rosmarin

Lavendel

Zitrus & Rous

Bergamotte & Ingwer

Mandel Bio-Ueleg

Aloe Vera

All hir Produiten si vegan an hunn de „Made in Luxembourg“ Label

Elo wësst dir firwat mir hir Seef zur Super Seef gekréint hunn a wëllt natierlech wësse wou een dës Seef ze kafe kritt? An normalen Zäite ginn d‘Seefe vu „Yolande Coop“ am Buttek zu Betzder an och am Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher verkaf. Ganz nei an och duerch déi aktuell Situatioun, verkafen si hir Produiten och op letzshop.lu. Einfach a bequem kënnt dir iech d’Seef raussichen déi am beschte bei iech passt a kritt se dono Heem geliwwert. D’Liwwerkäschte gi souguer vu „Yolande Koop“ iwwerholl.

De Gesamterléis vum Verkaf fléisst direkt zréck an d’Aarbecht mat hire Salariés handicapés an den Ateliers d’inclusion professionnelle. Wann dat kee Grond ass sech haut nach sou eng Seef ze bestellen. Sou ënnerstëtzt dir d‘Ateliere an ditt ärer Haut eppes Guddes.

 

Mady Lutgen


Leave a Reply