Vakanz Desaster

No engem Joer ouni Congé hunn ech mech immens op eng Auszäit gefreet. Mat zwou Frëndinnen iwwerleeë mir eis wéi déi perfekt Vakanz soll ausgesinn. Fir mech steet fest, ech brauch Rou an ech wëll Sonn. Mir decidéieren eis een Haus an der Provence ze lounen. En Haus mat Pool, dee muss einfach sinn. Chillen a liesen an der Sonn mat dotescht kuerz an d’Waasser sprangen. Dat klängt no engem Plang.

Viru 5 Joer hat ech schonn eng Kéier en Haus an der Provence gebucht mat Frëndinnen a menger Mamm. Ech hat deemools en neien Internetsite entdeckt: www.coinsecret.eu. En Site dee méi speziell Vakanzenhaiser fir ze lounen unbidd. Deemools ware mir super zefridden, mir haten een aalt renovéiert Haus gebucht. Sou eppes an deem Genre wollte mir dës Kéier och.

Well mir zimlech spéit mam Buchen drun waren, krute mir just nach puer Haiser ugewisen. Mir hunn eis fir en modernt Haus mat Pool entscheet an der Géigend vun Avignon. Präis fir eng Woch 2500 Euro. En stolze Präis, dee mir ewer bereet waren auszegi fir eng Erhuelung déi mir eis sou gewënscht haten.

No 11 Stonnen Autofuere komme mir endlech zu Le Thor un. Ech hat de Besëtzer vum Haus eng Sms geschriwwe fir Bescheed ze soe wéini mir ukommen. Si hunn mir confirméiert, dass dat ok fir si wier. Wéi mir owes ukommen, sinn si nach am gaange mat botzen a froen eis, ob mir méi spéit kënnen erëmkommen. Mir ginn akafen a kommen zréck an d’Haus. A mir trauen eisen Aen nik.

Iwwerall sti privat Saache vun der Famill. Néierens Platz fir eis Saachen. Mir kommen an d’Kummeren a stelle fest, dass d’Better nik gemaach sinn. Do huet virdrun nach een dra geschlof. Toilettë sinn dreckeg. Op der Couche sinn iwwerall Flecken. D’Kaffismaschinn an de Wasserkocher sinn degueulasse. T’ass näischt wierklech gebotzt. Mir wëllen d’Better nei opzéien a mierken, dass Lächer an der neier Bettwäsch sinn. Mir fänken allen dräi bal u mat kräischen. Mir hunn eis sou op eng schéi Vakanz gefreet an elo dat do?

Coins Secrets verspriechen op hirem Site, dass si d’Haiser virdru kucke ginn, dass si d’Haiser fir hir Cliente eraussichen. An si schreiwen dass si sur place fir hir Cliente do sinn. Et ass Samschdegowend, hire Büro ass natierlech zou. An hirem Reglement steet, dass si Reklamatiounen nëmmen unhuelen, schrëftlech a bannent 24 Stonnen. Mir maachen direkt Fotoen an schécken déi mat enger Reklamatiounsmail. Mir sinn esou uneekelt vum Haus, dass mir bausse schlofen, baussen ass et nämlech méi propper wéi dobannen.

Méindes moies ruffe mir bei Coins Secrets un. Eis Mail war anscheinend am Spam gelant. Mir hätte gär eis Suen zréck oder en Haus wat 2500 Euro wäert ass. Si soen eis um Telefon, dass si probéieren un hir Direktioun ze kommen an si eis da kontaktéieren. Well mir bis mëttes näischt héieren hunn, fuere mir an d’Agence. Di zwou Madammen an der Agence hunn d’Fotoe gekuckt a versécheren eis, dass esou eppes nik geet. Si erzielen eis, dass et fir d’éischt ass wou dëst Haus verlount gëtt. Mir sinn also déi éischt Locatairen. Mir kréien den Direkter op den Telefon deen eis seet, dass en eng Léisung fënnt an eis dann zréck urifft.

Am fréien Owend rifft hien eis zréck a seet, dass hien déi Famill schonn zanter 10 Joer kennt an eis nik an dass mir déi Fotoe jo och hätte kënne maachen nodeems mir scho puer Deeg do gewiescht wieren. Mir fillen eis komplett verrascht an am Stach gelooss. Hien sot eis och, dass kee vun der Agence op d’Platz kucke kënnt.

Dono rifft en nach eng Kéier un fir eis ze soen, dass d’Propriétairë géife botzen. Si géifen eis keen neit Haus sichen a mir kriten och keng Suen zréck. Dat wiere keng grouss Problemer. Mir schlofe bei Frënn, déi och en Haus an der Géigend hunn. Den Dag drop komme mir erëm bei eist Haus zréck.

Et ass méi propper wéi virdrun. Trotzdeem ass nach ëmmer alles voller Stepps, d’Saache sinn nik ewechgeraumt, Toiletten nach ëmmer nik propper an eis Better nik frësch opgezunn.

Mir hunn keng Nerve méi, sinn esou enttäuscht a rosen. Mir fueren erëm heem. Wat am Fong déi schéinst Zäit vum Joer sollt ginn, huet sech zum Albdram entwéckelt. Nik nëmmen dass mir einfach mol 2500 Euro aus der Fënster geworf hunn, mir sinn och nach méi midd wéi mir et virun der Vakanz waren an null erholl, ganz am Géigendeel. Mir hunn bis haut nach näischt vu Coin Secret héieren.

Deen eenzege Liichtbléck vun eisem Kuerztrip war eisen Auto. D’Garage Losch vu Bäreldeng hat eis fir d’Vakanz den neie VW T-Cross als Testauto zu Verfügung gestallt. Den Auto fiert sech super gutt, an et sëtzt ee bequem wat fir eis wichteg war bei där laanger Rees. Mir konnten iwwerall problemlos parke well den Auto zwar héich ass mee nik lang. Een Highlight war, dass ee soubal een d’Steierrad lass gelooss huet, gebiede gouf d’Lenkung erëm ze iwwerhuelen. Eng wichteg Funktioun wann ee laang fiert, well een dann och mat der Zäit midd gëtt. Platz hate mir och masseg fir dräi Fraen déi fir sechs agepaakt haten.

Eppes ass sécher, ech hunn doraus geléiert kenger Internetsäit méi ze vertrauen an an Zukunft just nach iwwert Agencen ze buche wou ee vun Ufank un een Uspriechpartner huet.

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply