Verréckt Bounen

Soubal déi éischt Réidercher aus dem Hochbeet gesammelt ginn, stinn och erëm méi oft Zaloten um Programm. Dobäi muss et sech net ëmmer em gréng Zalot handelen, ma et kann een sech och eng gutt siedegend Zalot mat Bounen maachen. Ech hunn mech fir wäiss Bounen entsteet well se ganz gutt zu den Réidercher a Kornischongen passen, souwéi och zum einfachen Dressing. D’Réidercher an d’Kornischongen bréngen Faarf a Struktur an schmaachen och super dobäi. 

D‘Zalot kann een als Bäilag zerwéieren, ma en ass awer och ganz passend fir mat op den Büro ze huelen, bei engem Picknick oder beim Grillen. Dobäi ass en och ganz einfach a schnell gemaach an et brauch een och net wierklech vill Ingredienten. Natierlech kann een jee no gusto och nach passend Kraider dobäi maachen oder d’Geméis austauschen.

Een klengen Tipp: D’Vinaigrette léisst sech ganz gutt an engem Twist Off Glas vermëschen. Einfach alles an d’Glas ginn a gutt resellen, bis sech eng homogen Zooss entwéckelt huet. Sou léisst et sech och einfach virbereeden an d’Vinaigrette hält sech puer Deeg am Frigo.

 

Virbereedungszäit: 15 Minutten

Dauer: 15 Minutten

Fir: 4 Persounen als Bäilag

 

Ingredienten fir d‘Zalot

1 Glas wäiss Bounen

1 Kornischong

1 Bond Réidercher

6 Zockerschoten

 

Ingredienten fir d’Vinaigrette

1 TL Moschter

25 ml Äppelesseg

30 ml Ueleg

1 Schallotte

Salz

Peffer

Zoubereedung

  1. Fir d’Vinaigrette den Moschter mam Äppelesseg, Ueleg, enger kleng geschniddener Schallott, Salz a Peffer mëschen.
  2. D’Bounen ofscheeden an mat der Vinaigrette an eng Schossel ginn.
  3. D’Kornischong wäschen, a kleng Stecker schneiden an ca 30 Minutten an engem Sift mat Salz entwässeren. Dono bei d’Bounen an d’Schossel ginn.
  4. D’Réidercher wäschen an a kleng Stecker schneiden a bei d’Bounen an d’Schossel ginn.
  5. Zockerschoten opbriechen an d’Ierbessen eraushuelen an an d’Schossel dobäi ginn.
  6. Alles gutt vermëschen an direkt zerwéieren.

Gudden Appetit!

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese léiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. 

Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply