Verstoppten Oase

Am Moment lafen d’Wäiliesen op der Musel op Héichtouren, all d’Blécker sinn op d’Wéngerte geriicht. Mir hunn fir iech en ganz spezielle Wéngert erausgesicht a sinn do op Entdeckungsrees gaangen. Den Hierscht a senger Faarwepracht ass jo dee perfekten Zäitpunkt fir raus trëppelen ze goen…

Am Kanecher Wéngertsbierg ware fréier vu Gouschteng bis op Kanech ganzer 45 Hektar Wéngerten ze fannen, haut ass et just nach knapp véier Hektar, ma dësen huet et an sech well en ass nach mat alen Dréchemaueren ausgeriicht a vun enger wonnerschéiner Natur ëmginn. D’Stëftung Hëllef fir d’Natur huet de Wéngert deelweis opkaf an der Sektioun Lenneng-Kanech vun der Natur an Ëmwelt zur Verfügung gestallt, déi sech zanter hier ëm den zwee Kilometer Südhang këmmeren. 1995 hu si den éischte Biowäi vu Lëtzebuerg erausbruecht. Wann dat kee Grond ass sech dës Platz mol méi genau unzekucken. Mir buchen via de Site vun dem Office Régional Du Tourisme vun der Musel „Visite Moselle“ eng Visit Guidée mam Guide Marc Feidt.

Treffpunkt ass zu Gouschteng. Vun do aus geet et direkt ze Fouss bei a ronderëm de Wéngert. Den Trëppeltour ass fënnef Kilometer laang a mir wäerten zwou Stonnen ënnerwee si well de Marc eis natierlech dotëscht vill ze zielen huet.

D’Dréchemauere ginn dem Wéngertsbierg en ganz bestëmmte Charme, et fillt een sech wéi am Süden, wéi an der Vakanz.

De Marc erzielt eis wéi déi Mauere gebaut goufen a firwat se wichteg si fir de Wéngert. Virun allem späicheren se d’Hëtzt, déi de Riewen ze gutt kënnt an hei sinn duerch déi Hëtzt och ganz aner Planzen an Déieren ze fannen, déi mir soss hei zu Lëtzebuerg seelen ze gesi kréien. De Marc erkläert weider, dass de Wäi fréier wéi haut e wichtige Wirtschaftsfakto zu Lëtzebuerg war, tëscht 1880 an 1920 huet de Wäibau geboomt. D’Wäikultur zu Lëtzebuerg huet vill Héichten an Déifte matgemaach. Mir gi lauter nei ganz interessant Fakten iwwert de Wäinbau gewuer.

Nieft den Anekdoten an den Informatiounen déi de Guide eis erzielt, kënne mir déi onbeschreiflech schéi Landschaft wärend dem Trëppele genéisse mat Aussiichten déi wéi gemoolt ausgesinn.

Mir begéinen ënnerwee Schoof, Geessen, Päiperleken a souguer Eidechsen. Um Kanecher Wéngerstbierg kann ee schonn am Februar ouni Jackett spadséiere goen, et ass wéi eng verstoppte summerlech Oase.

Mir entdecke souguer wëll Riewe mat Drauwen a probéieren se natierlech direkt. Se schmaache ganz séiss, domat hate mir alleguerten nik gerechent, eng super Iwwerraschung.

Den Trëppelwee kann ee wärend dem ganze Joer goen, am Fréijoer an Hierscht ass en awer am schéinsten.  En ass einfach ze trëppele mat gudde Schong, just ass en fir Poussetten nik ideal.

Zum Schluss vun eiser Tour krute mir natierlech de Bio Crémant « Terrasses d’Or » an den Elbling “Gotteszorn” vum Kanecher Wéngertsbierg ze schmaachen. E Genoss bei dëser Vue a Rou.

Wëllt dir elo am Hierscht de Kanecher Wéngertsbierg och entdecken, da mellt iech ganz einfach beim Office Régional Du Tourisme vun der Musel a maacht eng Visite Guidée mat. Mir hunn vill bäigeléiert an eng Auszäit an der Natur genoss.

 

Text: Mady Lutgen mat Visit Moselle

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply