Waassermelounen Kick

Wann et esou waarm ass, ass eng fruchteg Zalot genau dat richtegt. Waassermeloun ass immens erfrëschend an zesumme mat de schaarfe Chilli an dem aromateschen Thaibasilikum einfach nëmme lecker! 

Natierlech kann een de Chilli och duerch eng manner schaarf Zort ersetzen. Hei gëllt meeschtens déi Reegel wat se méi grouss sinn,wat se manner schaarf sinn. An deem Fall kann een se dann och ganz kleng hacken an och nëmme souvill, wei een es wëll.

Wann dir no Thaibasilikum sicht, dann huelt dee mam mofe Still. Dësen ass immens aromatesch a schmaacht no Anis a Lakritz. En ass och bësse méi séiss wei den typesche Basilikum dee mir hei zu Lëtzebuerg kennen.

Bei der Waassermeloun hunn mir eis fir eng méi eng kleng Zorten entscheet, well dës vill manner  a méi kleng Kären huet, déi een einfach matiesse kann. Och d’Fruchtfleesch ass méi haart an doduerch wässert d‘ Zalot och net esou schnell.

Virbereedungszäit: 15 Minutten

Fir: 4 Persounen als Bäilag

Ingredienten:

 1/2 Waassermeloun

1-2 kleng rout Chills

1 Limette

1 Bond Thaibasilikum

Salz a Peffer

Zoubereedung:

  1. D`Schuel vun der Waassermeloun ewech schneiden.
  2. D’Waassermeloun a kleng Stecker schneiden oder ausstiechen.
  3. D’Chilli an dënn Scheiwe schneiden.
  4. De Basilikum zesummefalen an a ganz dënn Scheiwe schneiden.
  5. D’Waassermeloun, Chilli an de Basilikum op engem Teller uriichten.
  6. D’Limette opschneiden an de Jus iwwer d’Waassermeloun ginn.
  7. Mat Salz a Peffer wierzen a zerwéieren.

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese léiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. 

Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply