Wellness Paradise

En Kazesprong vu Lëtzebuerg fort, läit an der Eifel en Chalet, deen et an sech huet. Wien Rou an Entspanung sicht, ass hei genau richteg. De Chalet Tirolia ass wuel en klengt Paradäis, wat een nëmme rare fënnt.

Ongeféier eng Stonn mam Auto fort fënnt een an engem klengen Duerf en Chalet aus Holz mat ganz vill Charme. Ronderëm nëmme Koppen, eng wonnerschéi Landschaft a Villercher déi päifen.

Déi modern bausse Beliichtung léisst schonn drop schléissen, dass hannert dëser Dier méi wéi just en hëlzent Haische stécht. Beim Betriede fält engem direkt den Dekor an d’Aen dee ganz suergfälteg ausgesicht gouf. Alles passt beieneen. Et geet een duerch eng voll equipéiert Kiche mat all Schnickschnack bis an de Salon mat engem Gazkamäin. Hei kann een sech et sou richteg gemittlech maachen. Zitt een déi säitlech Dier op, waart eng Iwwerraschung op een. En bausse Jacuzzi wou een no senger eegener Präferenz d’Faarf vun de Luuchte ka changéieren. En besëtzt souguer en Massageprogramm.

Wann ee banne weider geet, kënnt een an en Zëmmer mat engem grousse Bett an enger Sauna. Och hei kann een d’Ambiance unhand vun der Faarf vun de Luuchte changéieren. Niewendrun fënnt een en Buedzëmmer mat enger Dusch an um éischte Stack ass nach eng Kéier en grousst Zëmmer. Op dëser Platz kann een sech et sou richteg gutt goe loossen. Ob Sauna oder Jacuzzi. D’Erhuelung steet am Mëttelpunkt.

De Chalet Tirolia ass ideal fir en Weekend einfach mol de Kapp fräi ze kréien. Ronderëm kann een och wonnerbar trëppele goen. An dat bescht ass, moies steet de Kaffi virun der Dier. Luxus pur mat engem Hauch vun Abenteuer. Wann dir Entspanung sicht, hei fannt dir se op alle Fall.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply