Wine Chic

Chardonnay, Cabernet, Merlot, … Ob Owes am Restaurant oder virum Rayon am Supermarché, oft weess een net wierklech weie Wäin ee bestellen oder kafe soll. Wann de Serveur am Restaurant dann och nach freet ob een e schmaache wëll, da gëtt et richteg onangeneem. Wéi war dat scho méi? Vir d’éischt dréinen, an da richen? An mam “Loft duerch d’Zänn loossen”? Geet et iech och esou?

Mir hunn eis mam Tanja de Jager, Inhaberin vum Dipso a Wäikennerin, zesummegesat an en 1 x 1 vu Wäinkenntnisser zesumme gestallt.

Wann een de Wäin ze schmaache kritt, soll een op e puer Saachen oppassen : Fir de Wäin richteg ze schmaache soll een net nëmmen e klenge Fong, mee am beschten 2 Fanger breet an d’Glas schëdden, soss entfaalt sech de Goût vum Wäin net richteg. An da kënnt déi éischt Etapp: d’Glas dréinen. Do kënnt dir am Ufank d’Glas um Dësch loossen an et mat de Fanger zum dréine bréngen, oder, vir déi wou méi Übung hunn, ophiewen an dréinen. Passt awer op, dass et net iwwerleeft. Dëse Geste erlaabt et dass de Wäin sech op der Wand vum Glas besser verdeelt, de Wäi méi Loft kritt an ee méi richt. An hei e klenge Profi Tipp vum Tanja: d’Nues soll een net ze déif an d’Glas stiechen, mee éischter kuerz a beim anootmen um Wäi richen, ausootmen, an dann erëm widderhuelen. Eis Nues gewinnt sech immens schnell un e Geroch a kritt also beim ze laangen an déiwen anootmen net vill vum Geroch mat. Dorunner kann ee scho mierken op de Wäi sauer oder verstoppt ass.

An hei léif Damen, hu mir en Virdeel par Rapport zu de Männer:

Fraen hunn eng méi sensibel Nues a richen esou Saache méi einfach eraus ewéi Männer, an, Fraen hunn zudeem och méi Geschmacksnerven ewéi Männer. Dëst heescht dass mir also éischter richen a schmaachen ob de Wäi gutt ass oder net.

Elo kënnt vläicht de schwéiersten Deel vum Wäischmaachen: wann een eng Schlupp hëlt, soll een en duerch d’Zänn zéie vir dass, nacheemol, Loft erakënnt. Wat de Wäi méi otemt, wat e méi schmaacht. Fir et ganz richteg ze maache kann een de Wäin souguer Stonnen ier een e drénkt opmaachen oder och  “dekantéieren”, en also an eng Karaffe schëdden a stoe loossen.

Och un der Faarf kann ee schonn eppes iwwert de Wäi gewuer ginn : Beim Rouden, ass de Wäin éischter rosa, dann ass en méi fruuchteg an néi, wann een awer gesäit dass d’Faarw net ganz eenheetlech ass oder en éischte Bord sech oftrennt, dann ass et e méi ale Wäin.

Bei Wäissem ass et dann esou änlech: Wat e méi däischter ass, wat e méi kräfteg an al ass.

Oft freet een sech da bei wéi vill Grad een e Wäin drénke soll oder wei laang dësen, wann e bis op ass, am Frigo hale kann ? Do kennt d’Stéchwuert “Zëmmertemperatur” op. Mee wat bedeit dat genau ?

Do erkläert d’Tanja, dass dëst Haut net méi zoutrefft well sech eis Gewunnechte geännert hunn. Haut hu mir en Duerchschnëtt vun 20-24 Grad Doheem an dëst entsprécht dem Wäin guer net. “Zëmmertemperatur” ass vun der Zäit wou et nach keng Heizung gouf. Ideal Temperatur vir Wäin ass 8-12 Grad vir Wäissen a Roude bis zu 16 Grad. Am Frigo kann een de Wäisse bis zu 7 Deeg loossen, e Roude par contre 2, vläicht 3 Deeg.

Zu gudder Läscht nach e ganz gudden Tipp vum Tanja vir Wäikennerin ze ginn: Déi beschte Manéier Wäi kenneléieren ass et Wäin ze drénken. Majo dann hu mir elo e gudde Grond fir kee Glas méi um Mädelsowend stoen ze loossen.

An wann dir lo op den Goût komm sidd vum Wäinschmaachen, dann loosst iech d’Portes Ouvertes vun Bernard-Massard dëse Weekend op kee Fall entgoen. Muer ass op vun 14.00-19.00. En Samschden vun 10.00-19.00 an en Sonnden vun 14.00-18.00. Mir wënschen iech vill Spaass.

 

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply