Beauty Dream

Sidd dir nach op der Sich nom perfekten Kaddo fir iech oder är Léifst? Dann hunn mir hei eppes fir iech. Eng Beautybox vun Nu Skin déi dir personaliséiert zesummensëtzen kënnt wéi dës.

Nu Skin ass nik nëmme bekannt fir hir mega Lëppestëfter “Powerlips”, nee fir si steet och eng gesond Hautfleeg am Mëttelpunkt an do punkten si mat top Produiten.

Zum Beispill d’Rejuvenenting Cream. Dës Crème versuergt deng Haut mat intensiver Fiichtegkeet. Perfekt fir eng drechen Haut. Dono fillt sech d’Gesiicht vill méi zaart un a manner gestresst. Fein Linnen verschwannen. D’Crème zitt direkt an ouni ze fetten an erfrëscht. Du gesäis dono direkt méi jonk aus.

Ma och d’YinYang Mask ass en purt Wonnermëttel fir deng Haut. Huel dir Zäit fir dech an deng Haut a verwinn se mat dësem Fleegeritual. Duerch d’Mask wäert deng Haut méi ausgeglach sinn. Et ass eng Kombinatioun aus Detoxcours mat intensiver Fleeg. Deng Haut mee och du selwer wäerts dech dono immens entspaant fillen.

Deng Aaen ginn mat der Ideal Eyes Crème verwinnt. D’Faalen ëm d’Aen ginn zréck, Schwellungen ginn reduzéiert, Tréinesäck verschwannen. D’Aaen ginn siichtbar gelift an d’Aaenlieder eropgezunn. Am beschten benotzt een den Ideal Eyes mat dem Lumi Spa Accent fir ideal Resultater ze erzielen.

A fir dass deng Aaen nach méi Ausdrock kreien, verhëlleft den Nu Skin Concealer hinnen zu méi Freshness. Dëst Wonnermëttel verstoppt Aenreng a léist deng Aen méi waakreg wierken. Fir en Aaenbléck deen een nik méi vergësst.

All dës Produiten kritt dir wéi gesot zesummen an enger Nu Skin Beautybox, déi dir ganz einfach beim Mimi bestellen kënnt an se och ganz individuel gestallt kënnt kreien. Een idealen Kaddo also fir iech oder ären Léifsten eppes Guddes ze doen.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply