Fancy Wëndelen

Wien kennt se net: déi zockerséiss an zefridde laachend Schnuffen, déi eis all Dag aus de Pampers-Reklamme vun der Télé entgéintlaachen. Wéi 1961 déi éischte Wegwerf-Wëndelen op de Maart koumen, war dëst fir Mammen an Amerika an op der ganzer Welt eng kleng Revolutioun. Ni méi begladdert Stoffwëndelen opkachen, ni méi XXL-Dicher wéckelen. Wéi dunn bis „Kotex“, „Camelia“ an „Always“ hiren Duerchbroch konnte feieren, war och d’Monatshygiene revolutionéiert an der „moderner Fra“ stounge keng lästeg Menstruatiouns-Apparature méi am Wee. Ma wat fir eis Bomen nieft der Erfannung vun der Antibabypëll d’Synonym fir weiblech Fräiheet a Selbstbestëmmung war, geréit bei de méi jonke Generatioun ëmmer méi an e schlecht Liicht. Ee vun de Grënn ass d’Belaaschtung vun der Ëmwelt, déi duerch d’Bierger u Wegwerf-Produite weltwäit entsteet. En aneren ass d’Niewewierkung op eis Gesondheet, well wat praktesch ass, ass net onbedéngt och besser fir de Kierper.

Mam Thema alternativ Wéckeloptiounen a modern Monatshygiene beschäftegt sech d’Jill Berchem säit mëttlerweil zwee Joer ganz intensiv. Wéi déi jonk Educatrice an Naturpädagogin 2018 säin éischt Kand erwaart huet, koum och d’Thema Wëndelen op. Fir déi zukünfteg Mamm war kloer: säi Puppelche géif net an hierkëmmleche Pampers gewéckelt ginn. Eng méi ëmweltschounend Alternativ huet missen hir a wéi dem Jill seng Mamm zoufälleg am franséische Fernsee op eng Sendung iwwer Stoffwëndele gestouss ass, war dat fir hatt e Schlësselmoment. „Ech hunn dunn op Google einfach mol ‘Stoffwindeln Trier’ aginn a krut e Shop do ugewisen. Wéi ech déi éischt Wëndel dunn am Grapp hat, war ech direkt Feier a Flam“, esou dat 34-Järegt. D‘“Stoffys“ haten et dem Jill ugedo, déi éischt stoffe Wëndel ass trotz liichte Protester vu sengem Mann esouguer mat an de Kreesssall gaangen. „Mir hunn vun Ufank u just dat benotzt an ech hunn och aus der Maternité keng Wëndele fir ewechzegeheie mat Heem geholl“, erënnert sech d’Jill

A punkto Berodung huet zu deem Ament nach Totenstille zu Lëtzebuerg geherrscht, esou dass déi jonk Mamm hir eegen Erfarunge mat der alternativer Wéckelmethod misst maachen. „Et gouf natierlech och deen een oder aneren Echec a mol eng Wëndel, déi ausgelaf ass, mee iergendwann hat ech dunn awer den Duerchbléck an och meng Frëndinnen hunn ugefaang, sech fir d’Thema ze interesséieren.“ Op d’Idee, Berodunge fir aner Mammen ze ginn, ass alt nees dem Jill seng eege Mamm komm, ma bis dëse Plang och effektiv konkret konnt ginn, sinn nach eng Rëtsch Méint vergaangen, esou d’Jill: „Et huet amfong gedauert bis ech nees am Juni 2019 zeréck an d’Bëschcrèche schaffe gaange sinn. Sur place war ech schockéiert iwwer déi Bierger u Knascht, déi do all Dag entstinn.“

Bei 32 Kanner, vun deenen eng 16 nach dräi bis véier Mol den Dag musse frëschgemaach ginn – natierlech alles Wegwerf-Pampers – ass d’Masse u gebrauchte Wëndele bal onvirstellbar.

En No-Go fir déi jonk Naturpädagogin, a wéi bis Corona-bedéngt jidderee huet missen Doheem bleiwen, koum dee leschte Kick deen d’Jill nach gebraucht huet, fir effektiv aktiv ze ginn. „Et war lo oder ni, also hunn ech, wärend mäi Bouf mëttes geschlof huet, en Online-Cours matgemaach.“ Ma op der Theemelëscht stoung awer net nëmmen d’Berodung fir Eltere mat Interessi u Stoffwëndelen, mee och d’Wëndelfräi-Philosophie an den Ëmgang mat alternative Fraenhygienesartikelen: „Dat ass e Beräich an deen ech no der Gebuert e bësse ragestolpert sinn, deen awer fir mech immens Sënn gemaach huet. An de Wegwerf-Binden aus dem Supermarché ass nämlech à la base dat Selwecht dra wéi a Baby-Wëndelen: e Kär aus Superabsorber, Parfum a Lotiounen. Et huet einfach net zesumme gepasst mengem Kand Stoff unzedoe wärend ech weiderhi Wegwerf-Produite benotzen.“

Mat Zertifikae vun der däitscher „Stoffwindelakademie“ a „Meine Mens“ beréit d’Jill säit dësem Summer also Fraen, déi genau wéi hatt eppes an hirem Alldag verännere wëllen. Dobäi ass d’Nofro fir Workshoppen a Coursen zum Thema Monatshygiene eng ganz aner, wéi dat bei de Stoffwëndelen de Fall ass, wéi d’Jill verréit: „Dat éischt ass nach ëmmer en Tabuthema, bei dem d’Leit Hemmungen hunn fir driwwer ze schwätzen. De Public ass wierklech zéi. Bei de Stoffwëndelen ass dat anescht, do hunn ech mëttlerweil all Woch zwou bis dräi Berodungen.“ Kommen dierf bei d’Jill wien et interesséiert, sief et frësch gebake Mammen, Koppelen oder awer d’Bomi an de Bopi, déi wësse wëllen, wéi se hir Enkel dann elo richteg wéckele sollen. Informatioune ginn et dann och net nëmmen zur richteger Technik, ma virun allem och zu de Wëndele selwer. Dës ginn net méi wéi fréier am groussen Dëppe gekacht, ma kënnen einfach mat Bueddicher, Läppercher a Co. an d’Maschinn geheit ginn – ganz easy an ouni Sauerei.

„Jee no System kann een d’Wëndelen och auserneen huelen. Den Opbau ass hei ëmmer dee selwechten: se besti baussen aus engem Nässeschutz, entweder aus PUL, kuerz fir Polyurethanlaminat, wat kee Plastik ass mee en ootmungsaktiivt Material, oder aus Woll. A bannen huet een de Choix tëscht enger Einlag aus Kotteng, Bambusviskos, Hanf oder Woll“, erkläert d’Jill.

Fir kleng wond Dokessen oder Bébé-Pupesse mat Ausschlag ginn et och speziell Seideneinlagen, déi en heelenden Effekt op d’Haut hunn, angeneem killen an temporär kënnen agesat ginn, bis sech den Hënner nees erholl huet. Generell bidden d’Stoffwëndele par Rapport zu hirem Wegwerf-Equivalent eng ganz Partie u Virdeeler, esou d’Beroderin:

„Dat éischt ass de finanziellen Aspekt. An der Uschafung wierke Stoffwëndelen zwar mat 500 bis 750 Euro pro Set relativ deier, mee op dräi Joer Wéckelzäit kënnt ee bei de reguläre Wëndelen am Duerchschnëtt pro Kand op 5.000 bis 6.000 Wëndelen, wat bis zu 1,5 Tonne Knascht ass a mat insgesamt 1.500 Euro bal dat Duebelt kascht. Do sinn de Bensin deen ee verrennt fir an de Supermarché ze fueren, déi gebrauchte fiicht Dichelcher an déi ganz Poubellestute mol net mat aberechent.“

Dobäi kënnt, dass een eng Wëndel fir bis zu fënnef Kanner benotze kann an et a punkto Stoffwëndele mëttlerweil e ganze Marché fir Second Hand gëtt, ënner anerem an der Facebook-Grupp „Stoffy-Dokessen zu Lëtzebuerg“, wou eng 500 Leit hir net méi gebrauchte Wëndelen handelen. Den zweete Punkt ass natierlech d’Ëmwelt, kombinéiert mam Punkt dräi: der Praktikabilitéit. „Wärend am Confinement d’Leit all Hamsterkeef gemaach hunn an sech am Supermarché em déi leschte Packung Pampers zerklappt gouf, kann ee Stoffwëndelen einfach an d’Wäschmaschinn geheien a muss net eraus, fir neier ze kafen“, seet d’Jill. Dobäi kënnt, dass een seng Wëndel genau op säi Kand ofstëmme kann, an dës och nach besser fir d’Gesondheet vum Däbbes ass: „Besonnesch fir Allergiker si Stoffwëndelen eng gutt Alternativ, a wat nach ass: se ënnerstëtzen d’Biologie vum Puppelchen, well eigentlech kann dee vum éischte Moment u propper sinn a net réischt mat 18 Méint, wéi dat oft behaapt gëtt.“

Heifir gëtt d’Beroderin dann och eng passend Erklärung: „Kanner weise vun Ufank un, wéini se op d’Toilette mussen, just dass mir Erwuessener des Signaler net ëmmer erkennen a wann een se eng gewëssen Zäit ignoréiert, da gëtt d’Verbindung beim Kand gekappt. De Stoff hëlt d’Flëssegkeet zwar op, bleift awer naass, sou dass de Puppelchen ufänkt mat rëffelen an een en doduerch méi schnell nei wéckelt. Déi neuronal Verknüpfung bleift also erhalen an de Puppelche gëtt vill méi fréi propper. Dat ass bei de Pampers net de Fall, well egal wéi voll déi sinn, se bleiwen ëmmer dréchen.“ Och ass d’Zäit, déi een als Elteren oder Grousseltere mam Bébé beim Wéckele verbréngt, eng ganz aner mat Stoff, wéi dest mat Watt a Plastik de Fall ass: „D’Wéckelsituatioun ännert sech komplett mam Stoff, well een dat ganzt méi lues an entspaant mécht an net einfach alles schnell ewechgeheit. Et entsteet eng Aart ‚quality time‘, déi virun allem Mammen, déi vläicht mat anere Saachen, wéi stëllen, Problemer haten, e gewëssenen emotionalen Halt gëtt.“

Wien bei d’Jill an d’Berodung kënnt, dee kritt nieft dësen Informatiounen zu Stoffwëndelen awer och Tipps zur Monatshygiene, och wann hei d’Tendenz éischter a Richtung Silikon-Cups wéi Stoffbinde geet. Des kann ee bis zu zwielef Stonnen draloossen a ganz einfach an engem sougenannte „wet bag“ transportéieren. Gewosst muss just sinn, wéie Cup bei wéi eng Fra passt: „Do ginn et verschidde Gréissten an Härtegraden, jee nom Alter vun der Fra oder der Trainéiertheet vum Beckenboden. All Taass huet och e klenge Still drun fir se nees erauszezéien, sou dass et wichteg ass ze wëssen, wéi laang den eegene Muttermund ass. Dat gëtt alles an der Berodung erkläert.“ Dass d’Thema Menstruatioun prinzipiell kee ganzt sexyt ass, weess dat 34-Järegt, ma nawell füügt sech alternativ Monatshygiene an de kompletten Nohaltegkeets- a Selfcare-Gedanken, dee spéitstens zanter der Kris nees iwwerall an de Käpp zirkuléiert.

Fir d’Wichtegkeet vun esou Sujeten a senge Seancen nach eng Kéier ze betounen, weist d’Jill säi Punkt direkt um concernéierten Objet vir: „Wann een en Tampon ausernee rullt, da gesäit een, dass et amfong soss näischt ass wéi eng Plastikschicht déi mat Pech un Watt befestegt gouf, mat engem Fuedem an der Mëtt. Dat ass sou den éischte Schockmoment, wou menge Clients bewosst gëtt, wat se do eigentlech benotzen. Den zweeten Opreeger ass de Superabsorber, deen ausgesäit wéi Sand, wann een en aus der Wëndel erauskraazt an dee wéi Gel gëtt, wa Waasser drukënnt. Dëse gëtt am Hausbau als Brandschutzmëttel benotzt, a wann een dat bis weess, da mierkt een och, dass dat amfong näischt fir eng Bébéhaut ass.“ Ma spéitstens d’Tatsaach, dass an den Verbrennungsanlagen extra Hëtzt muss bäigefüügt ginn, fir d’Wegwerf-Wëndelen iwwerhaapt kënnen ofzebauen, an hei dann nach ëmmer 2,5 Prozent gëftege Sondermüll iwwreg bleiwen, loossen een an d’Grübele kommen. Well Fakt ass: Stoffwëndele gesinn net nëmme super séiss aus, ma se sinn definitiv och méi schounend – fir de Mënsch a fir d’Ëmwelt.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply