Deco Heaven

Grad elo an der Chrëschtdagszäit spillt Dekoratioun eng grouss Roll. Wanns Du op der Sich bass no ganz besonnescher Deko mat vill Häerz a Léift zum Detail oder nach nom Kaddo fir deng Léif , bass Du bei Bestemar zu Bäreldeng op der richteger Adress.

Hei fënns Du ganz speziell Saachen, vu Käerzen iwwert Luuchte bis hin zu Schmock aus der ganzer Welt. D’Steffi Hennicot leet immens vill Wäert op d’Auswiel vu senge Saachen am Buttek. Et mierkt een direkt wann een erakënnt, dass all eenzelt Stéck genaustens rausgesicht gouf. D’Ambiance vum Buttek ass eng ganz heemlech, sou wéi een se nëmmen nach ganz seele fënnt. Ma si verkafen nik nëmmen aussergewéinlech Deko Stécker, si maachen der souguer selwer.

Wéi zum Beispill hir selwer gemaache Käerzen aus recycléierte Wäifläschen. Hannert der Iddi stécht de Gedanke vum Upcycling. D’Steffi sammelt Wäifläschen. Dës ginn da geschnidden an ongeschlaff. Beiewues gëtt opgewiermt op eng bestëmmten Temperatur fir dass de Wues déi richteg Konsistenz kritt. Fir de richtegen Doft vun de Käerzen, fiert d’Steffi extra an de Süde vu Frankräich fir do héichwäerteg Doftessenzen erauszesichen, déi da bei de Wues gemécht ginn. An souguer den Docht fir d’Käerzen ass perfekt erausgesicht, do huet d’Steffi esou laang gesicht a probéiert bis et dee richtege fonnt huet.

Eng selwergemaache Käerz ass dach dee perfekte Chrëschtdagskaddo. Iwwregens kann ee wann d’Käerz ausgebrannt ass, d’Dëppche rëm mat neiem Wues bei d’Steffi opfëlle goen. Sou deed een sech an der Ëmwelt eppes Guddes.

De Moment steet virum Bestemar Buttek souguer en Chrëschtdagszelt, mat lauter flotte Kaddosiddien a schéiner Chrëschtdagsdekoratioun. En richtegt klengt Christmaswonderland. Wann dir dem Alldag eng Kéier entfléie wëllt, ass dës Platz genau déi richteg. Hei fillt dir iech wéi an enger Zauberkuggel aus där dir nieméi eraus wëllt. Gitt bis laanscht kucken a loosst iech verzauberen.

Mady Lutgen mat Bestemar

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply