Fir ëmmer jonk

Dee gréisste Wonsch vun eis all ass et dach fir ëmmer jonk, gesond a schéin ze sinn oder nik? Ma mir stellen iech elo Produite vir mat deenen dir dësem Wonsch ëmmer méi no kënnt kommen…

RINGANA ass eng éisträichesch Mark vu Kosmetikproduiten. Vläicht hunn déi eng oder aner scho vun hir héieren. Iert mir dir e puer Wonnermëttel virstellen, präsentéiere mir dir nach kuerz d’Mark RINGANA well eleng hir Philosophie huet et an sech.

De Grënner vu RINGANA, den Andreas Wilfinger, huet d’Visioun fir all de Mënschen duerch hir Produiten ee gutt Liewen an enger besserer a gesonder Ëmwelt ze erméiglechen. Bei dëser Mark ginn all d’Produite frësch hiergestallt. D’Rohstoffer gi frësch ugeliwwert, alles gëtt frësch verschafft, frësch verpaakt a gëtt esou och frësch bei de Client geliwwert. D’Produiten hunn dofir en Oflafdatum, well ebe grad just ganz frësch a wierkungsvoll Ingrediente verschafft ginn, déi wéinst hirer Frëschheet nik an übleche Kosmetikproduiten ze fanne sinn, well dës jo normalerweis éiweg hale wéinst de Konservéierungsstoffer.

Elleng mat der Benotzung vu RINGANA Produite verbessers Du däi grénge Foussofdrock.

RINGANA notzt nämlech d’Wierkung vun der Natur a schützt se souguer. Déi ganz Firma setzt sech konsequent fir Nohaltegkeet an, alleguerten d’Prozesser vun der Firma sinn op Nohaltegkeet ausgeriicht. RINGANA pocht op déi natierlech Wierksamkeet vun der Natur verbonne mat Erkenntnisser an Erfarungen aus hirem eegene Forschungslabor. Hei fënnt ee keng Hormoner, keng Zousaz- oder kënschtlech Doftstoffer, keen Aluminium, keng Konservéierungsstoffer a keng Versich un Déieren. Hir ëmweltfrëndlech Verpackunge ganz ouni Plastik spillen och eng immens wichteg Roll. Och kritt ee wann een hinnen seng eidel Fläschen zréckschéckt een Bong fir en Produit vun denger Wahl. Ausserdem ginn all hir gliesen Fläschelcher erëm nei benotzt.

Schéinheet kënnt bekannterweis jo vu bannen.

Dofir gëtt et bei RINGANA d’Caps beauty & hair. Heira stiechen nëmme planzlech Naturtalenter déi géint onreng Haut a Falen, dënn Hoer, brécheg Neel a schlafft Gewebe kämpfen. Leider sinn dës dacks Folgen vu Stress, emotionaler oder kierperlecher Belaaschtung, ongesond Ernährung a verschiddenen Ëmwelt Faktoren. Och géint Cellulite sollen dës Caps richteg Wonner vollbréngen a Kombinatioun mat Beweegung an enger gesonder Ernierung.

Natierlech gehéiert nievt dëse Caps och d’Hautfleeg zu engem jonken Teint. RINGANA bitt mat FRESH cream light, medium a rich dräi Basis-Gesiichtscreme fir all Hautbedürfnis un. Dës Creme versuergt d’Haut nik nëmme mat flegende Lipiden a Fiichtegkeet, ma och mat Wierkstoffer déi virun den alldeegleche Belaaschtungen an Ëmweltaflëss schützen. D’Haut gëtt widderstandsfäeg a bleift am natierleche Gläichgewiicht. D’Resultat ass en jonken, glaten, rosegen Teint mat feine Poren.

Dës Basis vu Creme léist sech super mam FRESH hydro serum oder dem FRESH anti wrinkle serum kombinéieren. Mat dem FRESH hydro serum kritt d’Haut ee Maximum u Fiichtegkeet verpasst. An de FRESH anti wrinkle boost d’Haut a glätt d’Fale laangfristeg well en d’Zellerneierung ureeegt. Den Teint wierkt direkt frësch a jugendlech.  An natierlech gehéiert do och nach de FRESH eye serum dozou, well d’Aen verroden dach alles iwwert eis a virun allem eisen Alter.

Mat dëser Fleeg wäert kee méi däin Alter erroden.

Fir all déi di mat roude Platzen oder Pickele geplot sinn, rode mir den ADDS repair un. Duerch Beweegungsmangel, ongesonder Ernierung oder och Hochmonschwankunge geréit eis Haut mol aus dem Takt. Den ADDS repair ass an dësem Fall genau dat Richtegt.

An elo komme mir zu der Geheimwaff géint den Alter. Eise Kierper besteet jo aus Zellen, déi perfekt funktionéiere musse fir eis jonk a gesond ze halen.

Ma d’Kapsele BEYOND spermidine hëllefen dem Kierper sech selwer ze rengegen, ënnerstëtzt d’Erneierung vun den Zelle, geet also ganz  clever géint d’Altere vir. Dat ass e richtegt Wonnermëttel.

De Kierper muss natierlech gesond a fit si fir jonk ze bleiwen. Fir gesond ze si solle mir 10 Portiounen Uebst a Geméis den Dag zou eis huelen. Lo mol éierlech, wien packt dat?

Fir dass mir alles zou eis huele wat de Kierper den Dag brauch, huet RINGANA de Pack ABC.

Dat si Päckelcher déi eise Kierper mat wichtege Vitaminnen, Mineralien, Spurenelementer a Närstoffer versuergen.

Mat dësen Tipps steet denger éiweger Jugend näischt méi am Wee.  Wanns Du d’Produite wëlls ausprobéieren, da went dech un d’Tanja:

https://tanja-raetsch.ringana.com/

+352 691 850003

Hatt beréit dech immens gutt, steet dir fir all Fro zur Verfügung a freet sech op dech. Ausserdem kann hat dir eng gratis Prouf vu Produiten heemschécken, fir dass Du se testen kanns.

Fotoen: Anne Lommel

Text: Mady Lutgen mam Tanja Räetsch


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply