Fitness Push

Muskelopbau ass fir vill vun eis langweileg an och an de Fitness ze goe verlaangt Disziplin, déi een dacks verléiert. Ma fit ze si gehéiert ewer zu engem gesonde Lifestyle dozou a wann de Kierper nik gesond ass, kann d’Séil et och nik sinn.

Zanter engem Joer hunn ech mäi Liewe vill verännert, ech kucke méi no mir, dass et mengem Kierper a menger Séil gutt geet, well ech hunn laang nik verstanen, dass dat eent nik ouni dat anert geet. Ech sinn éierlech, an de Fitness ze goen ass nik sou mäin Truc. Et langweilt mech an ech hunn och nik déi Zäit. Wann een Independant ass da schafft een iergendwéi ëmmer a fir dann an e Fitnesscours ze goen ass ze soen eng Saach vun der Onméiglechkeet.

Ech weess ewer dass et wichteg ass, dofir hunn ech mech ëmgekuckt ob et kee Fitnesscours op eng méi Schnell Aart a Weis gëtt, en Crashcours. Tatsächlech hunn ech sou eppes fonnt: den EMS. De Krav Maga Center vu Bäreldeng bitt privat EMS-Couren un. Dëse Cours dauert nëmmen 30 Minutten. Perfekt also fir tëschenduerch, déi hallef Stonn fënnt een ëmmer a sengem Alldag.

D’Trainerin Morgane mécht den Training mat mir zesummen.

Fir den EMS, dinn ech en Kostüm un mat Elektroden, dat ass nämlech d’Wonnermëttel, dat wat den Training sou effikass mécht.D’Elektrode sëtzen duerch de Kostüm op mengen Haaptmuskelgruppen. D’Morgane kann elo dës Elektroden sou astellen a steieren, dass si meng Muskelen trainéieren ouni dass ech vill maache muss. Wann ech ewer lo zousätzlech och nach Kraaftübunge maachen, gëtt dat en duebelen Effekt, wéi wann ech iwwer zwou Stonnen normal trainéiere géif.

Fir d’éischt maachen ech mech 10 Minutte waarm um Velo, fir dass meng Muskelen och waarm si fir den Training.

Dono maachen ech mam Morgane Kraaftübunge mat mengem eegene Gewiicht, dat heescht mir benotze keng aner Geräter. D’Impulser vun den Elektroden op d’Muskele ginn op all Kierper individuell ugepasst. Jee no Statur a Fitnesszoustand vun der Persoun.

Et spiert een d’Impulser, et ass nik onangeneem, et mierkt ee just dass all Beweegung einfach nach méi ustrengend ass.

Den Training dauert 20 Minutten. Ech si frou, dass d’Morgane mir all Übung genaustens erkläert an ech genéisse mäi privaten Training richteg. Et ass kuerz mee intensiv. No där hallwer Stonn sinn ech platt. Wat nach flott u sou enger privater Sëtzung ass: Ech kann d’Jetti mathuelen. Hënn kënne matkommen an eis beim Trainéieren nokucken.

Fazit : En privaten EMS-Training bréngt immens vill. Ech war dono freckt an hat Muskelkater deen Dag drop. Zäit fir 30 Minutten Training fënnt een ëmmer. Bei enger privater Seance mécht een d’Übunge sécher richteg, wat fir en effikasst Resultat wichteg ass.

Ech rode jidderengem dee fit wëll sinn ewer keng Zäit huet den EMS un. Probéiert et einfach eng Kéier, dir wäert nik enttäuscht sinn. Zumools an dëser Zäit ass et wichteg gesond a fit ze bleiwen

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply