Glitzer Rausch

Schmock léisst eist Häerz einfach ëmmer méi héisch schloen. D’Fonkelen an d’Glitzeren ass wéi eng Droge vun där mir nik genuch kréien. Ee schéint Stéck seet halt ëmmer méi wéi dausend Wierder, dat war nach ëmmer sou a wäert och ëmmer sou bleiwen.

Zemools fir Chrëschtdag stinn d’Ketten, d’Réng, d’Braceleten an d’Ouerréng am Fokus. Si mir dach éierlech, iwwert Schmock freeë mir eis ëmmer. D’Sandy Streff vun der Bijouterie Hoffmann by Sandy Streff aus der City weess ganz genau wat fir Stécker grad am Trend sinn. A senger Bijouterie fënnt een alles wat ee Schmockhäerz begiert. Vun de Klassiker bis hin zu méi aussergewéinleche Piècen. An dat an allen Präiskategorien.

A wann dir eng Iddi am Kapp huet fir en Rank oder soss ee Schmockstéck kann d’Sandy dat a sengem Atelier maache loossen. Hat mécht iech en gratis Devis. Dir sidd awer och richteg bei him wann dir en Schmockstéck wëllt ännere loossen. Alles ass an der Bijouterie Hoffmann by Sandy Streff méiglech.

Op d’Fro wat am Moment Trend ass sot hatt eis, dass d’Klassiker ni aus der Moud kommen an d’Leit grad elo hire Léifste gär eppes schenke wat de Wäert nik verléiert an als Zeeche vu der Léift fir ëmmer bestoe bleift.

Wann dir nach eppes Schéines sicht fir är Léif, da rode mir iech d’Bijouterie Hoffmann by Sandy Streff un, well si wierklech grousse Wäert dorop leeën, dass dir dat passend Stéck fannt a glécklech heem gitt. Oder maacht mat beim MADI Adventskalenner a gewannt ee modernt Puer Ouerréng, déi all Fra kann droen.

 

Mady Lutgen mat der Bijouterie Hoffmann by Sandy Streff

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply