Happy me

D’Schmuddelzäit steet virun der Dier. D’Deeg ginn méi kuerz, et gëtt méi kaal an de Reen léist och nik méi laang op sech warden…

Mir hunn dir en puer Tipps zesummegestallt, fir dass Du dës schwiereg Zäit sou gutt et geet iwwerstees.

Vitamin D, Vitamin D, Vitamin D!!!! Egal wéi kënnt ee bei eis zu Lëtz nik dolaanscht dees am Wanter zou sech ze huelen. Fir genuch Vitamin D ze hunn misste mir nämlech mindestens 20 Minutten all Dag an der Sonn sinn an och nach plakeg, de Vitamin D gëtt nämlech iwwert d’Haut opgeholl. Well d’Sonn am Moment ewer éischter eng Raritéit ass a kee bei dësen Temperature plakeg ronderëm leeft, sinn d‘Vitamin D Ampullen oder Pëlle  wichteg. Dës kriss Du am beschten an der Apdikt.[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row]

Kënschtlech Luucht. Et gi speziell Luuchten, déi eis déi feelend Luucht sollen ersetzen. All Dag en puer Minutte vun dëser Luucht soll hëllefen sech nik méi sou schlapp ze fillen. Fir dass dës Therapie eng Wierkung weist, soll een se am beschten all Dag benotzen.

Beweegung. Egal bei wéi engem Wierder eng halef Stonn raus trëppele goen deet der Séil an dem Kierper gutt. D’Immunsystem gëtt gestäerkt an de Kierper brauch dës Beweegung fir fit ze sinn. Ausserdeem méchs Du domat eppes fir däi Gemittszoustand. Du wäerts gesinn, dass Du dech dono besser fills. An jo ech weess, dass et schwéier ass déi Zäit ze fannen. Schreif dir et einfach all Dag an däin Agenda. En Date mat dir, fir dech.

Zitrounejus. Moies op de réie Mo eng gepressten Zitroun mat waarme Waasser drénken. Dëst stäerkt d’Immunsystem a reegt de Kreeslaf un. Ausserdeem wierkt den Zitrounejus entschlaken an hëlt d’Gëftstoffer aus dem Kierper. En plus gëtt deng Haut besser.

Gréngt Geméis. Jo laanscht d’gesond Iesse kënnt keen dee sech besser fille wëll. Wat nik heescht dass een sech dotëscht nik mol eppes gënne kann. Ma de Rv mat eise grénge Frënn sollt ee scho wärend dem Dag aplangen.

Gutt Musek. Ob an der Dusch, moies beim Kaffi oder am Auto. Gutt Laun-Musek verdreift all negativ Wollek ob dobaussen oder am Kapp.

Dankbarkeet. Versich all Dag wanns Du moies opstees dankbar ze sinn fir alles wats Du an dengem Liewen hues am Platz dech iwwert dat ze beschwéiere wats Du nik hues. Du wäerts gesinn, dass dat deng Laun direkt verbessert.

Probéier dës Tipps all Dag durchzezéien an Du wäerts mierken, dass et dir wäert besser goen. Versprach!

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply