It’s a match

Jo et ass esou. Alles dréint sech ëm Sex a Léift. Mir verbrénge vill Zäit vun eisem Liewen domat de richtege Partner fir eist Liewen oder fir en Liewensofschnëtt ze sichen. Well eis Gesellschaft eis jo och ëmmer virun d’Nues hält, dass een ouni Partner keen ass a mir sichen dacks d’Gléck bei engem Partner an nik bei eis selwer…

Fréier war dat mat der Partnersich nach vill méi einfach. Op engem Bal ass ee gefrot gi fir ze danzen a scho war alles kloer. Haut mat de soziale Medie freet kee méi fir ze danzen, haut gëtt gematcht. Zemools a Coronazäiten, vill aneres ass jo och nik dran. Eng ganz bekannten Dating App ass zum Beispill Tinder. Virun en puer Joer war se nach bekannt fir säin Dram-Prënz oder Prinzessin kennenzeléieren, haut geet et bei dëser App virun allem em eppes: déi schnell Nummer

Et gëtt Koppelen déi sech tatsächlech iwwert des App kennegeléiert hunn, souguer déi grouss Léift esou fonnt hunn, ewer och där déi sech wéinst dëser App getrennt hunn.

Bei Tinder kritt ee Partnervirschléi, Fotoe vu potentielle Partner ugewisen, deenen een dann en Häerz ka gi wann engem déi Foto gefält. Wann dës Persoun engem och een Häerz gëtt, huet een ee Match. Dat heescht et kann ee matenee schreiwen. Den éischten Androck ass just d’Ausgesinn an eng kleng Beschreiwung iwwert d’Persoun. Wann engem de Virschlag nik gefält swipt een déi Persoun einfach ewech.

Dat kléngt alles easy. Gematcht gëtt séier. Et ginn och Leit bei Tinder déi just op Tinder sinn aus Zäitverdreif fir ze matchen. An da gëtt et déi, déi an enger Partnerschaft sinn a wëlle kucken, wat soss nach sou um Marché ass. An natierlech déi, déi schnelle Sex sichen.

Et ass en bësse wéi bei Zalando wou ee ka raussiche wat een undeet,  sou bestëmmt een hei de Partner, séier an onkomplizéiert.

Leider ginn et vill Fake-Profiler, a leider kann ee mat de mannsten en richtegt Gespréich ufänken. Well meeschtens nom zweete Satz schonn d’Fro kënnt: Sichs Du Spaass?

Dann ginn et ewer och nach déi di an enger Relatioun sinn. Penibel ass et wann een dann d’Frëndin gutt kennt an de Frënd bei Tinder gesäit. Bei Tinder kann een ewer och wierklech interessant Leit kenneléieren, et brauch ee just ganz ganz vill Gedold a vläicht och en bëssi Gléck.

Ma déi mannst sinn op der Sich no Léift…wat och logesch kléngt, well een sech jo och nik an eng Foto verléiwe kann oder vläicht dach?

Tinder spigelt eis Gesellschaft rëm, wou alles sech just em d’Ausgesinn dréint, een sech nik wierklech op een aléist aus Angscht eppes Besseres ze verpassen.

Fir all déi di wierklech no méi sichen ass et vläicht ewer besser een an der Realitéit kennenzeléieren an do ze kucken ob ee matcht a wann nik, dann trotzdeem vläicht einfach en Kaffi zesummen drénkt am Platz een direkt wegzeswipen, vläicht entpuppt sech jo aus engem Flopp en Partner in crime, wien wees…Souwiesou ass et ëmmer besser och eleng frou kënnen ze sinn, well egal wéi soll ee säi Gléck ni an d’Hänn leeë vun engem Partner.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply