Klassesch oder e bësse verréckt?

E Gespréich mam Tun vun „By Tun“ vun Esch iwwert Hochzäitscoiffuren

Wat sinn déi aktuell Tendenze bei Hochzäits-Coiffuren?

Tun: D’Coiffuren sinn immens villsäiteg ginn. Vill Bräit wielen nach ëmmer klassesch Stiler, mee et ginn der och ëmmer méi, déi e méi gewoten Look ausprobéiere mat Blummen an aneren Accessoiren. Rasta kombinéiert mat Chignonen ginn beispillsweis ëmmer méi populär. Et geet drëm, dass d’Coiffure zur Perséinlechkeet vun der Braut passt an den Dag perfekt mécht.

Wat kënnen d’Bräit erwaarden, wann se bei Dech kommen?

Tun: Bei mir kréien se de komplette Package. Ech këmmere mech ëm d’Coiffure, Soin de visage, Make-up an och d’Neel – alles, wat fir deen Dag wichteg ass, dass d’Braut sech a sengem Look wuel spiert. Zwee Rendez-vousen fir d’Prouf sinn ageplangt, fir dass mir d’Coiffure an d’Make-up an aller Rou ausprobéieren an upassen.

Wéini sollten d’Bräit am beschten hiren éischte Rendez-vous maachen?

Tun: Ech recommandéieren mindestens sechs Méint virun der Hochzäit ee Rendez-vous ze huelen. Dann hu mir genuch Zäit, fir d’Iddie fir d’Coiffure ze entwéckelen. Am beschten ass et, wann d’Braut och eng Foto vum Kleed matbréngt, fir dass mir d’Coiffure optimal upasse kënnen.

Wéi leeft den Dag vun der Hochzäit of? Kommt Dir och bei d’Braut heem?

Tun: Jo, ech bidden dee Service gär un. Wann d’Braut wëll, kommen ech bei si heem a maachen do d’Coiffure an de Make -up. Wann Extensions fir de gewënschte Stil gebraucht ginn, kënne mir déi entweder direkt um Dag selwer aféieren oder schonn am Virfeld an d’Hoer integréieren, sou dass se sech natierlech ufillen an optimal sëtzen.

 

 

Du bitts och eppes fir d’Männer un, richteg?

Tun: Genee. Fir de Mann ginn et speziell Packagen, déi d´Coupe, de Baart an och eng Manikür enthalen. Och hei gëllt: mindestens sechs Méint am Viraus e Rendez-vous huelen, fir dass alles perfekt virbereet ass. Och wann de Bräutigam keng Hoer méi huet, kënne mir dofir suergen, dass hien um groussen Dag Hoer huet – et gi vill Méiglechkeeten, a mir fanne fir jiddereen dat Passend.

Eng lescht Fro: Wat ass Dir bei Denger Aarbecht besonnesch wichteg?

Tun: Ech wëll, dass meng Clienten um schéinsten Dag vun hirem Liewen absolut glécklech sinn. Meng Aarbecht ass eréischt da gelongen, wann si sech wuel fillen an de Look genee hire Virstellungen entsprécht.

 

Fir méi Informatiounen oder fir e Rendez-vous ze huelen, klickt hei: https://www.bytun.com/


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply