Touch me

Mir gesinn all Dag iwwerall vill Haut, plakeg Kierperen a Publicitéiten oder Filmer. Thema Sex gëtt sou oppen duergestallt wéi nach ni, op Tinder kann ee souguer Sex op e Click hunn. Trotzdeem genéiere mir eis nach dacks iwwert déi schéinsten Niewesaach vun der Welt mat eise Frëndinnen oder Kolleegen ze schwätzen. Zemools wann et em Problemer oder Selbstbefriddegung geet…

Ma vu wou kënnt dann déi Gene a wisou fille mir eis esou obwuel Sexualitéit dach ee wichtege Bestanddeel vun eisem Liewen ass? Mir hunn eis mat der Sexologin Laura Hendriks ënnerhalen.

“Wat ass Sexualitéit iwwerhaapt” froe mir emol ganz naiv. D’Sexologin weist eis hei op déi offiziell Definitioun vun der Santé Sexuelle hin, wéi se an der Santé Publique steet: “D’Santé Sexuelle ëmfaasst : d’Zouneigung, de Respekt, d’Würd, physesch a moralesch Vollstännegkeet vu sech selwer an dem Anerem, d’Fräiheet, déi sexuell Identitéit oder Orientatioun, de Pleséier, d’Erotik, d’Intimsphär an d’Reproduktioun”.  Fir eis ass dëst eng ganz breet Erklärung. Effektiv, erkläert d’Laura Hendriks, dass déi mannste Léit mat der Definitioun eppes ufänke kënnen an d’Sexualitéit oft op déi genital Penetratioun beim Sex an op d’ Reproduktioun reduzéieren. Hei erkläert d’Laura wéi wichteg d’Opklärung vun der Sexologie ass :

Wat ee méi fréi mam Wësse vum Kierper ufänkt, wat besser. D’Kanner am ganz jonken Alter solle geléiert ginn sech net vir hire Kierper ze schummen, an hiren eegenen an dem Anere säi Kierper als normal ze empfannen.

Trotz engem luese Wandel an Effort am Secteur vun der sexueller Educatioun scolaire, ass Lëtzebuerg a seng Mentalitéit nach e relativ konservatiivt Land. Doduerch stéisst een hei oft op eng Gene. Als Meedche gëtt ee scho fréi bei de Gyneko geschéckt ouni virdru wierklech eng méi detailléiert Erklärung vu sengem Kierper, a méi genee vum intime Beräich, ze kréien. D’Sexualitéit gëtt dann oft mat Aids, Verhütung, Geschlechtskrankheeten an ongewollte Schwangerschaften a Verbindung gesat.

comprar viagra online entrega 24 horas here, kamagra click here

Heizou seet d’Laura Hendriks dass dës Sujeten alleguerten natierlech noutwendeg sinn, mee eleng net duergi fir dass ee sech spéider als erwuesse Fra a senger Sexualitéit wuelfillt.

Allgemeng kréien déi jonk Meedercher net erkläert wéi de Kierper vun enger Fra funktionéiert oder wéi si déi emotional Laascht geréieren, wéi de Kierper sech weiderentwéckele wäert, wéi si Loscht empfanne kënnen oder och wéi hir gläichaltreg, männlech Kolleegen sech entwéckelen.

Oft féiert dëst réischt méi spéit zu Frustratiounen a Problemer am Sexualliewen. D’Basis Kenntnisser vu “wat spiert sech gutt un, wat gefält mir net esou” an d’Grenz zu dem “wat ass normal” verlafen aneneen.

Den eegene Kierper kennen, léiere vill Frae réischt spéit. Dozou gehéieren och Selbstbefriddegung a Loscht beim Sex ze hunn. D’Loscht gëtt an der sexueller Educatioun oft net nëmmen “vergiess”, mee gehéiert zum Tabu-Thema a gëtt oft mat eppes Negativem verbonnen.

Obwuel dëse fir Mann a Fra en Haaptbestanddeel vum aktive Sexualliewe soll sinn. Ob mir et wëllen oder net, eise Kierper brauch Sex an / oder Selbstbefriddegung vir normal ze funktionéieren.

En Orgasmus huet d’Funktioun eis Genitalie reegelméisseg ze duerchbludden an dobäi léisst en och nach Gléckshormoner aus déi e natierleche Stressregulator sinn. Et kann een also soen, dass de Kierper genau weess wat gutt fir en ass: medezinesch gesinn ass Masturbatioun e Besoin, a Sex en Verlangen, ob eleng oder mat Partner. An dësem Besoin net nozegoe ka kierperlech negativ Konsequenze fir de Mënsch hunn.

Op d’Fro wat dann esou déi heefegst 3 Grënn si wisou d’Frae bei de Sexolog ginn, kann d’Laura Hendriks direkt opzielen: 1. D’Fra huet keng Loscht op Sex, 2. Se huet Péng bei der Penetratioun an 3. Se kritt keen Orgasmus. D’Laura erkläert, dass dës 3 Saachen oft liéiert sinn an en Däiwelskrees formen. Doduerch dass d’Fraen hire Kierper net gutt genuch kennen, an net onbedéngt wësse wéi si zu hirem Pleséier kommen an éischter e negatiivt Bild vu Sex hunn, kënnt et oft zu der 1. Problematik. Dëst féiert dozou, dass d’Fra dann net genuch Loscht empfënnt wärend dem Geschlechtsverkéier an doduerch Péng huet. De Punkt 1 an 2 féieren dann oft dozou dass se keen Orgasmus erlieft an da rëm d’Loscht op Sex vergeet.

Sech vun engem Profi hëllefen ze loossen ass an dësem Fall am beschten. D’Hannergrënn sinn oft eng konservativ Erzéiung oder en méi scheie Charakter.

Fir all dëse Problemer aus dem Wee ze goe réit d’Laura eis definitiv eisen eegene Kierper kennenzeléieren. Erauszefanne wat eis gefält a wat net. Wéi mir fir d’éischt eleng zum Orgasmus kommen ier mir dann de Partner eruloossen, dee vläicht selwer net richteg weess wou Hand uleeën.

Eis Klitoris besëtzt ronn 8000 Nerven an hier eenzeg Funktioun ass et eis Loscht a Pleséier ze bréngen. A virun allem ganz vill Orgasmen. Dofir ass et dach immens wichteg, dass mir wësse wéi mir dëst Organ richteg notzen.

An dat fanne mir nëmme selwer eraus…

 

 

Maida Halilović a Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply