Mäi Pleséier!

Ladies (an Gentlemen), elo mol éierlech: mir wësse, mir schwätzen offiziell net driwwer an et ass eigentlech en Thema, dat just am enkste Krees ënner Frëndinne mol opkënnt, mee – Sextoys sinn dach einfach gäil, oder? Wien erënnert sech net un säin 18. Gebuertsdag, wéi en ënnert de spigéierte Blécker a Geschmunzels vun de Kolleegen déi eng geheim Këscht opmaachen duerft. Bannen dran: Sextoys. Vun Dildoen iwwer Vibros bis hin zu witzegen Utensilien, mat deenen een als Hallef-Erwuessenen nach net wierklech vill unzefänke wousst – erausgesicht gouf, wat no Porno ausgesinn huet, well de Kaddo sollt net nëmmen dem Beschenkte Spaass bereeden. Ma am Laf vun de Joren a mat der Entdeckung vun der eegener Libido kënnt och d’Erkenntnis: Sextoy ass net gläich Sextoy. Eppes, wat awer ëmmer gëllt, ass d’Tatsaach, dass déi richteg Spillsaach d’Sexerliefnis esou richteg op Héichtoure brénge kann. Egal op zu zwee oder eleng. Mir vu MADI verroden iech, wéi eng Liebes-Accessoiren dem Spill am Bett den Extra-Pepp bréngen a wat et nach alles gëtt, fir sech selwer an dem Partner eng Freed ze maachen.

We-Vibe Match: de Vibro fir Koppelen

Ee vun eisen absolutte Favoritten ass säit Neistem de “Match”-Vibrator vun We-Vibe. Wärend déi relativ knätscheg blo Faarf am Ufank vläicht net direkt no “Pleséier” jäizt, hält de Vibro awer definitiv alles wat e versprécht. Stimuléiert gëtt hei net nëmmen de weibleche Kitzler, mee virun allem och de faméise G-Punkt, no deem esou munchen Här scho laang huet misse sichen. Wou aner Vibratoren awer réng den Intimberäich vun der Fra verwinnen, huet de We-Vibe Match de Virdeel, dass déi zwee Partner eppes dovun hunn – a wéi! Egal op ganz enk verschmuust an der Missionarsstellung oder ë bësse méi wëll beim Doggy-Style: d’Pulsatioune vum klenge bloe Silikon-Wonner dinn op vill Manéiere gutt a maachen d’Sexerliefnis gläich duebel intensiv. Fir ëm déi 119 Euro kritt ee bis zu zwou Stonne Spaass garantéiert, opluede kann een de Vibro ganz einfach an der Statioun mat USB-Kabel. A wien säin Techtelmechtel op e neie Level brénge wëll, deen dierf sech freeën, well am Pak vum We-Vibe Match ass och eng Fernbedienung mat dran. Mir soe just: sex to go…

Sona 2 Cruise: fir déi ganz intim Massage

E Renner ënnert de Sextoys ass och de “Sona 2 Cruise” vun der Mark Lelo. Gläich mat dräi Awards ausgezeechent, ass dëse Schallwellemassager net nëmmen optesch e richtegen Hingucker, mee kann duerch seng speziell Technik och méi, wéi vill vu senge Vibro-Kolleegen. “Clitorally mindblowing” heescht et um Site vun der Mark, an ewechgeblosen trëfft dat Ganzt och zimmlech gutt. Mat Schallwellen a pulséierende Beweegungen amplaz vu simpele Vibratiounen, trëfft de Massage-Effekt vum Sona net nëmmen de Kitzler selwer, mee geet bis déif eran an déi weiblech Scheed. De “Mond” vum Vibro gëtt dobäi entweder direkt ronderëm d’Klitoris ugesat, oder iwwerall dohi beweegt, wou et ebe gutt deet. Beim éischte Versuch musse sensibel Madammen sech awer ë bësse méi douce eruntaaschten, well d’Gefill dat de Sona ausléist, ass definitiv intensiv. Ma firwat ginn et dann aacht verschidden Astellungen, wann net sollt fir jiddereen eppes dobäi sinn? De Sona ass mat 139 Euro am Verglach zu anere Vibros relativ deier, kënnt mat enger Portioun Gleitgel dobäi an et gëtt en och direkt an dräi verschiddene Faarwen. Avis aux amateurs!

Satisfyer pro 2: Ee Pleséier deen ni méi ophält

Änlech wéi de Sona 2 Cruise funktionéiert och de rosa faarwege Satisfyer pro 2 mat engem Drockwellesystem vu Loftusaugungen. Vum Design hier ass de Satisfyer langweileg a gesäit och net wierklech edel aus, ma en huet et awer a sech. Fir Fraen déi et schwéier hunn zum Orgasmus ze kommen, ass dës Spillsaach en absolutte Muss. Et kann een natierlech och hei d’Intensitéit vum Drock bestëmmen. Am Ufank taascht een sech am beschte lues un de Satisfyer erun an et test een einfach mol aus wat engem Loscht bereet. Firwat net sech mol op d’Spillsaach setzen am Plaz se just tëscht d’Been ze halen. Et gëtt ëmmer vum Multiplen Orgasmus geschwat, ma Ladies mam Satisfyer Pro 2 steet ärer onendlecher Gefillsexplosioun näischt méi am Wee. Sidd dir nach ni puermol hannerenee komm? Dann probéiert onbedingt dëst Wonnermëttel. De Satisfyer pro ass mat 39,99 Euro am Verglach zu den aneren Toys en klenge Schnäppchen.

Mama loves you: déi méi speziell Hotelsnuecht

Wien hätt et geduet: um Kierchbierg gëtt et e Sex-Hotel! Net déi Zort, un déi dir elo denkt, ma en eigentlech ganz “normalen” Hotel, deen awer och eng erotesch Säit huet. Am “Mama Shelter” kënne Koppelen eng sougenannte “Sextation” maachen, dat heescht eng Nuet verbréngen, no der d’Bett en Tick méi zerwullt ass, ewéi soss. D’Sexy Offer gëllt ab enger Nuecht fir e Minimum vun 129 Euro a bitt Verléiften d’Méiglechkeet, sech mat enger “Sexy Mama Box” esou richteg ze verwinnen. Egal op Gleitgel, Massageuellech, Vibro oder Plumette – hei ass definitiv fir Kribbelen ënnert der Decke gesuergt. Als Bonus gëtt et zwee Glieser Schampes an d’Méiglechkeet fir e late check-out bis 14.00 Auer, well wien owes uerdentlech lassleet, dee brauch moies och säi Schéinheetsschlof. An psst: d’Box kritt een och separat am Shop ze kafen…

De klenge Surplus: well sexy sinn einfach gutt deet

Zum perfekte Sex gehéiert och dat néidegt Ronderëm dozou, well wann d’Detailer passen, da klappt et och éischter mam Orgasmus. Fir a Stëmmung ze kommen an de Partner ze iwwerraschen, ass eisen Tipp d’”Private Collection” vun Hunkemöller. Ë bësse verstoppt, éischter hannen am Buttek gëtt et en Eck fir all déi, déi sech gären extra sexy fille wëllen. Mat hauchdënner Spëtzt a virun allem vill Bännercher, déi nëmme wéineg verdecken, ass dës Ënnerwäsch genau dat Richtegt, wann een esou richteg Loscht huet. An eppes kënne mir garantéieren: wann de Partner bis d’Spléck am Slip tëscht de Been entdeckt, da brauch ee kee Lapdance méi fir lasszeleeën. Fir de Spaass dann nach en Tick méi unzekuerbelen, kann de richtege Gleitgel eng wëllkommen Hëllef sinn. Eng gutt Wiel ass hei de “myglide” vu pjur, dee speziell fir Fraen entwéckelt gouf, awer och Männer esou richteg begléckt. Op Waasserbasis a mat natierlechem Ginseng, wiermt de Gleitgel an suergt esou fir en angeneemt Kribbelen. Wien nach gär eng kleng Massage am Virspill integréiert an op Séisses steet, dee fënnt mam “Secret Play Vanilla” seng Freed. Den 2-an-1-Gleitgel-a-Massageuellech hannerléisst net nëmmen en angeneemt waarmt Gefill, mee richt och nach gutt. De Gel soll zwar am beschte Fall net a grousse Quantitéite geleckt ginn, ma esou ë bësse Goût beim Verwinne schued awer definitiv kengem, oder?

An deem Sënn: vill Spaass beim Selwer-Probéieren, an keep it sexy Mädels!

 

 

Laura Tomassini a Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply