Meng Auszäit

Am Moment spillt Selfcare nach méi eng wichteg Roll wéi soss. D’Hierschtwieder an de Corona zéien eis Laun erof. Elo ass genau dee richtege Moment fir sech eng Paus vun deem Ganzen ze gënnen.

Genau dat duecht ech mir och an ech hunn mech op d’Sich gemaach no enger roueger Platz matzen an der Natur fir sou richteg ofzeschalten an ze entspanen. D’Destinatioun déi ech mir erausgesicht hunn läit verstoppt am Éislek. D’Ischpelter Schlass ass fir vill vun eis just eng Hochzäitslocation, mee hannert dëser Fassade stécht vill méi!

Den Château d’Urspelt ass eng magesch Platz, dat spiert een direkt wann een ukënnt. Et verfält ee sengem Charme ob ee wëll oder nik. Fir d’éischt maachen ech mol en Spadséiergang well wéi gesot läit d’Schlass a wonnerschéiner Natur mat ganz vill Rou. D’Zëmmere sinn all renovéiert ginn a gesinn elo richteg stylesch aus. Ech hunn eng Bidde matzen am Zëmmer stoen, vun där ech direkt no mengem Spadséiergang profitéiere fir mech erëm opzewiermen. Et kann een och en private Wellnessberäich buche mat Jacuzzi a Hammam fir dass dës Auszäit sou richteg entspanend ass. Ganz geschwënn wäert och hiren neien Wellnessberäich opgoen. 700 Quadratmeter pur Entspaanung mat Hamman, Jacuzzi, Piscine, Sauna mat Massagen a Fitness, dëst an Zesummenaarbescht mat der Marque Nuxe Spa Paris.

Natierlech geet d’Wuelbefannen och duerch de Mo. De Restaurant vum Hotel ass am ganze Land an iwwert d’Grenzen eraus bekannt. Ech siche mir eng Entrée, Haaptplat mat Dessert eraus. Wann schonn da schonn. Leckert Iessen dierf bei sou enger Auszäit nik feelen an dëst ass hei garantéiert.

Nom Iessen zéien ech mech op d’Feierplaz baussen zréck a genéisse mat enger Decken an engem gudde Glas roude Wäin de Sonnenënnergang. Déi kleng Dekoluuchten iwwerall zauberen eng romantesch Stëmmung. Ma och eleng kann een sech et schéi maachen. Ech genéissen den Date mat mir selwer, schalten sou richteg of an vergiessen d’Welt ronderëm mech.

Bausse kann ee bei schéine Wieder och vun enger Schwämm mat Jacuzzi profitéieren. Hei fillt een sech Summer wéi och Wanter wéi an der Vakanz. An Apropos Vakanz, Du kanns am Château d‘Urspelt nach däi Bong fir eng Iwwernuechtung bis Enn des Jores aléisen. En Trip an d’Ischpelter Schlass wäert dir sécher gutt dinn.

 

Mady Lutgen mam Château d’Urspelt


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply