Prinzessin Made in Luxembourg

Den Dag vun der Hochzäit ass fir vill Fraen déi Geleeënheet, sech ganz ewéi eng wonnerschéi Prinzessin ze fillen. Ee wichtegen Aspekt ass dobäi natierlech d’Brautkleed. Well jiddereen awer seng eege Virstellung vum groussen Dag huet, kann d’Sich nom Draamoutfit eng zimmlech frustréierend Erausfuerderung sinn. Nieft dem Design vum Rack gëtt et nach esou vill aner Problemer: ze weit, ze enk, ze kuerz, ze laang… Wéi wier et also mat engem lokal produzéierte Kleed, wat net vun der Staang kënnt, mee wat mat Léift gemaach a perfekt un dech ugepasst ass?

Genau dat bitt d’Nathalie vu By Siebenaler: handgefäerdegt Eenzelstécker déi ganz un d’Virstellungen an Iddie vu senge Clienten ugepasst sinn a fir de perfekten Optrëtt um Hochzäitsdag suergen. D’Nathalie huet op der Fachhéichschoul zu Tréier Moudedesign studéiert an do seng Leidenschaft fir Braut/Owesmoud entdeckt. No sengem Studium hat hatt d’Chance, Erfarungen op der ganzer Welt sammelen: Hatt huet zum Beispill an Däitschland, Australien, Südkorea an an der Moudehaptstaat Paräis geschafft a säi ganzt Wësse mat op Lëtzebuerg bruet. Mëttlerweil ass hatt selbststänneg mat sengem Atelier zu Berdorf a seng Mark steet ënnert dem offizielle Label ‘Made in Luxembourg’, wat garantéiert dass seng Produiten héichqualitativ sinn an aus lokaler Handaarbecht entstinn.

Beim entwerfe vu Brautkleeder gëtt et beim Nathalie net vill Grenzen, a mir waren iwwerrascht ze héieren, dass och de Faktor vum Recycling en Deel vu senge Kreatiounen ass. Den Hochzäitsrack ass ganz oft eng gréisser Investitioun, vun där een awer just op engem eenzegen Dag profitéiert. Genau zu dësem Problem wollt d’Nathalie eng Alternativ ubidden.

Op Wonsch kann een deementspriechend säi Rack esou designe loossen, dass en och no der Hochzäit nach ka gedroe ginn. Amplaz am Schaaf stëbseg ze ginn kann een sech op dës Manéier och nom groussen Dag nach ganz laang un der Kreatioun erfreeën.

D’Nathalie mécht awer net just Brautkleeder. Wien Iddie fir zum Beispill e flotte Summerrack, en elegant Oweskleed, oder aneres huet ka sech einfach bei him mellen a mat him zesumme kucken, dass e klengen Dram an Erfëllung geet – d’Berodungsgespréich an den Devis kaschten näischt. Ganz beléift fir déi méi kal Joreszäit sinn och Wantermäntel a Jacketten. Anstatt sech tëschent Style oder Wäermt mussen ze decidéieren, wat am Buttek vill ze oft de Fall ass, beweist d’Nathalie dass een och ka béides hunn. Bei him kritt een op Mooss geschneidert Mäntel mat garantéiertem Kuschelfaktor fir den niddregen Temperaturen mat Stil ze trotzen.

En aneren eye-catcher aus dem Atelier By Siebenaler sinn dem Nathalie seng selwer designt Prints.

Mat grousser Begeeschterung kombinéiert hatt Fotografie a Molerei zu eenzegaartege Musteren, aus deene säit 2012 reegelméisseg nei Schal-Kollektiounen entstinn.

All Kollektioun huet eng limitéiert Unzuel vu zäitlose Stécker, déi een zum dreeme verleeden. All Schal ass esou geschafft, dass en e liewenslaange Begleeder soll bleiwen. Perfekt fir all déi ënnert eis, déi d’Flemm hu beim shoppen ëmmer dat selwecht ze gesinn a sech iwwert exklusiv Stécker freeën. Awer opgepasst: wa se fort si si se fort. Eng aner Optioun déi d’Nathalie mat de Prints ubitt ass, se an den Design vum (Braut)Kleed mat afléissen ze loossen – wow-Effekt garantéiert.

Individualitéit anstatt Massewuer ass definitiv en Trend, a mir vu Madi si begeeschtert, dass een domat och nach lokal Klengbetrieber ënnerstëtze kann.

A wanns du elo virwëtzeg bass a méi iwwert dem Nathalie seng Konscht wësse wëlls, da géi op www.bysiebenaler.com a looss dech vu sengen exklusiven Designs verzauberen.

 

Fotoen an Text : Leslie Schmit an Zesummenaarbecht mat by Siebenaler


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply