Sexy Flitzer

Elo mol éierlech, mir Fraen denke beim Kaf vun eisem Auto meeschtens ëmmer un déi aner, un d’Kanner oder eise Partner. Ma vläicht musse mir och mol hei un eis denken. Selfcare huet och domat ze dinn sech selwer eppes wäert ze sinn. Mat engem schéinen a sécheren Auto spiere mir eis einfach besser.

De Moment ass Autosfestival, dee beschte Moment sech iwwert de Kaf vun engem neien Auto Gedanken ze maachen a vun den aussergewéinleche Konditiounen ze profitéieren. Wärend der Coronazäit hunn mir vill Sue gespuert. Wéi wier et wanns Du dir domat endlech een Auto keefs dee wierklech bei dech passt a mat deems Du dech sou richteg wuel fills.

Ech hunn dir véier Autoen erausgepickt, déi mir perséinlech super gefalen, well se bei staark, selbstbewosst Frae passen. Et ass wéi en Date mat véier verschiddene Männer, allen véier sinn se opreegend ma awer komplett verschidden an et gëllt elo erauszefanne wéi een am beschte bei dech passt, mat wéi engem et Klick mécht.

De smarten Dropgänger

De Cupra Formentor zitt dech direkt mat sengem staarken, markanten Ausgesinn an säi Bann, e Mix aus SUV a Coupé. Mat him erliefs Du vill Spaass. Hien vermëttelt dir e Gefill vu Fräiheet a mat him kanns Du Gas ginn, e puren Adrenalinkick. Op der anerer Säit verféiert hien dech och mat sengem ëmwerfenden Interieur mat sengem Visual Cockpit a sengen digitale Funktiounen. Deen Kick deen hien Dir gëtt, wäerts Du ni vergiessen.

De moderne Klassiker

De VW ID.3 wäert dech iwwerraschen, an dat ëmmer erëm. Komplett elektresch kuckt hien no der Ëmwelt a suergt och sou fir Deng besser Zukunft. Bei him fills Du dech wëllkomm well hien duerch en speziellt Liichtkonzept mat Dir kommunizéiert an dech mat denge Liblingsfaarwen a sengem Banneraum verzaubert. Mat sengem Panoramadaach hëlt hien Dir d’Stäre vum Himmel. Dat Gefill wat hien Dir vermëttelt wäerts Du weider an dengem Häerz droen.

De coole Sportler

De Q3 Audi Sportback TFSI e hat dech mat sengem Selbstbewosstsinn ëm. Mam Plug-in Hybrid Model decidéiers Du wéinis Du mat him elektresch ënnerwee bass. Duerch säi sportleche SUV Optrëtt fäls Du mat him op. Säin Ënnerst léist kee Wonsch oppen, et mengt ee bal hie kinnt deng Gedanke liesen. Souguer am Donkele setzt hien Akzenter fir dech ze faszinéieren. Hien dréit dech op Hänn a säi Verständnis fir deng Wënsch loossen dech erstralen.

De séchere Powermann

De Skoda Enyaq i Vass en richtegt Engergiebündel a bréngt frësche Wand an däi Liewen. Hien ka vu bannen a baussen iwwerzeegen. Voll elektresch geet hie mat der Zäit a rappt dech mat. Hien suergt fir deng Sécherheet a bei him kanns Du dech fale loossen. Mat him bass Du ëmmer online a verpass näischt. Ausserdeem verdréint hien Dir de Kapp mat senge ville Verstauméiglechkeeten an huet sou munch Iwwerraschunge fir dech parat. Bei him spiers Du dech sécher a gebuergen.

Déi véier si faszinéierend an et ass dowéinst wichteg se eng Kéier bei enger Testfaart richteg kennenzeléieren. Wanns Du weess fir wien däin Häerz schléit ass et besser dech nach eng Kéier vun engem Profi beroden ze loossen. Bei der Garage Losch zu Bäreldeng bass Du a beschten Hänn a genéiss op alle Fall deng Verléiftheet a vollen Zich.

Hei en puer Rotschléi vun de Profie fir dech, wanns Du däin Dramauto keefs:

Haut des Daags kann een sech um Internet scho säi Wonschauto vu bannen a baussen ukucken an sech souguer säin Auto zesummesetze mat all senge Wënsch. Ma et ass awer ganz wichteg sech nach enge Kéier an der Realitéit vun engem Verkeefer beroden ze loossen, well si denken un Saachen, déi ee soss gär mol vergësst.

Natierlech sollt een sech och Gedanken iwwert de Budget maachen deen ee wëll ausginn an sech dann och en Auto raussichen deen an dem deem Beräich läit.

Ass ee bis an een Auto verléift, ass d’Raussiche vum Motor un der Rei: en Diesel en Bensinner oder en Elektro. En Dieselmotor ass éischter eppes fir déi di all Dag eng weit Streck fueren, dëse Motor muss sech waarmlafen, en Bensinner ass gutt fir Leit déi all Dag kuerz Strecken zréckleeën an den Elektro Auto ass e Choix deen ee ganz geziilt trëfft.

Dono sicht en sech d’Faarf an den Interieur eraus. D’Faarf soll een onbedéngt am realen eng Kéier gesinn, well am Internet oder op Fotoe gesäit d’Faarf oft anescht aus. An de Stoff vun de Sëtzer passt een am beschte mam Stoff vu senger Couche doheem un.

Zum Schluss muss een sech Gedanken iwwert de Finanzement maachen. Do gëtt et d’Méiglechkeet en Prêt bei der Bank ze maachen, oder en Prêt bei der Garage selwer oder et kann een och en Auto leasen. Leasing kënnt ëmmer méi op. Heibäi kann een den Auto tëscht 2 a 5 Joer halen an en dono erëm zréck un d’Garage ginn. Et kann een all puer Joer sou mat engem neien Auto fueren an et bezilt ee just seng eege Benotzung vum Auto an dat ganz ouni Risiko wéi de Maart sech entwéckelt.

 

Mady Lutgen mat der Garage Losch vu Bäreldeng


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply