Staark Symboler

Eis Virfaren, eis Elteren an eis Vergaangenheet hunn eis gepräägt. Vläicht war nik ëmmer alles schéin an et si Saache geschitt vun deenen mir näischt wëssen, déi eis ewer iergendwéi beaflossen. Oder mir sinn eis villes bewosst, hunn eis och schonn domat befaasst, eventuell och schonn eng Therapie gemaach mee et huet nik dat bewierkt, wat mir eis erhofft hunn a mir schleefen nach ëmmer Laascht mat eis ronderëm, dee mir gär lass wären. Eng relativ nei Form vun der Hypnose soll an dëse Fäll eppes bewierken. Mir schwätze vun der Humanistescher Hypnose. 

Déi klassesch Hypnose, d’Hypnose no Ericsson an déi nei Hypnose si wuel déi bekanntsten. D’Judith Teusch huet eng Formatioun an en allen dräi ma och an der Humanistescher, déi him et besonnesch ugedinn huet a mat där hatt déi beschten Erfolleger gesäit: “Et muss een net alles nach eng Kéier erliewen oder alles beschwätze fir eppes ze heelen”. 

Déi Humanistesch Hypnose gouf 2001 vum Olivier Lockert zu Paräis erfonnt. “Bei dëser Zort vun Hypnose bleift ee bei vollem Bewosstsinn. De Kontrollverloscht mëscht nämlech ville Leit Angscht”, erkläert d’Judith.

“Anescht wei bei deenen aneren Zorte wou en an Trance versat gëtt, déi Richtung Schlof geet, geet een hei an eng Trance eran an déi méi waakreg Richtung an eent méi héicht Bewosstsinn”

An der humanistescher Trance soll ee schnell den Ursprong vu sengem Problem erkennen. Et spiert an empfënnt een säi Problem a Form vun engem Symbol. “Ech hat eng Kéier eng Cliente bei mir mat Kappwéi. An der Trance hat si dunn en kloert Symbol fir hire Kappwéi virun sech, mir hunn dat dunn geläscht an dono war de Kappwéi fort”, seet d’Judith. An sengen Aen ass d’Opléise vu Problemer eppes Einfaches an muss nik ëmmer schwéier sinn. “D’Symbol ass meeschtens d’Spëtzt vum Äisbierg, déi erlidde Péng an de ganzen aneren Deel steet fir den Inhalt vun dem wat een erlieft huet”, stellt hatt fest. Bei dem ganze Verlaf begleet den Hypnotherapeut een an hëlleft dem Patient d’Symbol op déi richteg Aart a Weis ze veränneren oder ze läschen. Dat kléngt ganz spannend… 

Dem Mady seng Erfarung:

Ech si geplot mat Schlofproblemer schonn  zanter méi wéi 10 Joer. D’Judith huet mech am allgemengen iwwert mäin Liewen ausgefrot a mir hunn zesumme gekuckt wouhier déi Schlofproblemer kinnte kommen. Ech hat Angscht virum Aschlofen. Ech duecht ëmmer, dass déi Angscht vun enger Narkose an der Kandheet ausgeléist gi war. Säit dem hunn ech nämlech och Angscht virun Narkosen. Ech hunn schonn e puer Therapien ausprobéiert an et ass och däitlech besser gi mat der Zäit.

D’Judith huet mech an déi Humanistesch Hypnose versat. Ech war bei vollem Bewosstsinn, ech hunn mir en Bësch virgestallt an d’Judith huet mir verschidde Froe gestallt, bis ech mech bemol als Kand am Bett gesinn hunn mat fruchtbarer Angscht.

Wahrscheinlech krut ech des Angscht vun engem vu menge Virfare matginn. Mir hunn dofir dunn en Symbol fonnt, wat ech zesumme mam Judith geläscht hunn. Ech war déi ganzen Zäit hellwaakreg. Dono hunn ech mech immens gutt gefillt, wéi wann ech ze vill Sonn getankt hätt. Ech war voll geluede mat positiver Energie. No dëser Sitzung geet et am allgemenge besser mam Schlof. Et sinn nach Nuechte wou eng Angscht do ass, mee se ass laang nik méi sou schlëmm wéi se war.

www.ilhh.lu    

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply