Tasty Love Affair

Wäin a Lëtzebuerg schreiwen zesummen wuel déi schéinsten Liebesgeschicht iwerhapt an mir hunn eng Platz font, wou all Wonsch aus der Welt vun de Wäiner kann erfëllt ginn an zwar an der Vinoteca matzen am Zentrum vun der Stad.

Mat engem Choix vu méi wéi 2000 Fläschen gesäit den Interieur vum Geschäft net just impres-sionant aus – wat ee gesäit huet et och a sech. Wann een era kënnt steet een direkt an engem Beräich dee voll a ganz op Lëtzebuergesch Kreatioune spezialiséiert ass, wat besonnesch ass wann ee gär lokal Produite genéisst. Och fir Touristen ass dëst eng perfekt Geleeënheet, fir déi Wäiner ze entdecken déi eist klengt Land ze bidden huet. Geet een dann e bësse weider duerch de Buttek gesäit een e richtege Schatz: dausende Fläschen aus aller Welt, egal op Crémant, Schampes oder soss all Zorte vu Wäin, vun deenen een och esou munches soss néierens fënnt.

Wien elo denkt, dass esou en enormen Choix et bal onméiglech mécht, sech ze decidéieren, dee ka berouegt sinn. An der Vinoteca kann ee sech ganz einfach mat senge Wënsch a Virstellungen un ee vun hiren Sommeliere wenden, a scho kritt ee genau dat at ee brauch. Besonnesch praktesch fir d’Feierdeeg: Dir kënnt am Shop Äre Menü beschreiwen a kritt dann e Wäin erausgesicht, deen optimal dobäi passt. Duerch déi professionell Berodung ass e gelongenen Owend (opmannst wat de Wäingenoss ugeet) garantéiert. Zu de Sommeliere vun der Vinoteca gehéiert ënnert anerem och d’Charline, hatt suergt dofir, dass et bei Berodungen net un engem weibleche Point de Vue feelt

Bei all deem Service bleift trotzdeem och d’Fro vum Präis net op der Streck. An der Vinoteca geet et definitiv net dorëm, de Clienten eppes méiglechst Deieres unzebidden. Ganz am Géigendeel, et fënnt ee Wäiner déi an all Budget passen an de Fokus läit dorop, dass all Client zum Schluss zefridden heemgeet. Net ëmsoss besteet d’Clientèle vun der Vinoteca aus enger immenser Diversitéit vu Leit. Ob jonk oder al, ob Fra oder Mann, ob Lëtzebuerger oder net – et fënnt wierklech jiddereen eppes fir säi Goût.

 

Nenneswäert ass och de Choix un alkoholfräie Spezialitéiten. Fir déi ënnert eis, déi generell keen Alkohol drénken, awer och fir schwanger Fraen bitt dat eng super Optioun (net just) bei speziellen Occasiounen eppes Ausgefalenes kënnen ze genéissen. Klenge Bonus: dëst Sortiment ass absolut kandgerecht, a wie vun eis kann sech net dorun erënnere wéi flott et deemools war, sech ganz erwuessen ze fille wann een eppes ze drénken hat ewéi déi Grouss? Heimat kënnt Dir Äre Kanner ouni schlecht Gewëssen e festlecht Glas aschëdden.

Nieft dem Shop an der Staat kann een och iwwert den Internetsite vun der Vinoteca säi gewënschte Wäin bestellen an heem liwwere loossen. Innsbesonnesch elo em d’Chrëschtdagszäit ass dat wéinst dem Corona natierlech eng mega Optioun fir net mussen d’Haus ze verloossen. E weidere Service, deen d’Vinoteca ubitt, mee dee Coronabedingt am Moment net stattfanne kann, si Wäindégustatiounen déi d’Geschmaachsnerven op eng eemoleg Rees schécken.

Exklusiv fir MADI huet d’Vinoteca dräi Wäiner zesummegestallt, déi Äre Chrëschtdagsmenü onvergiesslech maachen:

  1. Esprit Nature – e Schampes vu Champagne Giraud deen der Firma hirt Engagement zum Ëmweltschutz widderspiggelt
  2. Le Paria 2019 – e fruuchtege Rouden dee ganz liicht ze drénken ass.
  3. Occhipinti SP68 Bianco 2019 – e sizilianesche wäissen Naturewäin, hiergestallt vum ganz erfollegräichen Arianna Occhipinti, dat säit sengem 16. Liewensjoer an der Wäinbranche täteg ass.

Mat dem richtegen Wäin ass d’Liewen, virun allem elo wärend der Coronazäit, dach vill méi schéin.

 

 

Fotoen an Text: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply