Trau dech besser nik

En Dram ze hunn ass einfach, mee fir en ze realiséieren dofir muss ee Couillen hunn. “Trau dech” huet viru Joren eng Campagne vum Wirtschaftsministère geheescht bei där et dorëms goung Promo fir d’Selbstännegkeet ze maachen. Haut heescht et wuel méi: “Trau dech nëmmen net”!

Wéi ech d’Iddi hat de MADI Magazine ze grënnen, huet kee Mënsch mech am Ufank mat menger Iddi ënnerstëtzt. Jidderee sot: “Du hues se jo nik méi all. Firwat wëlls Du däin Job, deng sécher Platz opginn”? Ech hunn ewer un meng Iddi gegleeft. Bal kee vu menger Famill oder Frënn stoung hannert mir. Vläicht e puer vun hinnen, ewer och just well ech hinne keen anere Choix gelooss hunn a jidderee mam MADI Fever ugestach hunn.

Leider gi mir weder an der Schoul nach soss iergendwou motivéiert ze dreemen an eis Dreem ze realiséieren, nee mir ginn ëmmer op déi Sécherheet getrimmt.

Ech froen heiansdo Leit spontan wéi een Dram dass se hunn a sinn erstaunt, dass déi mannst iwwerhaapt doriwwer nogeduecht hunn. Vläicht aus Angscht den Dram kinnt sech souwisou nik realiséieren oder vläicht hunn se keen, dat gëtt et bestëmmt och an ech verurteele keen dee keen Dram huet. Ma ech kennen der ewer och déi en Dram hunn an aus Angscht en ni realiséieren…

Ech hat och vill Angscht wéi ech mäin Job gekënnegt hunn, ech hat jo keng Ahnung ob MADI iwwerhaapt funktionéiere géing. A wann een sech selbstänneg mécht, da fänkt och kee Chômage een op. Jo et muss ee scho Courage hunn an un sech an seng Iddi gleewen. Nom Lancement vu MADI hunn ech Feeler gemaach an hat bal alles verluer. Leider gëtt een nik als Entrepreneur gebuer an et léiert ee just duerch d’Falen. MADI ass dunn awer richteg gutt ugelaf. Mir hunn ëm déi 1000 Visitten den Dag um Site, 500 Memberen am Club an iwwer 1000 Newsletterabonnennten. 8000 Follower op Facebook an 2000 op Insta. Mir sinn eng Equipe vu 5 Leit an hunn och scho puer grouss Events iwwert 100 Leit organiséiert, déi en mega Succès waren. An dunn koum Corona…

Mir liewe vu Publicitéit, vu Publireportagë well ech wëll dass de Content vu MADI jidderee kann erreechen, well ech wëll, dass d’Leit sech duerch MADI besser fille baussen a bannen. Dat ass de Message vu MADI, dofir maachen ech dësen Job!

Leider sinn eis am éischte Lockdown vill Werbepartner ofgesprongen, all d’Medie waren dovu betraff. Mir kruten nik all d’Hëllefe well mir jo nik wierklech hunn missen zoumaachen. Konnten ewer nik dat ausübe wat eis Suen erabréngt. Vun Eventer organiséiere guer nik ze schwätzen. D’ Medie krute vum Staat Hëllef, mir leider nik well mir nik grouss genuch sinn an nik genuch fest Journalisten agestallt hunn. Ech hunn mir iwwerluecht Memberskaarte vu MADI ze verkafen an dat huet eis schlussendlech gerett. Mat dëse Memberskaarte kritt ee bei MADI Partner Reduktiounen an ebe gratis Entréeën op MADI Events och wann där 2020 der just 3 waren. Ech gesinn d’MADI Memberskaart ewer och esou, dass een eis ënnerstëtzt, well MADI jo gratis ass.

De Summer ass et rëm super gelaf, mir hate vill Aarbecht a verschidden Artikele si bis zu 20.000 mol ugeklickt ginn.

Friem Leit hunn mech ugeschwat a gesot se géinge MADI liesen, souguer Männer. Ech war immens frou, dass ech no dem schwéieren Ufank an dem Lockdown endlech konnt berouegt sinn…bis dunn den 2. Lockdown koum.

An dat ass en schläichende Lockdown, een dee laang dauert, ee wou een zwar rëm nik muss zoumaachen, een ewer och nik wierklech eppes maache kann an erëm kee gudden Zäitpunkt fir Publireportagen oder iwwerhaapt Reportagen, well fir Reportagë muss ee raus, a wat stellt een vir wann alles zou ass? D’Hëllefe vum Staat treffen erëm nik zou.

Ech weess, dass ganz vill Leit krank sinn an dass jiddereen et schwéier huet mat der Situatioun. Mee nik ze wësse wéi ee säi Loyer ka bezuelen oder nik ze wësse wéini an ob ee rëm eng Paie huet, dat ass dramatesch.

An leider gesi vill Leit dat nik. Independant ze sinn heescht nik automatesch dass ee Reserven huet, dass een op sengem Geld sëtzt. Et ginn och kleng Betriber déi réischt ugefaangen hunn, keng Reserven hunn an alles wat se haten an hunn an hiren Dram gestach hunn, dee grad um zerplatzen ass, an nik well d’Iddi nik gutt ass oder si nik genuch geschafft hunn, mee wéinst Corona. Zu Léck huet eng jonk Coiffeuse sech souguer d’Liewe geholl well si all hir Suen an de Betrib gestach huet a Corona alles zerstéiert huet.

Et ass immens schlëmm wann een sech traut, vill Ängscht duerchsteet, alles wat een huet an en Dram stécht a Corona engem dann alles hëlt.

An da kritt ee vun alle Säite gesot: “Tjo wiers de op denger Platz bliwwen oder Du hues dir et jo selwer gesicht”. Mee wann keen sech méi traut, wéi traureg wier dat dann? An ginn elo wierklech déi bestrooft déi dreemen, sech getraut a gekämpft hunn?

Dofir ënnerstëtzt déi kleng Betriber, nëmmen dir kënnt se retten. An dir mengt vläicht, dass ee mat engem klenge Geste näischt ka bewierken, dat stëmmt ewer nik. Wann der vill e klenge Geste maachen, ass dat eng enorm Hëllef.

Mir haten eng Visioun vun engem Happinessfestival scho lescht Joer, dee konnte mir leider nik realiséieren an dofir wëlle mir am Summer 2021 en risegt Fest organiséieren an dee ganze Schäiss, an ech mengen do si mir all betraff, hannert eis loossen a feieren.

Wann iech MADI gefält a wann dir eis wëllt ënnerstëtzen dann huelt iech eng MADI Memberskaart 2021 fir 25 Euro nach bis zum 15.01. All Kaart zielt. Dir ënnerstëtzt eis, kritt Reduktioune bei eise Partner a kritt en gratis Entréesticket fir op den Happinessfestival.

Digicash op den 691958301 oder Virement op den BCEE Lu87 0019 3603 5762 7000.

Mir hunn an de leschten 2 Joer alles ginn, dovu war ze soen ee Joer Corona a mir sinn ëmmer erëm opgestan a wäerten och weider kämpfen. Mee et wier schued, wann eisen Dram wéinst Corona géing zerplatzen.

Egal wéi, wäert ech et ni bereien mäin Dram realiséiert ze hunn et wéinstens probéiert ze hunn an wäert ëmmer houfreg op dat sinn, wat mir mat MADI erreecht hunn.

Iech all nach en happy new year.

Mady


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply