Wanderlust calls

Dir feelt d’Sonn oder de Schnéi? Du dreems dovu fir endlech op deng Dramdestinatioun ze reesen? Leider ass d’Reesen am Moment méi schwiereg, mee well d’Virfreed jo déi schéinste Freed ass, kanns Du dir jo elo scho Gedanke maache wous Du onbedéngt wëlls hireese wann d’Normalitéit zréckkënnt.

Dofir ass en Reesbong vu Voyages Emile Weber genau dat Richtegt fir dir oder denge Léifsten eng riseg Freed ze maache fir d’Feierdeeg, en Gebuertsdag, ee speziellen Anniversaire oder speziell Geleeënheet. Du schenks hinnen oder dir souzesoen d’Welt. Mat engem Reesbong kanns Du erëm ufänke mat dreeme wat an dëser schwéierer Zäit dach sou wichteg ass.

De Reesbong vu Voyages Emile Weber ass aléisbar op all hire Reese wéi zum Beispill vu LuxairTours All Inclusive Reesen, Dagesreese mam Bus vu Voyages Emile Weber oder souguer op moosgeschneidert Adventure-Reesen, wous Du dir deng Dramrees sou zesummesëtz wéis Du dir se virstells. D’Bonge si fir ee Joer gülteg, kënnen awer jee no Situatioun verlängert ginn. Du kanns  dës Reesbonge ganz einfach online bestellen oder fënns se och an de Reesbüroe vu Voyages Emile Weber.

Huet dech elo d’Reesféiwer gepaakt? Dann géi bis op de Site vu Voyages Emile Weber luussen oder spill mat bei eisem Adventskalenner a gewann ee Reesbong am Wäert vun 250 Euro.

Mady Lutgen mat Voyages Emile Weber


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply