D’Stroos rifft

Bei engem Spadséiergang duerch den Zentrum begéint een ëmmer eng Rei Obdachloser. Meeschtens déi selwecht. Se froe fir Mënz an déi kréien se och riets a lénks. Ma hëlleft een engem Clochard iwwerhaapt wann een engem eppes gëtt? Mir ginn dëser Fro op de Grond.

Zemools am Wanter hunn vill Mënsche Matleed mat deenen, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn. Sou och d’Joanne Buchette wat vu Chrëschtdag nach Bûche iwwreg hat an dës mat deene wollt deelen, déi näischt hunn. „Ech hunn se an de soziale Bistrot ‚le courage‘ zu Bouneweg bruecht, bei den Responsablen Cristian Lopez, hien an seng Equipe hunn se verdeelt“, erzielt Dagesmamm weider. Dem Joanne ass opgefall, dass d’Mënschen op der Platz haaptsächlech Jackette gebrauche kënnen an huet  op Facebook Kleeder gesammelt, déi et nees op Bouneweg gefouert huet.

 

 

Well d’Leit him do un d’Häerz gewuess sinn, huet déi 39-järeg Fra doropshin decidéiert sech als Benevole weider anzesetzen an am Atelier Creamisu mat den Opdachlose kreativ ze schaffen. D’Wierker vun de kreative Käpp kënnt dir ab dësem Freiden an nach bis den 22.Januar an de Rotondes gesinn. D’Ausstellung geet en Freiden um 16 Auer un.

Leschte Sonde fir d’Neijoerschfeier war eng méi lass am Bistrot „le courage“. Verschidde Museker sinn opgetrueden an déi Opdachlos konnte puer schéi Momenter mat anere Musekbegeeschterte verbréngen. Et fält op, dass et wesentlech méi Männer op der Strooss ginn: „Dat leit dorun, dass vill Fraen éischter an onzoumuttbare Situatiounen doheem bleiwe wéi ze goen a mir hunn och nik genuch Ulafstelle fir Fraen. Verschidde Foyers si vu Männer dominéiert, do fille Fraen sech nik wuel“, erkläert de President vun der Caritas Acceuil et Solidarité, Charel Schmit. Sengen Aussoen no muss zu Lëtzebuerg keen op der Strooss schlofen. Um Findel gëtt et de Foyer Wanteraktioun wou 200 Mënschen iwwernuechte kënnen. Se mussen sech just umellen. Ziesse kréien se och op verschiddene Platzen. Wéi vill Mënschen de Moment wierklech op der Strooss liewe kann och de Charel Schmit eis nik beäntwerte well et sech em eng gro Zuel handelt déi stänneg ännert.

Et ginn ewer ëmmer erëm Leit déi et vun der Strooss an ee gereegelt Liewe packen. Fir d’éischt brauch een eng Adress fir sech unzemellen éier een no enger Aarbechtsplaz siche kann. „Et ass oft en Däiwelskrees, eng Aarbecht kritt een nik ouni Adress an eng Adress kritt ee meeschtens och nik ouni Aarbecht. Dofir kucke mir de Leit bei der Ënnerbréngung ze hëllefen“, stellt de Charel Schmit fest.

Op d’Fro ob een de Leit op der Strooss mat Mënz hëlleft, seet de Charel, dass si sech dovu Saache kafen déi si nik wierklech brauchen ewer jiddereen mol sou ee Besoin huet an hien och selwer puer Mënz heiansdo ausdeelt. Eppes wat se ewer sécher gebrauche kënnen, si Wanterjacketten. Also wann dir an ärem Schaaf nach Jacketten huet, déi dir nik méi unditt da loosst eis dat via Facebook oder via Mail op mady@madi.lu wëssen, mir féieren se op d’Platz. Merci jidderengem deen hëllefe wëll.

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

One comment

  1. Flotten artikel??
    Main numm gët ouni “H” geschriewen…Cristian.Lopez
    Merci am viraus.
    L.g
    Cristian.lopez

Leave a Reply