Wat ass mat MADI?

MADI huet duerch Corona ze soen all seng Werbepartner verluer, et sinn iwwer 6 Méint keng Suen erakomm, mir kréien keng Pressehellef well mir ze kleng sinn an a Krisenzäiten ass et naemmer immens schwéier u Sponsoren ze kommen..sou dass ech mir hu missen iwwerleeën wat ech soss nach kéint ubidden. Ech hunn erëm ungefang fir RTL ze schaffen, hunn eng Websäit iwwert Hochzäite mat enger Frëndin gestart, hunn eng Formatioun als Lifecoach gemaach an hu getest ob Retreats a Workshops fir Frae kéinte funktionéieren…

 

Keng Paus wärend 5 Joer, all Sekonn eleng fir de Business gekämpft well opgi koum ni a Fro.

 

“An du war en do de Burnout… d´Ausbrenne vun ze vill ginn, ze vill kämpfen, ze vill staark musse sinn, ze vill People Pleaser sinn, vun Emotiounen nik zouloossen, Trauer nik fille wëllen, Roserei ënnerdrécken, nik no menge Bedürfnisser kucken, keng Hëllef kënnen unhuelen”

 

Et war ee grousst Lach mat just Angscht. Angscht virun der Zukunft, Angscht ze versoen, Angscht niméi aus deem Lach do erauszekommen… Ech hu wärend 8 Méint ze soen nik geschlof an et war keng Freed méi do. Ech hu mech nik mi erkannt, ech sinn normalerweis eng Persoun déi d´Liewe genéisst an d´Liewe gär huet, mee et war näischt mi do.

 

“Dunn wollt ech mir Hëllef sichen, sinn ewer un di falsch Leit geroden a just nach méi wäit a mäi Lach eragefall bis alles kee Sënn mi hat an ech mat Schlofpëllen um Dësch just nach een eenzege Wee gesinn hunn…et gouf ewer schlussendlech eppes wat mech ofgehal huet, d´Hoffnung dass et ewer nach kéint besser goen”

 

Schlussendlech hu mir verschidden Therapië vu méi Leit gehollef an ech wéilt ech wier direkt bei deene gelant. An d´Waardelëschten sinn esou laang bei den Therapeuten a Psychiater…

 

“Sou dass ech mir geduecht hunn et bräicht een eng Websäit wou een alles drop fënnt wat engem hëllefen kann sech besser ze spieren a wou déi déi eppes ubidden an deem Beräich séier kënne fonnt ginn. Dofir hunn ech de Projet vun happy & healthy an d´Liewe geruff”

 

Wat hunn ech an dëser schlëmmer Phase geléiert?

Seng eege Bedürfnisser sinn ëmmer di wichtegst. Och wann ee 15 Joer Therapie gemaach huet an ausgebilten Life Coach ass, kann nach ëmmer eppes komme wat dech ëmhat. Trauer ze verschaffen ass wichteg. Pause maachen ass essenziell. Onangeneem Gefiller wëllen gefillt ginn. Nik all deng Frënn si wierklech deng Frënn. Grenze setzen. Vertrauen an d´Liewen an a mech selwer ze entwéckelen. No Hëllef froen a se unhuelen. Heiansdo hëlleft eppes wats de ni gemengt has, dass dat kéint hëllefen. An dofir ass dee Projet mir esou wichteg!

 

 

Wat fënnt een op www.happyandhealthy.lu?

Op der Säit ginn et verschidde Kategorië fir de Mënsch:

Natur: Hei fënnt een alles wat Kraider ugeet, Wanderungen…

Movement: Hei fënnt een alles wéi Yoga, Thaichi, Danz…

Therapies: Hei fënnt ee verschidden Therapien wéi Hypnose, Aromatherapy, EMDR…

Relaxation: Hei fënnt een alles wat Schlof ugeet, Massagen, Otemtechniken, Meditatioun…

Energies: Hei fënnt een alles wat d´Energien ugeet wéi Reiki, Chakrahealing…

Coaching: Hei fënnt ee verschidde Coachen wéi Life Coach, Sex Coach, Bezéiungs Coach…

Locations: Hei fënnt een d´Locations déi Workshopen oder Retreats oder Couren ubidden..oder och Wellnesschalets…

Nutrition: Hei fënnt een alles ronderëm d´Ernärung wéi Detox, Ayurveda…

 

An fir d`Déieren:

Nutrition: Hei fënnt een alles ronderëm d´Ernärung…

Movement: Hei fënnt een alles ronderëm d´Beweegung wéi en Osteopath fir Déieren

Behavior: Hei fënnt een Hondstrainer, Paerdstrainer…

Um Site wäerten mir och nach Artikelen, Podcasts an Events am Agenda ronderëm Happiness a Gesondheet publizéieren.

 

Mäi Crowdfunding leeft nach bis den 22. 06-24. Ouni är finanziell Hëllef kann ech d´Säit www.happyandhealthy.lu nik starten. Dofir wann dir d´Iddi gutt fannt an ee Business huet deen an eng vun de Kategorië passt, da schreift iech um Site an, et gi speziell Präisser a Packages wärend dem Crowdfunding an dir gidd esou méi séier fonnt.

A wann dir de Projet einfach esou ënnerstëtzen wëllt, dann huelt iech eng Memberskaart.

Ech freeën mech op all Ënnerstëtzung, fir dass mir all méi frou a méi gesond ginn.

Hei ass de Link vum Crowdfunding. 

https://www.indiegogo.com/projects/happy-healthy-a-happier-and-healthier-you#/

 

PS: Mir geet et erëm gutt an ech sinn a menger voller Energie a Liewensfreed.

Mady


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply