Curvy a sexy

Wann d’Kleedung an d’Accessoiren zu engem passen, da gesäit een automatesch gutt aus. Et fillt een sech wuel a senger Haut an dat straalt een och aus. Vill Fraen dinn sech schwéier domat, sech gutt ze kleeden. Dachs läit et un der feelender Zäit, sech mat sech selwer ze beschäftegen. Oder et fënnt een sech selwer nik wäertvoll genuch, fir no sech ze kucken. Vläicht huet een och einfach nik den Don fir ze gesinn, wat engem geet a wat nik.

Mir ginn iech en puer Tipps, wéi dir är kierperlech Virzich an Zeen setze kënnt an, och mat en puer Kilo méi, schéin kënnt ausgesinn. Leider ginn et nik vill Butteker, déi modern Kleedung fir méi ronn Fraen ubidden.  Mee mat dëse Basis-Rotschléi kriss du e Bléck dofir, wat zu dir passt an da gëtt d’Shoppe sécher och méi einfach. Wann s du näischt an den Geschäfter fënns, dann ass den Online-Shopping vläicht éischter eppes fir dech. Bestell dir deng Kleeder an verschiddene Gréissten, probéier einfach mol aus an alles, wat nik gutt ass, schécks du einfach zréck. Mir gefält dat, well ech sou doheem a Rou alles uprobéiere kann, ouni eng nerveg Vendeuse, déi dauernd froe kënnt, wéi et sëtzt.

All Fra ass anescht gebaut an dofir solle mir eis och nik matenee vergläichen. Beim Undoen ass et dofir wichteg, sech nik just op eng Partie vu sengem Kierper ze beschränken , mee d’Gesamtbild ze kucken. Och korpulent Frae kënnen undi wat se wëllen, se musse just op en puer „No-gos“ oppassen.

Grouss Brëscht

Bei enger grousser Broscht soll een op V-Ausschnëtter setzen. Domat zitt een de Bléck op den Ausschnëtt an dat lenkt vu Plazen of, mat deenen ee vläicht nik sou zefridden ass. Op en Rollkoll-Pullover sollt ee verzichten, wann ee vill Broscht huet, well dat dréit just nach méi op.

Breet Schëlleren, déck Ärem

Neckholder-Kleeder oder T-Shirte betoune breet Schëlleren an déck Ärem just nach méi. Och Toppen ouni Ärem oder mat schmuele Bretellen si just eppes fir Frae mat schmuele Schëlleren. Puffärem loossen déck Ärem méi schmuel ausgesinn. Bei méi schicke Kleeder ass e Schal em d’Schëlleren e gudden Tipp, dëse verstoppt breet Schëlleren.

Bauch

Wäit Toppe verstoppen de Bauch. Awer och Tunique mat Straffungen am Broschtberäich lenke vun engem klenge Bauch of. An dësem Fall sollt awer genuch Broscht do sinn. Grouss Rimmer an der Taille kënnen e Bauch och verstoppen. Hei sinn d’Hëften dann allerdéngs besser ze gesinn, an deem Fall sollt d’Fra zu hire Kurve stoen.

Kräfteg Been

Wäit Räck a Kleeder kënne kräfteg Uewerschenkele strecken. Bei de Räck a Juppe muss ee just  oppassen, dass se hannen nik méi héich si wéi vir. Ze vill Rüschen an Tüll léisst een nach méi breet ausgesinn. 7/8-Boxe si fir Frae mat breede Been ideal.

Schong

Spatz Schong verlängeren d’Been. Mat engem héijen Tallong wierkt all Fra méi elegant, et muss een awer an de Schong goe kënnen. Bei Outfits, wou een d’Féiss gesäit, sinn High Heels definitiv dee beschte Choix.

Schmuck, Schmuck, Schmuck

Grousse Schmuck lenkt vu klenge Makel of. Grouss Ouerréng, Statement-Ketten a riseg Bracelete gehéieren an d’Schmuckkëscht vun all Plussize-Fra. Awer och grouss Poschen, breet Rimmer an Hitt schmeechele ronne Fraen.

An elo sexy Ladies probéiert alles aus an gitt iech eraus weisen! YAYYYYYYYY!!!!!!

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply