Ech-Zäit

Am Alldag ass et schwéier Zäit fir sech ze fannen. Arbecht, Kanner, Famill. Alles ass ëmmer méi wichteg wéi d’Zäit fir sech. A wann een da mol Zäit huet, da steet de Wellness fir d’Haut meeschtens nach u leschter Plaz. Ma elo huet dir endlech mol Zäit fir no ärer Haut ze kucken. 

Ech ginn et zou, ech priedegen ëmmer vu Selfcare, mee och fir mech ass et schwéier mech selwer als Prioritéit ze gesinn. Dofir hunn ech mech immens gefreet wéi d’Martine Comes vun der Maison de Beauté vun Ettelbréck mech virun en puer Wochen op een Wellnessnomëtten invitéiert huet, wou just meng Haut a mäin Wuelbefannen am Mëttelpunkt stoungen.

Direkt scho beim Erakommen an den Institut fillen ech mech wuel. Den Doft an der Loft rifft schonn no Entspanung. Nodeems Martine mäin Hautbild analyséiert huet a mir iwwert déi vill méiglech Traitementer geschwat hunn, huet hatt mir ugebueden de soin de visage „anti-stress“ auszeprobéieren. Sou eng Fleeg kéint ech lo gutt gebrauchen, mengt Martine, well mäin Teint ass fad a meng Haut fillt sech pigmenteg un, deelweis zitt se an dann ass se ewer och plazeweis fetteg.

Eis Haut ass ee Spigelbild vun eis selwer, se weist eis wéi et eis geet!

An sou weist sech Stress och op der Haut. Ëmsou wichteg ass et wärend de Wanterméint eng uerdentlech Portioun Fleeg senger Haut ze gutt komme loossen an eppes fir säi Selbstwäertgefill ze maachen. An do kann ech him nëmmen zoustëmmen. Ech huele mir nik genuch Zäit fir no menger Haut uerdentlech ze kucken. Mee ech mengen dat geet eis all sou oder?

Beim soin de visage gëtt Haut propper gemaach an dono kréien ech eng Gesiichtsmassage.  D’Massage reegt d’Bluttzirkulatioun un an dee frëschen Doft vum Ueleg bréngt een un d’Dreemen. Endlech kann ech mol ofschalten a kann den Alldag fir en puer Minutte vergiessen. Nodeems de Mask opgedroen ass, spieren ech richteg wéi gutt dëse Soin mengem Gesiicht deet.

No der Mask kritt meng Haut dat wat se brauch, vill Fiichtegkeet. “Mir hunn och nach en Ueleg fir deng Haut benotzt, fir déi rout Plazen”, erkläert d’Martine. Effektiv hunn ech heiansdo mat roude Plazen ze kämpfen.  Ech erkenne meng Haut no dëser Fleeg nik méi erëm, sou stralend ass se. Nik nëmmen ech si vill méi entspaant mee och meng Haut seet Merci.

Well ech erëm op den nächste Rv muss, schminkt d’Martine mech nach ganz natierlech. Ech verloossen d’Maison de beauté stralend, erholl an an engem neien natierleche Look. Wann d’Haut straalt, brauch een nämlech nik vill Make-up.

Éier ech schonn erëm an der Hetz sinn, froen ech d’Martine ewer nach wéi eng Produiten dass hatt beim Soin benotzt huet, well ech si begeeschtert dovun. D’Marque mat där si schaffen ass Comfort Zone an d’Gamm heescht Skin Regimen. Dës ass extra ausgeschafft fir Fraen déi a Stied liewen oder ebe keng Zäit hunn laang a breet Soinen ze maachen. D’Produkter beinhalten nëmmen Ingredienten aus der Natur, ginn nik un Déiere getest, si ganz liicht unzewenden an et mierkt een zimmlech séier dass d’Haut dono straalt.

Wéi gesot, ech hunn och keng Zäit fir vill no menger Haut ze kucken, ech krut d’Produkter vum Martine mat heem fir ze testen an ech muss soen, meng Haut ass zanter dem vill besser, ech sinn zwar nach oft vill gestresst, mee hunn eng schéi stralend Haut. Ech kann nëmme jidderengem sou en Soin Skin Regimen un d’Häerz leeën, dir an är Haut wäert iech dono besser fillen!

Dir kënnt dëse Soin lo ganz einfach bei iech doheem ausprobéiere well d’Produite kritt dir hei se ginn direkt bei iech heem geliwwert. Ditt iech wärend dëser Zäit dach mol eppes Guddes.

Mady Lutgen

Fotoen: Taran Shadman


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply