Feel Good

Wéini fills du dech gutt? Wat brauchs du dofir? Mir hunn eis zu dësem Thema Gedanke gemaach an een Event am Hotel Dahm zu Ierpeldeng bei Ettelbréck dozou organiséiert. Een Owend voller Iwwerraschungen an Entdeckungen, deen et esou zu Lëtzebuerg nach ni gouf !

Wann een sech wuel a senger Haut spiert, fillt een sech automatesch gutt. D’Haut spillt also eng grouss Roll fir eist d’Wuelbefannen. D’ Matine Comes vum Institut Maison de beauté vun Ettelbréck, leet dofir ganz vill Wäert op d’Haut. Hatt bitt effikass Soinen un, déi d’Haut fleegen an erstrale loossen. Ma virun allem geet et em d’Gesondheet vun der Haut mat all senge Facetten. Nëmme wann d’Haut gesond ass, fillt een sech gutt an et straalt een, dat huet hatt op sengem Stand gewisen.
Am beschte straalt d’Haut natierlech wann se keng Dellen oder Sträifen huet. Dofir huet d’Pascale Meier vun Inshape seng Crèmë vu Juchheim presentéiert an d’Leit konnten se direkt testen. Dës Produkter suergen nämlech fir en “WOW” Effekt, well een no en puer Stonnen oder deemno wéi souguer no puer Minutte schonn en Resultat gesäit.

Mir strale réischt sou richteg, wann mir entspaant sinn. D’Tania Plune huet dofir 15 Minutte Massagen ugebueden, fir dass d’Basis fir sech gutt ze fillen do ass.

Ma mir spieren eis nach besser wa mir eis och nach schéi fillen. A wat léist eis nach méi schéin ausgesinn, wéi mer sou scho sinn ? Jo genau, Schmink a Schmock ! D’Make-up Artistin Tania Davelli huet d’Ladys mat engem liichte Make-up verzaubert an hier Schéinheet sou nach méi zur Geltung bruecht. Fir déi Dammen, déi gär en Statement mat engem Lëppestëft setze wollten, ware bei Nuskin genau richteg. Bei hirer Powerlips Kollektioun huet all Damm hire passende Faarftoun fonnt, an dat Bescht ass, dëse matte Lëppestëft hält wierklech éiweg…

Schmock ënnersträicht eis Schéinheet nach méi. D’Angela vu Stone Balance huet seng eege Kreatiounen aus Edelsteng ausgestallt an erkläert, wéi eng Wierkung an Heelung verschidde Steng op eis hunn. An sengem Atelier kann hatt Unikater hierstellen an op ganz perséinlech Wënsch agoen. Konplott and Friends vun Ettelbréck hunn hier nei Kollektioune gewisen. Hier Klassiker waren natierlech och mat dobäi. Näischt bréngt eis sou zum Strale wéi d’Kristaller vu Konplott an eng flott Mutz vun Hootli.

Sech gutt fillen, heescht ewer nik nëmme schéin ze sinn. Sech gutt fille geet och duerch de Mo. De Stärekach KimKevin de Dood huet zesumme mat der Hotelschoul gewissen, wat et fir si heescht sech gutt ze fille matt gesonden a ganz exquisieten Häppecher.

Frou ze sinn huet ewer nik nëmmen eppes mam Äusseren ze dinn, ganz am Géigendeel. D’Gefiller, eis Emotioune ginn oft vergies. Mir hunn et verléiert no bannen ze kucken.

Fir iwwerhaapt mol Emotiounen zouzeloossen a komplett bei sech ze sinn, ass Meditatioun eng effikass Praxis. Beim Workshop huet de Grupp Meditation Zen gewisen , dass mir all ganz einfach meditéiere kënnen.

Och d’Sophrologie beinhalt Technike vun der Meditatioun. D’Noémie Riefolo vun Hêtre huet an zwou Seancë gewisen, wéi ee mat verschiddenen Übungen sech selwer berouege kann a méi bei sech ka sinn. Dës Method hëlleft bei Kierperlechen a Séilesche Problemer. Mir fillen eis oft nik gutt wann Traumaen nik verschafft sinn oder mir duerch verschidde Saachen déi mir erlieft hunn, blockéiert sinn. An dësem Fall kann d’Judith Teusch-Schmit vum Institut Luxembourgeois d’Hypnose Humaniste hëllefen. Um Event huet hat erkläert wéi d’Hypnose Humaniste fonctionnéiert an huet och eng Trance mat engem Grupp ausgeüübt. Dës Form vun der Hypnose schafft am Iwwerbewosstsinn. Problemer ginn a Symboler ëmgewandelt an dono an der Matrix geläscht. Dass ëmmer méi Mënschen sech fir Methoden interesséieren, déi eis vu banne gutt fille loossen, hunn mir deen Owend gesinn, well all Workshop war strubbelvoll besat.

Wann dat baussen an dat banne schéi sinn, da fille mir eis gutt. Ma och dat ronderëm eis spillt eng grouss Roll. Fir déi wonnerschéin Dekoratioun a Blumme vum Owend hunn Countryboutique an Arte Viva gesuergt an engem moderne Kader vum Restaurant vum Hotel Dahm.

Fir ofzeschléissen an all déi eenzegaarteg Momenter vun dësem aussergewéinlechen Owend festzehalen, krut jiddereen nach en Goodiebag mat heem wou all eis Partner vun dem Owend Geschenker dra geluecht hunn, och de Päiperleksgaart vu Gréivenmaacher.

Mir hunn eis deen Owend op alle Fall gutt gefillt an hoffen dir och? Wann dir virwëtzeg sidd op eis Eventer, da luusst beim nächsten eran, de 24.10 am BoConcept zu Bartreng.

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply