Klenge Spaassmobil

Zanter 1999 baut déi spuenesch Duechterfirma vu Volkswagen, Seat, hire Leon, an huet säithier iwwer zwou Milliounen Exemplare verkaf. 2020 war et dunn Zäit fir en neie Facelift an domat déi véiert Generatioun vum beléifte Kompaktwon. Genau wéi de Golf, dee mir iech viru kuerzem virgestallt hunn, gouf och de Spuenier komplett ronderneiert. Bühn fräi also fir den neie Seat Leon, dee vun eiser Lieserin Diane Kuffer a sengen zwee  Bouwen wärend engem Weekend ausprobéiert gouf.

Den neien Design vum Leon ass schwongvoll a sportlech, an eisen Testauto huet eng wonnerschéin donkelrout Faarf.

Eng éischt Iwwerraschung erwaart d’Diane scho, wéi hatt den Auto opmécht. Obschonns e vu baussen éischter relativ kleng wierkt, huet ee bannen erstaunlech vill Platz.

De Spuenier huet eng grouss Mall, an där sech dem Diane seng zwee Bouwen et mol direkt gemittlech maachen fir ze kucke wat alles erapasst. An tatsächlech fëllen si de Raum zu zwee bei wäitem net aus. Akeef, awer och Valise kritt een hei also super ënnerbruecht. Nodeems d’Kanner dunn uerdnungsgemäss a sécher op der Réckbänk verstaut sinn fält dem Diane och déi geraimeg Beenfräiheet op, déi fir hatt e grousse Plus ass. Wann een als Famill emol méi wäit fuere muss ass heimat Confort garantéiert.

Ganz änlech wéi beim Golf hunn d’Designer vum neie Seat Leon am Cockpit wäitgoend op Knäppercher verzicht. Amplaatz also ëmmer nom richtege Knäppchen ze siche léisst sech alles ganz bequem iwwert e groussen Touchscreen reegelen, deen alles vu Luute bis Klima steiert.

Ganz nei ass och, dass den Ecran zousätzlech op Gesten a Sproochbefeeler reagéiert. Wien dat intimidéierend fënnt brauch sech laut dem Diane awer keng Suergen ze maachen, well déi frëndlech Mataarbechter vum Garage Losch Bereldange hire Clienten mat enger Aweisung an de System zur Säit stinn, no där alles ganz einfach ze bedéngen ass.

Och beim Thema Sécherheet ass de kompakte Seat gutt gerüst. Den Auto ass voll equipéiert mat Optiounen an Assistenzsystemer, ewéi zum Beispill dem Bremsassistent an dem Spurhalteassistent. Och iwwerhuele kann den neie Leon selbststänneg: wann d’Strooss fräi ass muss de Fuerer dofir just de Winker umaachen an den entspriechende Befeel ginn. Och Warnsignaler am Beräich vum doudege Wénkel hëllefen, de Sécherheetsfaktor vum Gefiirt ze erhéijen. Esou kann een also ganz entspaant duerch d’Welt düsen.

Dem Diane säi Fazit:

Den neie Seat Leon ass e sportleche Flitzer, mat deem et Spaass mécht ze fueren. U verschidden technesch Spillereien wéi zum Beispill de Spurhalteassistent muss een sech zwar am Ufank gewinnen, mee insgesamt hält den Auto wat en op den éischte Bléck versprécht: e klenge roude Spaassmobil!

Wien elo méi vum neie Seat Leon wësse wëll, dee ka beim Garage Losch zu Bereldange eraluussen a sech bei enger Testfaart säin eegent Bild maachen. De Präis fir den neie Leon start ab 19.930 € an den Auto aus eisem Test kritt Dir fir ronn 30.000 €.

Text a Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply