Popqueens Date

En Freiden dréint sech alles em d’Fra. Mir feieren dann nämlech de Weltfraendag. An genau dësen Dag hunn sech déi Responsabel vum Prabbeli vu Wolz erausgesicht fir en spezielle Concertsowend ze organiséieren. De Brandbau, en komplett renovéierte Concertssall, bitt eng perfekt Kuliss fir deen Owend: „An eiser Serie `Brandbau Salon`, probéiere mir en gemittleche Kader ze schafen, mat heemlecher Ambiance a puer Käerzen,“ erzielt de Marc Scheer, Programmkoordinator vum vum Centre Culturel Prabbeli. An wéi soll et och anescht sinn, trieden en Freiden natierlech zwou Fraen op. D’Claudine Muno an d’Norwegerin Hanne Hukkelberg.

Zu der Schrëftstellerin, Komponistin a Musekerin Claudine Muno brauch ee bal näischt méi ze soen. Hat huet mat senge Bands „Claudine Muno and The Luna Boots“ oder “Monophona” schon all d’Concertsbühnen zu Lëtzebuerg an och am Ausland gesinn. Mat senger Engelsstëmm passt hat perfekt an deen Owend voller Ambiance a wäert seng Solostécker zum beschte ginn.

Ma och d’Hanne Hukkelberg huet Stëmmlech gesinn eppes vun enger Elf. Hat ass bekannt dofir, dass et vill verschidden Instrumenter spillt an d’Geräischer aus der Natur a senger Musek mat verschafft. Fir hat besteet Musek aus Biller, déi et sengem Public duerch seng Stëmm an Instrumenter wëll vermëttelen. Fir säin Talent krut hatt iwwregens och schonn en norwegesche Grammy iwwerreecht a soll souguer dem Björk musikalesch wäit viraus sinn.

De Marc reest vill ronderëm fir déi Kënschtler ze fannen, déi an d’Programmatioun vum Brandbau passen:

Mir kucke mat eisem Programm Leit aus der ganzer Groussregioun unzezéien, well hei am Eck gëtt et soss an där Aart net vill. An de Brandbau passen ëm déi 120 Leit am stoen eran. Dat ass genau déi richtegt Gréisst fir musikalesch Highlights“

An zu engem musikaleschem Highlight zielt sécherlech och d’Women’s Day Session. Diere ginn um 20 Auer op an Tickete kënnt dir iech hei sécheren.

 

Fir dëse speziellen Owend verspillt MADI mam Prabelli an dem Hotel-Restaurant „Beim Schlass“ zesummen eng Koppel Tickete plus en Iessen am „Beim Schlass“. All weider Informatiounen zum Gewënnspill fannt dir op der MADI-Facebook-Säit.

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply